Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Lëtzebuerg op der Frankfurter Buchmesse
    Mat 37 Publikatiounen am Genre vun der Belletristik, Sachbuch, a Kannerbuch an 10 Verleeg ass Lëtzebuerg dëst Joer op der Frankfurter Buchmesse, der gréisster Bicherfoire vun der Welt, vertrueden. Vum 19. bis den 24. Oktober kann een dann an der Hal 3.1 de Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller begéinen an hier Bicher entdecken. D'Frankfurter Buchmesse ass awer virun allem eng Foire fir den Echange tëschent de Fachleit. A wat do dëst Joer passéiert huet d'Valerija Berdi gëschter an eiser Emissioun Kultur um 5 bei den zwou Coordinatricen vu KulturLX, der Valérie Quilez an Diane Tobes nogefrot.
    4 min
  • Verléift an de Jacques Brel
    Virun zwou Wochen huet déi däitsch-lëtzebuergesch Sängerin Adrienne Haan nach zu New York bei de Vereenten Natioune gesongen, am Hierscht kënnt si mat véier ganz verschiddene Programmer op Lëtzebuerg. Gëschter an eiser Emissioun "Kultur um 5" huet si erzielt, wéi si hir Virléift fir d'Musek vum Kurt Weill entdeckt a firwat si sech mat 14 an de Jacques Brel verléift huet.
    2 min
  • CinEast-Foto-Expo "Communities"
    Bis den 23. Oktober ass de 15. CinEast-Filmfestival, déi Kéier stinn d'Communautéiten als Theema am Mëttelpunkt. Esou och bei der CinEast-Foto-Expo am Kräizgank vun Neimënster. Ze gesinn: aus Tschechien impressionant Gruppe-Fotoen a schwaarzwäiss; Teenager, déi sech an Ungarn an hirer Fräizäit an engem Militärcamp strize loossen; plus de communautairen Zesummenhalt an der Ukraine an a Wäissrussland. D'Projete sélectionéiert huet di polnesch Foto-Curatrice Marta Szymanska.
    4 min
  • En Äerdbiewenen-Erliefnis am Musée zu Lissabon
    À Lisbonne un espace de dix salles raconte l'histoire du tremblement de terre qui a détruit Lisbonne le premier novembre 1755. Le quake n'est pas un simple musée. Il joue la carte de l'interactif et des effets spéciaux. Installé dans le quartier historique de Belém, à l'ouest de la capitale portugaise, le quake, ce qui veut dire séisme en anglais, est ludique et informatif. Il comble un vide concernant un épisode dramatique de l'histoire portugaise qui est encore aujourd'hui un traumatisme collectif.
    Notre reporter Marie-line Darcy a visité le quake.
    4 min
  • D'Wuert "Wuert"
    Wësst Dir, wéi vill Wierder mir esou an engem Dag ausschwätzen? A stëmmt et wierklech, datt d'Frae méi ze soen hunn, wéi d'Männer? An ass et richteg, wann an der Bibel steet: Am Ufank war d'Wuert? A wou kënnt d'Wuert "Wuert" iwwerhaapt hier? Dëst a villes méi verréit de Jean Portante a senger neier Rubrik: "D'Wuert vun der Woch", déi hien elo all Mëttwoch an eiser Emissioun Kultur um 5 presentéiert.
    7 min
  • Beim Maale Gars ass alles nei
    De leschte Freideg huet den Thomas Roland, dee Mann, dee Museksfrënn hei zu Lëtzebuerg als Maale Gars kennen, seng nei Single "Alles Nei" erausbruecht. Et geet ëm d'Schwieregkeete vun Neiufäng an d'Musek als Kommentar zum Liewen. De Museker erkläert dem Marc Clement, wou säi Projet drun ass, a wourop hie Loscht huet an nächster Zäit.
    4 min
  • Musikalesch Begéinungen
    Gëschter huet de Festival CinEast ugefaangen, deen awer net just Filmer ze bidden huet, mee och Musek. Haut fënnt am Melusina deen éischte vu sechs Concerte statt, mat der tschechescher Grupp Mydy, déi an hirer Heemecht déi grouss Hale fëllt.
    An deem Kader huet eis de Festivaldirekter Radek Lipka an eiser Emissioun Kultur um 5 gezielt, firwat et fir hien interessant ass, Film a Musek mateneen ze verbannen.
    3 min
  • De Salon vun der Helen Buchholtz
    Op Initiativ vum Pianist Claude Weber leeft bis den 22. Dezember am Escher Bridderhaus de Projet "De Salon vun der Helen Buchholtz". D'Escherin Helen Buchholtz, gebuer 1877, gestuerwen 1953, war eng talentéiert Musekerin a Komponistin; als Fra gouf si zu Liefzäiten awer dofir ni unerkannt. De Claude Weber beschäftegt sech zanter Joerzéngte mat hirem Ierwen an huet elo ganz ënnerschiddlech Kënschtler a säi fiktive Salon invitéiert, fir eng Epoche, eng Inspiratiounsquell nei opliewen ze loossen. Natierlech och fir e Public. De Claude Weber am Gespréich mam Kerstin Thalau
    4 min
  • Genialitéit a Goût
    Haut (6.10.) um 13 Auer gi mer gewuer, wien den Nobelpräis an der Literatur dëst Joer iwwerreecht kritt. Keen Nobelpräis gëtt esou vill diskutéiert a mediatiséiert, wéi dee vun der Literatur. Skandaler an der Akademie, Gewënner, déi ëmstridde sinn. Am Fong geholl soll just de literaresche Wäert a Betruecht geholl ginn, de Motto vun der Akademie sollt sinn: Genialitéit a Goût. Et ginn awer elo scho Stëmmen haart, déi fuerderen, datt de Präis misst an d'Ukrain goen. Wéi eng ukrainesch Autor:inne kënne mir dann, huet d'Valerija Berdi gëschter an der Emissioun Kultur um 5 gefrot.
    2 min
  • Backseller RadiOdyssee #Hit the road
    Wien op d'Rees geet, huet eppes ze erzielen? De leschte Sonndeg sollt Rentrée fir eis Erzielkonschtemissioun RadiOdyssee sinn; an zwar zum Theema Reesen. Mee eis Erzielkënschtlerinne Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer ware kuerzfristeg fir eng Kënschtlerresidenz zu Klierf selektionéiert ginn. Also huet d'Kerstin Thalau d'Been an de Grapp geholl an ass dorobber gereest. Um Enn hunn déi dräi dann awer eng richteg RadiOdyssee erlieft. Hei e kuerze Bilan
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners