Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Nuecht an Dreem am TNL
    De Weltënnergang steet virun der Dier an och am Théatre National du Luxembourg op der Lonkecher Strooss an der Stad. Ënner dem Motto "Nacht und Träume" steet déi nei Saison, an datt net alles esou däischter ass, wéi et op den éischten Androck kléngt, huet den Direkter vum TNL, de Frank Hoffmann erkläert.
    E Bäitrag vum Valerija Berdi aus eiser Kulturemissioun Kultur um 5 am Gespréich mam Pit Walté
    4 min
  • Ariston reloaded
    Nëmmen e puer Meter vum Escher Theater ewech steet den ale Kino Ariston, deen, elo ganz renovéiert e weideren Theatersall ubitt. Et soll awer net just eng weider Bün zur Verfügung stoen, mee de ganzen Ariston soll e ganz villfältege "Lieu de vie" sinn. D'Valerija Berdi huet mat der Directrice vum Escher Theater, der Carole Lorang, iwwer den neien Ariston geschwat.
    8 min
  • E Liewen a Musek
    "Living Like A Rainbow" heescht den Album vum Marc Welter. Et ass eng Zort Liewenswierk, "säi ganzt Liewen a Musek", wéi hie selwer seet. D'Claudine Muno huet mat him iwwer d'Plack geschwat an iwwer d'Virbereedunge fir den éischten an eenzege Live-Concert.
    10 min
  • Eng Country-Ikon feiert Gebuertsdag
    "Crazy" oder "Walking after Midnight" si Klassiker, déi all Countryfan am Ouer huet. Gesonge goufe si vun der Patsy Cline, déi de Misär, dee si erlieft huet, a wonnerbar Musek verwandele konnt. D'Claudine Muno huet op hiert Liewen zeréckgekuckt.
    7 min
  • Nuits des Lampions 2022
    Vum 15. bis de 17.09. verstréimen d'Lampionen nees hir Magie zu Wolz. D'Cooperations asbl hu fir dës Editioun, nieft de Lampionen am Gaart, nees eng Partie Concerten an aner Eventer op d'Bee gestallt. D'Anne-Marie Kettels ass beim Pit Walté am Studio fir doriwwer ze schwätzen.
    9 min
  • Rock-Lines.
    Deen italieeneschen Auteur a Literaturiwwersetzer Davide Sapienza an de Lëtzebuerger Paleontolog Robert Weis hunn zesummen de Minett-Trail, eng Stréck vun 90 Kilometer zu Fouss bereest an derbäi ass eng Zort Reestagebuch entstane mam Titel "Rock-Lines.". Eng geopoetesch Approche mat Fotoen an Illustratiounen vun der Isabelle Mattern. D'Valerija Berdi schwätzt mam Pit Walté iwwer dëst Buch.
    4 min
  • Die Leiden der Judith Holofernes
    Wéi bréngt een en Alldag als Musekerin tëschent Festivaller a Studio mat engem Familljeliewen ënner een Hutt? Dovunner zielt d'Judith Holofernes an hirem Buch "Die Träume anderer Leute". D'Claudine Muno huet dra gebliedert.
    8 min
  • Rock-Lines.
    Deen italieeneschen Auteur a Literaturiwwersetzer Davide Sapienza an de Lëtzebuerger Paleontolog Robert Weis hunn zesummen de Minett-Trail, eng Stréck vun 90 Kilometer zu Fouss bereest an derbäi ass eng Zort Reestagebuch entstane mam Titel "Rock-Lines.". Eng geopoetesch Approche mat Fotoen an Illustratiounen vun der Isabelle Mattern. D'Valerija Berdi schwätzt mam Pit Walté iwwer dëst Buch.
    6 min
  • Vicky Krieps: "Als Meedche war ech an engem Corset vun der Gesellschaft "
    De siwente September leeft an eise Kinoen d'Lëtzebuerger Koproduktioun "Corsage" un. Fir hir Roll als Elisabeth vun Éisträich an deem Film gouf d'Vicky Krieps viru Kuerzem um Filmfestival zu Sarajevo ausgezeechent, nodeems si schonn am Mee heifir zu Cannes den Duersteller-Präis an der Un-certain-regard-Rei krut.
    Am Film vun der Marie Kreutzer spillt déi Lëtzebuerger Actrice eng Keeserin, déi ganz wäit ewech ass vun der "Sissi", wéi d'Romy Schneider se an den 1950-er Jore populär gemaach huet.
    Am Gespréich mam Vesna Andonovic huet d'Vicky Krieps verroden, firwat si reegelrecht géint de Corset huet missen uspillen, a wou si als Fra awer eng Fräiheet fonnt huet.
    4 min
  • Buchkritik: Jhemp Hoscheit - "Tëschent den Zeilen"
    An enger vu Verschwörungstheorië vergëften Atmosphär am Confinement gëtt d'Vertraue bannent enger Koppel op d'Prouf gestallt. Mat sengem neie Roman liwwert de Jhemp Hoscheit gläichzäiteg eng Reflexioun iwwer d'Verhältnis tëschent Fiktioun a Realitéit.
    Extrait aus enger Buchkritik vum Michel Delage
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners