Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Buchkritik: Jhemp Hoscheit - "Tëschent den Zeilen"
    An där vu Verschwörungstheorië vergëften Atmosphär wärend dem Confinement gëtt d'Vertraue bannent enger Koppel op d'Prouf gestallt. Mat sengem neie Roman liwwert de Jhemp Hoscheit gläichzäiteg eng Reflexioun iwwer d'Verhältnis tëschent Fiktioun a Realitéit.
    Eng Buchkritik vum Michel Delage
    6 min
  • Vicky Krieps: "Ech géing de Film net nach eng Kéier dréien"
    Muer (7.9.) leeft an eise Kinoen d'Lëtzebuerger Koproduktioun "Corsage" un. Fir hir Roll als Elisabeth vun Éisträich an deem Film gouf d'Vicky Krieps viru Kuerzem um Filmfestival zu Sarajevo ausgezeechent, nodeems si schonn am Mee heifir zu Cannes den Duersteller-Präis an der Un-certain-regard-Rei krut.
    Am Film vun der Marie Kreutzer spillt déi Lëtzebuerger Actrice eng Keeserin, déi ganz wäit ewech ass vun der "Sissi", wéi d'Romy Schneider se an den 1950-er Jore populär gemaach huet.
    Am Gespréich mam Vesna Andonovic huet d'Vicky Krieps verroden, firwat si reegelrecht géint de Corset huet missen uspillen, a wou si als Fra awer eng Fräiheet fonnt huet.
    7 min
  • Zum Doud vum Conny Scheel
    De Fotograf a Schauspiller Conny Scheel ass den 3. September mat 67 Joer, no laanger Krankheet, gestuerwen. Bekannt gi war de Conny Scheel duerch seng Rollen an den Andy-Bausch-Filmer, zum Beispill als Konrad Wackernagel nieft dem Johnny Chicago, alias Thierry van Werveke, am "Troublemaker". Hien huet awer och déi éischt Kënschtlergewerkschaft zu Lëtzebuerg mat gegrënnt, déi mat villen Héichten an Déifte sechs Joer iwwerlieft hat. D'Kerstin Thalau hat de Conny Scheel 2018, wéi hie just an d'Bretagne ausgewandert war, gefrot, wéi hien déi aktuell Kulturpolitik an de Kënschtlerengagement zu Lëtzebuerg aschätze géif.
    4 min
  • Literatur, déi beweegt
    "On The Road" zielt d'Geschicht vun engem Amerika, an deem d'Strooss nach gläichbedeitend war mat Fräiheet an Autostopp e Fortbeweegungsmëttel war wéi en anert, d'Amerika vum Bebop an de Beatpoeten. Eis Mataarbechterin Claudine Muno hëlt Iech mat an eng Rees zeréck an d'Fifties.
    25 min
  • Zum Doud vum Conny Scheel
    De Fotograf a Schauspiller Conny Scheel ass den 3. September mat 67 Joer, no laanger Krankheet, gestuerwen. Bekannt gi war de Conny Scheel duerch seng Rollen an den Andy-Bausch-Filmer, zum Beispill als Konrad Wackernagel nieft dem Johnny Chicago, alias Thierry van Werveke, am "Troublemaker". Hien huet awer och déi éischt Kënschtlergewerkschaft zu Lëtzebuerg mat gegrënnt. An doriwwer hat d'Kerstin Thalau sech 2018, wéi hie just an d'Bretagne ausgewandert war, mam Conny Scheel ënnerhalen.
    9 min
  • Literatur, déi beweegt
    "On The Road" zielt d'Geschicht vun engem Amerika, an deem d'Strooss nach gläichbedeitend war mat Fräiheet an Autostopp e Fortbeweegungsmëttel war wéi en anert, d'Amerika vum Bebop an de Beatpoeten. Eis Mataarbechterin Claudine Muno hëlt Iech mat an eng Rees zeréck an d'Fifties.
    9 min
  • Filmkritik: "Sundown"
    Wärend enger Vakanz a Mexiko léisst e räichen Englänner seng Famill am Plang. Wéi et ausgesäit, ouni verständleche Grond ... De Michel Delage an d'Vesna Andonovic hunn dee Film am leschte Grousse Kino beschwat. Extrait
    3 min
  • Pond Eclectic 2022
    D'Summer Festival Ambiance ass nach net ganz eriwwer. Hei hanner de Studioe vum radio 100,7 um Kierchbierg, am Amphitheater vum Kierchbierger Park, leeft nämlech vum 4. bis den 9. September de Pond Eclectic of. Eng Serie vun Open-Air-Concerten, déi idyllesch beim Weier placéiert sinn. De Pit Walté am Gespréich mam Michel Welter vum Atelier
    3 min
  • Fotografie ... méi ewéi ee Beruff
    De Romain Girtgen ass den Haus- an Haff-Fotograf vum Centre national de l'audiovisuel zu Diddeleng. Hien hält dem CNA seng Aktivitéite bildlech fest, leet inhouse Fotosatelieren; am Kader vu senger Aarbecht huet hien awer och scho fotografesch, fir de Fonds du Kirchberg, d'Evolutioun vum Chantier vun der rouder Bréck suivéiert. Fotografie schéngt awer fir de Romain Girtgen méi ewéi e Beruff ze sinn: hien dokumentéiert och a senger Fräizäit. Zum Beispill déi rezent Industriekultur-Aktivitéiten. Am neien Zentrum fir Eisekultur, de FerroForum, huet d'Kerstin Thalau eng Selektioun dovunner gesinn.
    8 min
  • Pond Eclectic 2022
    D'Summer Festival Ambiance ass nach net ganz eriwwer. Hei hanner de Studioe vum Radio 100,7 um Kierchbierg, am Amphitheater vum Kierchbierger Park, leeft nämlech vum 4. bis den 9. September de Pond Eclectic of. Eng Serie vun Open-Air-Concerten, déi idyllesch beim Weier placéiert sinn. De Pit Walté am Gespréich mam Michel Welter vum Atelier
    14 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners