Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Op Spuenesch kléngt et besser
    D'Elena Nieto kënnt vu Madrid, séngt op Spuenesch an Englesch, an ass e grousse Fan vum Rock a Pop aus den 90er, vu Weezer bis Pavement. Hiren zweeten Album "Duplo" stellt si den Owend mat hirer Band Yawners am Gudde Wëllen vir. An eiser Emissioun Kultur um 5 huet si eis e bëssen iwwer déi ganz lieweg Musekszeen vu Madrid gezielt.
    2 min
  • Buchkritik: Guy Helminger - "Die schwere Naht der Flüsse"
    Reesliteratur ass zanter bal zwee Joerzéngte Bestanddeel vum Guy Helminger sengem Schreiwen. Kënschtlerresidenzen a soss Invitatiounen op Liesungen an Indien, Iran, Jemen oder Südafrika huet den Auteur zum Ulass geholl fir seng Andréck festzehalen a se a Buchform oder op Internet-Bloggen ze verëffentlechen.
    Seng lescht Publikatioun, "Die schwere Naht der Flüsse" (Capybarabooks), ass de Compte-rendu vum Guy Helminger sengem Brasilien-Openthalt am Abrëll 2019. De Michel Delage huet d'Buch gelies.
    4 min
  • Folk against the Machine
    De Woody Guthrie war ee vun den éischte Protestsänger, hien huet sech géint Faschiste gewiert an deenen einfache Leit eng Stëmm ginn. An eiser Emissioun Kultur um 5 huet d'Claudine Muno aus Ulass vu sengem 55. Doudesdag den amerikanesche Museker am Gespréich mam Pit Walté  virgestallt.
    3 min
  • D'Justine Blau iwwer d'Expo Re-retour de Babel
    Bis den eeleften Dezember presentéieren di zwee Konschtzentre vun der Stad Diddeleng, also d'Galerien Dominique Lang an Nei Liicht, d'Expo "Re-retour de Babel". 15 Joer sinn zanter dem Virgänger, d'Expo "Retour de Babel", vergaangen, elo hunn di plastesch Kënschtlerin Justine Blau, de Fotograf Andres Lejona plus d'Erzielkënschtlerin Luisa Bevilacqua weider Kënschtler an Témoine gesicht, déi zum Theema "Migratioun" a "Seng Plaz am Frieme fannen" interessant Aussoe maachen. Den Yves Stephany an d'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Justine Blau.
    7 min
  • Eng nei Kontrovers ëm e grousse Klassiker
    Den Neil Young ass bekannt als Artist mat Iwwerzeegungen a grad dowéinst koum et de leschte Weekend zu enger klenger Meenungsverschiddenheet mat sengem Musekerkolleeg Beck. Deen hat nämlech d'Iddi, dem Young säi Klassiker "Old Man" nei anzespillen, ausgerechent fir eng Reklamm fir e Football-Spill um  amerikanesche Fernsee. D'Claudine Muno an den Yves Stephany hunn an der Emissioun Kultur um 5 iwwer de Virfall diskutéiert.
    3 min
  • E klengt "Prachttier" ze Lëtzebuerg
    Hien ass de jéngste Laureat vum International Booker-Prize. Och den éischte Hollänner, deen dëse Präis gewonnen huet. Elo ass de Marieke Lucas Rijneveld säin zweete Roman, deen op däitsch ënner dem Titel "Mein kleines Prachttier" am Suhrkamp-Verlag erauskomm. An dësem Roman erzielt  Rijneveld eng pedophil Relatioun, awer aus der Siicht vum Täter. D'Valerija Berdi huet mam Marieke Lucas Rijneveld geschwat, dee Gaascht am Institut Pierre Werner war.
    3 min
  • Beth Orton - Weather Alive
    "Ech sinn als Collaboratrice bekannt an ech si gutt dran. Mee heiansdo verstoppt et mëch och." Esou d'Musikerin am Pressetext zu hirer mëttlerweil 8. Studioplack. Verstoppt bleift d'Beth Orton an deser Plack sëcher net, mee verschidde Schleier gehéieren zum gudden Toun. Dee stiert si hei op kengem Stéck a signéiert eng bescheiden an dach zu 100% maitriséiert Plack, an dat ass eppes Seltenes.
    4 min
  • Jo, scho bal en Diamant an der Escher Konschthal
    Eng vun de gemeinsamen Aktiounen tëscht den zwou Kulturhaaptstied Esch 2022 a Kaunas? Si échangéiere Kënschtler. De Filip Markiewicz ass deemno vun der Escher Konschthal a Litaue geschéckt ginn, Litauen huet ee vun hire bekannste Kënschtler a Filmemaacher, den Deimantas Narkevicius, an de Fliger op Lëtzebuerg gesat. D'Rekonstruktioun vun der Geschicht, d'Weidergi vu Mémoire, de bizarren Ëmgang mat Monumenter sinn dem Narkevicius seng Thematiken, déi hien a senge Filmer op eng intelligent, déifgrënneg, an technesch och villschichteg, Manéier montéiert. Dat zanter Mëtt der 1990eger, zum Deel och fir di sowjetesch Vergaangenheet anescht konstruktiv ze verschaffen. Ass dat mat Konscht méiglech?
    3 min
  • Belsch-Italienesche Musekstinder
    Véier Museker aus der Belsch an eng Sängerin mat italienesche Wuerzelen: zesummen ergëtt dat Ada Oda, eng jonk Band, déi sech haut den Owend am Gudde Wëllen dem lëtzebuergesche Publikum virstellt. Mir hunn si gëschter an eiser Emissioun "Kultur um 5" e bësse besser kennegeléiert, respektiv huet de Gittarist César Laloux erzielt, wéi hien seng musikalesch Partnerin Victoria Barracato kennegeléiert huet.
    5 min
  • Hommage un eng Jazz-Legend
    Dëse Weekend ass am Alter vun 81 Joer mam Pharoah Sanders ee vun de Begrënner vum Free Jazz an Ethno Jazz verstuerwen. Grond genuch fir gëschter an eiser Emissioun "Kultur um 5" seng Carrière nach eemol Revue passéieren ze loossen. D'Claudine  Muno huet mam Marc Clement iwwer den iwwerraschende Comeback geschwat, deen der Jazz-Legend 2021 nach eemol gelonge war.
    2 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners