Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Neies am Kinneksbond zu Mamer
    Och wann d'Pandemie am Moment net esou aktuell ass a kulturell Veranstaltunge kenge Restriktiounen ausgesat sinn, kann een net maachen, wéi wann näischt gewiescht wier. Aner Aktualitéiten an Entwécklunge mussen och kulturell a betruecht gezu ginn, an deem wëllt den Direkter vum Mamer Kinneksbond mat der neier Saison a sengem Kulturhaus Rechnung droen.
    Mat enger ganz villfälteger Programmatioun soll dat gefeiert ginn, wat eis verbënnt, eis Mënschlechkeet an de Besoin no Geschichten, ganz egal, ob se gesongen, erzielt oder gedanzt sinn.
    De Jérôme Konen am Gespréich mam Valerija Berdi
    3 min
  • Filmkritik: "Speak No Evil"
    An dësem psychologeschen Horrorfilm aus Dänemark léisst sech eng naiv dänesch Koppel op d'Invitatioun vun enger hollännescher Famill an. Nei am Kino
    Eng Kritik vum Michel Delage
    3 min
  • Ass Metal Musek?
    Musek héiert een, mee lauschtert een tatsächlech och ëmmer esou richteg no? Metal ass net nëmme Musek, mee et ass eng Musek, déi een net kann einfach esou laanscht sech lafe loossen, si fuerdert eis Opmierksamkeet. Firwat dat eng gutt Saach ass, där Fro ass d'Claudine Muno gëschter an eiser Emissioun "Kultur um 5" op de Grond gaangen.
    3 min
  • School of Rock
    Gëschter hunn d'Schülerinnen an d'Schüler vum Fondamental erëm méi fréi mussen aus dem Bett sprangen. Et war Rentrée - Grond genuch fir eis Emissioun Kultur um 5 sech mol unzelauschtere wéi et kléngt, wa Schoul a Popmusek sech op eng onerwaarte Manéier begéinen.
    D'Claudine Muno zielt an dësem Extrait iwwer The Langley Schools Music Project, eng Initiativ aus de 70er Joren, déi sech zu engem heemlechen Hit entwéckelt huet.
    3 min
  • D'Schoul an der Literatur
    D'Schoulzäit präägt eis fir d'Liewen. Net ëmsoss huet si och eng grouss Plaz an der Literatur. Erënnerungen oder Fiktioun, Nostalgie oder grujeleg Science-Fiction. Mir hunn eis an der Emissioun Kultur um 5 pénktlech fir d'Rentrée  mat der Schoul an der Literatur befaasst an hei en Extrait vum Valerija Berdi, wou hatt iwwer säi léifst Buch zu dësem Sujet erzielt.
    3 min
  • De Protagonist vun der Literatur ass ëmmer de Lieser!
    Am Gespréich iwwer säi Roman "Terra Alta" huet de spuenesche Schrëftsteller Javier Cercas net just iwwer de spuenesche Biergerkrich, de Wäert vun der Literatur, d'Bedeitung vun der Vergaangenheet an der Géigewaart geschwat, mee hien huet dem Valerija Berdi och verroden, wéi eng Plaz d'Lieserinnen a Lieser fir hien hunn.
    2 min
  • Den neie Mineur: ee Musical mobiliséiert Käl an Téiteng
    Dëse Weekend gëtt bei der Schungfabrik zu Téiteng de Musical "Den neie Mineur" opgeféiert: Véier Chorallen, zwou Harmonien a véier Profie stinn zesummen op der Bün. D'Wierk baséiert op der Graphic Novel "Schortgen" vum Charel Meder an dem Marc Angel, deen d'Geschicht vum éischte Mineur zu Lëtzebuerg erzielt, deen an d'Chamber gewielt gouf. Fir d'Bün adaptéiert vum Roger Seimetz. D'Musek gouf vum Pol Belardi a Sandro Bucciarelli komponéiert. Fir de Guy Assa, Kulturbeoptraagten op der Gemeng Téiteng war d'Zil, een Defi un d'Veräiner ze lancéieren, fir se méi integréiert a couragéiert an d'Zukunft blécken ze loossen.
    De Guy Assa an de Pol Belardi hunn an eisem Kulturmagasinn hir Gedanken zum Projet gedeelt.
    4 min
  • D'AA Visiting School vu London zu Lëtzebuerg
    D'AA Visiting Schools sinn eng Londoner Initiativ fir spéider Architekten, Urbanisten, Designer ... fir an engem ongewinnte Kontext bei engem intensiven Architektu-Workshop matzemaachen. Zwou Wochen hunn 13 Architekturstudenten, Jobufänger, Urbanisten, Designer, Informatiker, vun Neuseeland bis Belval, Esch2022 investéiert an um Enn en architektonesche Projet fir de "Remix culture" ausgeschafft. An eiser neier Emissioun Kultur um 5 hat de Pit Walté mam Kerstin Thalau iwwer d'Reaktioune vun de Participante geschwat.
    4 min
  • Den Don Was gëtt der 70
    Seng Karriär goung vum Studiobassist an de fréien 80er, iwwer seng Musekerkarriär mat Was Not Was bis zu enger räicher Produzentendiskographie an den 90er. An den 2000er an 2010er war hie Chief Creative Ofiicer beim legendären Jazzlabel Blue Note Records. De Marc Clement huet sech deen op den éischte Bléck onopfällege Mann aus Detroit a seng Karriär an de Kulisse vun der Popmusek ugekuckt.
    8 min
  • Wéi kléngt iwwerhaapt eng Ära?
    Omnipresent, an awer eng Zort Rätsel - esou gouf d'Kinnigin Elizabeth II dacks beschriwwen. Wann ee sech hiert Liewe méi genee ukuckt, da mierkt een, datt hir Virléiften a Saache Musek zum Beispill vill méi populär waren, wéi ee vläicht mengt. D'Claudine Muno zielt Iech méi.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners