Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • D'Gabriels hunn de Soul
    D'Gabriels sinn de leschte Summer opgetaucht, wéi d'Band vun L.A. hir éischt EP "Love and Hate in a Different Time" ganz op hir eege Kap erausbruecht huet. Ee vun hinnen ass e fantastesche Sänger, de Jacob Lusk, een en talentéierte Komponist an Arrangeur, den Ari Balouzian an deen drëtten am Bond ass ee Filmregisseur, de Ryan Hope. D'Single vun dëser EP war et, déi bal jiddwereen, dee se héieren huet, gepaakt huet. Déi nei Plack ass nach ëm eppes méi üppeg, fënnt de Marc Clement.
    7 min
  • Kennt Dir den Arnold Hau?
    Dem grousse Genie, dem Arnold Hau, dee mat Goethe, Schiller, Mozart an Einstein op enger Linn ze nennen ass, wëllt d'Ekipp ronderëm de Regisseur Jacques Schiltz en Denkmal am Kasemattentheater setzen. Dee vergiessenen Dichter an Denker ass e Produkt vun der neier Frankfurter Schoul. Déi ass och manner Adorno, dofir ëmsou méi d'Grënnungspapp vun der Satir-Zäitschrëft "Titanic". Op der Bün stinn den Nickel Bösenberg, den Dominik Raneburger an de Pitt Simon.
    D'Valerija Berdi huet mam Regisseur Jacques Schiltz geschwat a fir d'éischt gefrot, wéi een op d'Iddi kënnt den Arnold Hau op d'Theaterbün ze bréngen?
    4 min
  • E musikalesche City-Trip
    La Féline, dat ass de Kënschtlernumm vun der franséischer Musekerin Agnès Gayraud. An hirem véierten Album "Tarbes", deen de leschte Freideg erauskoum, séngt si eben iwwer "Tarbes", déi Stad an där si grouss ginn ass. Am Kader vun eiser Emissioun Kultur um 5 huet d'Claudine Muno an d'Plack eragelauschtert.
    3 min
  • Den John-Paul Gomez gewënnt den Nationale Literaturconcours
    Zanter 1978, organiséiert de Kulturminister den Nationale Literaturconcours, dee sech un all Mënsch riicht, dee Loscht huet matzemaachen. All Joer ass en anere literaresche Genre gefrot, dat kann de Roman, en Theaterstéck, Poesie, kënne Kuerzgeschichten, respektiv Erzielunge sinn.
    Elo huet de Kulturministère d'Laureatinnen an d'Laureaten vum Nationale Literaturconcours 2022 publizéiert. Dëst Joer war e Recueil vun Erzielungen gefrot. Deen éischte Präis geet un de John-Paul Gomez - "The Idiot of St. Benedict", den zweeten un de Guy Helminger - "Das Geräusch der Stillleben" an deen drëtte Präis ass fir d'Elise Schmit - "Perfect Spheres - Stories and Complaints".
    D'Valerija Berdi huet mam President vum dësjärege Jury, dem Pascal Seil iwwer d'Laureat:innen an hir Wierker geschwat.
    3 min
  • Andrej Kurkow - Samson und Nadjeschda
    Kiew 1919: In den Wirren des Bürgerkriegs, der durch die russische Invasion ausgelöst wird, verliert Samson seinen Vater und sein rechtes Ohr. Während die Bolschewiki ihre Vormachtstellung in der "blutgetränkten Stadt" festigen, befasst Samson sich als frischgebackener Ermittler mit einem rätselhaften Kriminalfall. Dabei leistet ihm das abgetrennte Ohr auf wundersame Weise wertvolle Hilfe. Unterstützung findet Samson auch bei Nadjeschda, für die er bald mehr als Freundschaft empfindet. "Samson und Nadjeschda" vereint eine zarte Liebesge-schichte mit Suspence und surrealistischen Einsprengseln. Dabei verliert Andrej Kurkow die historischen Ereignisse in Kiew, den Terror, die Not und das Blutvergiessen, jedoch nie aus den Augen. Ein Beitrag von Angelika Thomé
    8 min
  • Wéi einfach ass et ze Istanbul Fussball kucken ze goen?
    Den Guy Helminger krut e Kënschtlerstipendium vun der Stad Köln, der Stad, wou hien och lieft. Hien kann elo  6 Méint laang ze Istanbul schaffen, a well sech dat gehéiert, wann een esou wäit fort geet, datt een eng Postkaart heem schéckt, mécht de Guy Helminger dat dann och fir eis. Et ass erëm Post vum Guy Helminger ukomm a mir lauschteren, wat hien alles ze Istanbul erlieft.
    6 min
  • Séileche Problemer eng Bühn ginn
    Dës Woch war d'"Semaine de la Santé Mentale" mat e sëllege Manifestatiounen, déi op d'Thema mental Gesondheet opmierksam maachen. An deem Kader fënnt dëse Samschten och e Concert mat lëtzebuerger Bands zu Nidderanven statt. An eiser Emissioun "Kultur um 5" vu gëschter huet de Museker an Organisator Yannick Stein am Gespréich mam Claudine Muno erzielt, wéi d'Iddi fir dee Concert entstanen ass.
    3 min
  • Dem Waasser säin Témoignage am Mudam
    Den Tarek Atoui ass 1980 zu Beyrouth op d'Welt komm, lieft a schafft no Économie- a Konschtstudien zanter knapps 25 Joer als Klangkënschtler zu Paräis. Seng Installatioun "Waters' Witness" gëtt bis Mäerz 2023 am Mudam presentéiert, nodeems se 2012 schonn op der documenta 13, 2016 an der Tate Modern zu London an 2017 och op der Biennale vu Venedeg ze gesi war. Et handelt sech ëm eng Landschaft aus Marberskulpturen, selwer kreéierte Museksinstrumenter, Stolträger....an haaptsächlech Kläng, déi den Tarek Atoui zanter 10 Joer op 10 verschiddenen Häfen opgeholl huet.
    4 min
  • Herr Bender mat hybridem Konzept op der Bün vum Gudde Wëllen
    Hybrid sinn Herr Bender souwisou: Tescht 2 Instrumenter, dem Saxofon an den Drums; tëscht 2 Stiler, dem Jazz an der Popmusek, mee och Live ass hir Performance eng Mëschung äus Live Improvisatioun an Interpretatiounen in absentia. Mat neier Büneschow an exclusiv neier Musek sinn di zwee Lëtzebuerger Museker haut den Owend op der Bün vum Gudde Wëllen z'erliewen. De Marc Clement huet sëch mat enger halschend vum Duo, dem Saxofonist Maxime Bender ënnerhalen.
    4 min
  • Vun der Konscht ze coveren
    Gëschter hätt d'Heather Nova sollten an der Rockhal op der Bühn stoen, fir hire leschten Album "Other Shores" virzestellen, op deem si nëmme Coveren interpretéiert. Obwuel de Concert leider ofgesot gouf, hunn d'Claudine Muno an den Yves Stephany awer an eiser Kultur um 5 Sendung vun en Dënschden iwwer d'Konzept vum Cover-Album geschwat.
    3 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners