Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Fouillen ënner dem Helleg Geescht
    Zanter e puer Méint lafen ënner dem Helleg-Geescht-Plateau erëm d'Aarbechten, fir déi archeologesch Iwwerreschter vum fréiere Klouschter fräizeleeën, dat 1770 zerstéiert gouf. Wéinst dem Schantje vun der Cité judiciaire war de Site viru gutt zwanzeg Joer mat Sand zougeschott ginn.
    De Michel Delage war mat op eng Visitt vun där archeologescher Krypta, déi bis Enn 2024 dem Public soll accessibel gemaach ginn.
    4 min
  • Libestagebuch vun engem Garage-Rocker
    Den Ty Segall ass ee Museker aus der Bucht vu San Francisco, an dat héiert een. D'Schëlleren, op deenen hie steet, sinn déi vun de kalifornesche 60s a 70s Zeenen.
    "Hello, Hi" entwéckelt sech wéi eng Aart Libestagebuch fir wollekeg Summerdeeg. Voll Éierlechkeet a Mëtschgiewegkeet dëmpelt se gemittlech viru sech hin an ass fäerdeg, éier ee sech ëmsinn huet - 35 Minutten, dat ass schlank geschafft, mee méi brauch dës Plack och net, fënnt de Marc Clement.
    7 min
  • Archeologesch Fouillen ënner dem Helleg Geescht
    Zanter e puer Méint lafen ënner dem Helleg Geescht-Plateau erëm d'Aarbechten, fir déi archeologesch Iwwerreschter vum fréiere Klouschter fräizeleeën, dat 1770 zerstéiert gouf. Wéinst dem Schantje vun der Cité judiciaire war de Site viru gutt zwanzeg Joer mat Sand zougeschott ginn.
    De Michel Delage war mat op eng Visitt vun där archeologescher Krypta, déi bis Enn 2024 dem Public soll accessibel gemaach ginn.
    8 min
  • Libestagebuch vun engem Garage-Rocker
    Den Ty Segall ass ee Museker aus der Bucht vu San Francisco, an dat héiert een. D'Schëlleren, op deenen hie steet, sinn déi vun de kalifornesche 60s a 70s Zeenen.
    "Hello, Hi" entwéckelt sech wéi eng Aart Libestagebuch fir wollekeg Summerdeeg. Voll Éierlechkeet a Mëtschgiewegkeet dëmpelt se gemittlech viru sech hin an ass fäerdeg, éier ee sech ëmsinn huet - 35 Minutten, dat ass schlank geschafft, mee méi brauch dës Plack och net, fënnt de Marc Clement.
    8 min
  • Den Exzess an der DNA ageschriwwen
    De Michel Delage an d'Vesna Andonovic iwwer déi loufoque amerikanesch Action-Komedie "Everything Everywhere All At Once", an där d'Haaptprotagonistin a Paralleluniversumen entféiert gëtt. Extrait aus dem Grousse Kino
    3 min
  • Tacita Dean: Vum Inferno bis op Santa Monica
    Déi brittesch Kënschtlerin Tacita Dean invitéiert Visiteuren am MUDAM op eng Rees vum Dante Alighieri sengem Jenseits bis an e sonnegen Appartement zu Los Angeles.
    De Ben Kobs war sech hir grouss Ausstellung um Kierchbierg ukucken an huet en Eenzelgespréich mat der Kënschtlerin geféiert.
    6 min
  • Nei Single a Concert vu Ryvage
    Nom erfollegräiche Projet "Night Songs" - deen Téin aus den Industrieruinen um Belval mat enger Videoprojektioun op déi selwecht verbonnen huet - ass de Lëtzebuerger Elektronik Museker Ryvage haut den Owend (22.7.) am Concert ze gesinn. Hien ass Deel vum Line-Up um Flow Festival am Parc um Belval, deen nach bis e Sonndeg dauert a bei deem lëtzebuergesch Bands a Kënschtler ganz grouss geschriwwe ginn.
    Haut koum och eng nei Single vu Ryvage eraus. De Marc Clement wollt vum Mann hanner dem Projet, dem Sam Reinard, wëssen, ob dat klanglecht Ronderëmstöbere bei den Héichiewen nei Dieren opgemaach huet.
    10 min
  • De Projet "1001 Tonnen" erzielt kee schéint Märchen
    Wärend dem Lockdown waren ëmmer méi Lëtzebuerger am Bësch. Ënner hinnen d'Fotografin Jessica Theis. Hir ass dee ganzen Offall an der Natur opgefall. Si huet Gemengen, Organisatioune kontaktéiert, Zuele studéiert, a mat ënnerschiddleche Leit de multidisziplinäre Projet "1001 Tonnen" lancéiert. 1001? De Statistiken no entsuergen eis knapps 650.000 Awunner all Joer illegal 1001 Tonnen Offall, Industriedreck net mat abegraff.
    D'Kerstin Thalau wollt vun der Jessica Theis wëssen, wat hir Fotoen dorunner changéiere kéinten.
    4 min
  • Vum TikTok Star zum Rockstar
    Vun der Internet-Sensatioun zur Musekerin - esou kéint een de Parcours vun der Musekerin Beabadoobee beschreiwen. Eng jonk brittesch-philippinnesch Sängerin, déi sech op hirem neien Album "Beatopia" un de Sounds aus den 90er an 2000er inspiréiert. D'Nora Kieffer erzielt, wisou een dës Plack net verpassen soll.
    7 min
  • De Projet "1001 Tonnen" erzielt kee schéint Märchen
    Wärend dem Lockdown waren ëmmer méi Lëtzebuerger am Bësch. D'Bueden am Gréngen huet guttgedoen. Ënner hinnen d'Jessica Theis. Hiert fotografescht A huet allerdéngs éischter rout gesinn: well hir den Offall an der Natur opgefall ass. Si huet Gemengen, Organisatioune kontaktéiert, Zuele studéiert a mat ënnerschiddleche Leit de multidisziplinäre Projet "1001 Tonnen" lancéiert. 1001? De Statistiken no entsuergen eis knapps 650.000 Awunner all Joer illegal 1001 Tonnen Offall, Industriedreck net mat abegraff.
    D'Kerstin Thalau wollt vun der Jessica Theis wëssen, wat hir Fotoen dorunner changéiere kéinten.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners