Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Ré-enchanter le monde - Literaturfestival Etonnants voyageurs
    No zwee Joer Corona-bedéngter Paus hat de Literaturfestival Etonnants voyageurs zu Saint-Malo iwwer de Päischtweekend erëm seng Diere fir de grousse Public opgemaach. Net just den zweejäregen Ausfall vum Festival, och den Doud vum Begrënner vum Festival, de Michel Le Bris am Januar 2021 war e grousse Schlag fir d'Organisateuren. D'Mélani le Bris huet dëst Joer mat der Ekipp d'Relève iwwerholl. D'Valerija Berdi huet mat der Duechter vum Michel Le Bris iwwer d'Editioun 2022 vum Literaturfestival geschwat.
    6 min
  • Asako Yuzuki - Butter
    Durch ihre Kochkünste hat die Serienmörderin Kajii das Vertrauen ihrer männlichen Opfer gewonnen. Nun will die engagierte Reporterin Rika sich Kajiis Leidenschaft zunutze machen. Unter dem Vorwand, sich mit ihr nur über Rezepte austauschen zu wollen, gewährt Kajii Rika ein Exklusivinterview. Doch das falsche Spiel hat weitreichende Folgen: Rika gerät in den Bann von Kajii - und von Butter.
    In ihrem Bestseller "Butter" vereint die japanische Autorin Asako Yuzuki Kulinarik mit Krimi-Elementen und würzt das Ganze mit Gesellschaftskritik. Ein Beitrag von Angelika Thomé
    5 min
  • Verhaftungen am iranesche Filmmileu
    De renomméierten iranesche Realisateur Jafara Panahi gouf gëschter a sengem Land festgeholl. Virum Weekend scho waren zwee Regimm-kritesch Cineaste verhaft ginn.
    E Bäitrag vum Michel Delage
    4 min
  • Vun Uerdensschwëstere gerett
    Lëtzebuerger Franziskanerinnen hate wärend dem Zweete Weltkrich zu Roum 48 Judde verstoppt. D'Kulturzäitschrëft Nos Cahiers dokumentéiert dës Rettungsaktioun an hirer neier Ausgab.
    E Bäitrag vum Michel Delage
    28 min
  • Mrs. Roots an de "white gaze"
    Mat hire Kannerbicher ass si scho laang bekannt a Frankräich, elo koum hiren éischte Roman, dee sech un e jugendlechen an erwuessene Public adresséiert, eraus. D'Laura Nsafou ass awer net just Schrëftstellerin, mee och Bloggerin a mat hirem Blog "Mrs.Roots" stellt déi 1992 gebueren Afrofeministin, wéi si sech selwer bezeechent, eis Gesellschaft an d'Literatur a Fro.
    D'Valerija Berdi ass der Laura Nsafou um Literaturfestival Etonnants voyageurs zu Saint-Malo begéint.
    8 min
  • Antisemitismus op der documenta fifteen
    D'documenta fifteen zu Kassel steet zanter Wochen an de Schlagzeilen: d'Wierk "People's Justice" vum Kollektiv Taring Padi krut eng Rei Antisemitismus-Virwërf a stellt d'Ausstellung, déi sech virun hirer Ouverture als politesch a progressiv duergestallt huet an e schlecht Liicht. De Ben Kobs iwwer d'Situatioun ronderëm d'documenta
    3 min
  • Filmkritik: "Peter von Kant"
    De Michel Delage an d'Vesna Andonovic schwätzen iwwer dem François Ozon seng Adaptatioun vum Rainer Werner Fassbinder sengem Stéck "Die bitteren Tränen der Petra von Kant". Hei verléift sech en autoritäre Realisateur an e jonken Acteur, deem hien total ausgeliwwert ass.
    Extrait aus dem Grousse Kino
    7 min
  • Lëtzebuerger Theater zu Avignon
    De Festival d'Avignon ass dee wichtegste Rendez-vous vum frankophonen Theater, wou bis de 26. Juli insgesamt 1.500 Theater-Produktioune gespillt ginn. Och vu Lëtzebuerg gi véier Stécker presentéiert.
    Eise Korrespondent Léonardo Kahn ass op der Plaz an huet mat de Lëtzebuerger Kënschtler:innen a Responsabelen iwwer hir Andréck geschwat.
    8 min
  • Laura Nsafou - Nos jours brulés
    D'Laura Nsafou bezeechent sech selwer als Afrofeministin. Déi 1992 gebuere Bloggerin a Schrëftstellerin huet bis elo eng Rei Kannerbicher publizéiert. Mat "Nos jours brulés" adresséiert si sech u jugendlech an erwuesse Lieserinnen a Lieser. D'Valerija Berdi huet dës Dystopie, wou sech déi afrikanesch Mythologie a Fantasy begéinen, gelies.
    4 min
  • Aarbechterkonsum
    Déi militäresch Organisatioun vun der Stad Lëtzebuerg am spéide Mëttelalter; déi rezent Entdeckung vun enger wichteger, vum Keeser Karel IV. gepräägter Goldmënz; an d'Bedeitung vum Konsum vun der Lëtzebuerger Aarbechterklass am Ufank vum 20. Joerhonnert: dat sinn d'Haapttheme vun der neier Ausgab vun der Geschichtszäitschrëft Hémecht.
    E Bäitrag vum Michel Delage
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners