Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Beuys reloaded am MNHA
    Den 12. Mee 1921 koum zu Krefeld de Joseph Heinrich Beuys op d'Welt. Wéi d'Welt 100 Joer drop de Kënschtler Beuys feiere wëllt, ass Pandemie. Eng Hellewull Hommage-Manifestatiounen hunn zejoert missen ofgesot ginn. Net esou d'Artikelen an der Press. An déi waren net ëmmer nëmme Beuys-frëndlech. D'Sektioun Arts et Lettres vum Institut grand-ducal huet net just dat, mee och de Fait, datt zu Lëtzebuerg nach guer net erënnert gouf, bedauert. Zesumme mat der Kritiker-ASBL AICA invitéieren si den 30. Juni op eng Konferenz. D'Kerstin Thalau am Gespréich mam Konschtexpert Lucien Kayser
    8 min
  • Guy Helminger - Lärm
    Mat sengem Roman "Lärm", dee bei Capybarabooks erauskoum, ass de Guy Helminger de Gewënner vum Servais-Präis 2022. D'Valerija Berdi huet de Roman ronderëm de kryptesche Personnage Konrad Schnittweg gelies. E Roman mat ville Froen a wéineg Äntwerten.
    4 min
  • Dem Romain Urhausen seng Arleser Zäit ass komm
    Hie war Sculpteur, ass villen als Architekt oder Grafiker bekannt, mee dem Romain Urhausen seng Leidenschaft war d'Fotografie, déi hien a senge Konschtstudien zu Paräis a Saarbrécken praktizéiert huet, an an där hie sech tëschent den 1950er an 1970er, op eng impressionant Manéier, defouléiert huet.
    De Romain Urhausen ass am Juli 2021 am Alter vun 90 Joer gestuerwen, zwee Joer nodeems hie fir eng grouss Retrospektiv vu sengem Wierk fir déi renomméiert Rencontres d'Arles selektionéiert gi war. De 4. Juli start de Fotofestival. D'Kerstin Thalau wollt vum Curateur vun der Urhausen-Expo, de Paul Di Felice, méi doriwwer gewuer ginn.
    8 min
  • Näischt ass permanent (an de Stroosse vun Esch)
    Eng gediebelt Camionnette, en Engel an eng kromm Sëtzbänk si just puer vun den Installatiounen, déi een am Moment um Skulpturewee "Nothing is Permanent" zu Esch entdecke kann. De Ben Kobs ass e fir eis gaangen an huet ënnerwee mam Konschthal-Direkter Christian Mosar a mam Kënschtler Eric Schumacher geschwat.
    4 min
  • D'Escher Konschthal am metallenen Design
    E Showroom fir zäitgenëssesche Metall-Design, an eng Jickebunn op dräi Stäck. Zwou nei Ausstellungen an der Escher Konschthal proposéieren zwee komplett ënnerschiddlech Weeër Metall kënschtleresch ze veraarbechten. De Ben Kobs huet mam Curateur Georges Zigrand a Konschthal-Direkter Christian Mosar geschwat.
    5 min
  • Et wor emol ... tëschent Namur an ACDC
    Stroossen- a Plazennimm hunn eng laang Traditioun. Hir Geschicht geet zeréck bis an d'11., 12. Joerhonnert. Ufanks huet heefeg eng dominant Funktioun, en Handwierk oder e Metier, respektiv e besonnescht Monument, eng Particularitéit en Numm determinéiert. Persounennimm sinn eréischt vum 18. Joerhonnert un a Moud komm. An dann och meeschtens déi vu Mënsche mat Merite, keng Rebellen a scho guer keng Rockstaren.
    De Bréisseler ARD-Korrespondent Jakob Mayr huet deemno net schlecht gestaunt, wéi en zu Namur eppes aneres matkritt huet.
    4 min
  • Gast Groeber an der wonnerbarer VaLibrairie
    De 15. Mee war eis Literatursendung Déi wonnerbar VaLibrairie live an der Galerie 39 zu Diddeleng. Den Ulass war d'Ausstellung "Ceci n'est pas un roman - ADN et ingrédients d'auteurs" vun der Kënschtlerin Sandrine Ronvaux. Si huet sech mat der literarescher Identitéit vu sechs Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren auseneegesat an derbäi si Pyrogravuren op Holz entstanen, wou d'Sandrine Ronvaux d'Sprooch vun de Schrëftsteller a Symboler iwwersat huet. An eiser Sendung hate mir d'Auteuren invitéiert. Een dovu war de Gast Groeber. Well de Gast Groeber net konnt op der Plaz sinn, huet de Ian de Toffoli dem Groeber seng Literatur virgestallt.
    6 min
  • De Siren's Call an de jonke Public
    De 25. Juni war am Gronn de Siren's Call. Den Indie-, Rock-, Pop-Festival, bei deem och kulturell Aktivitéite gebuede ginn, huet - den Organisateuren no - eng 7.000 Leit ugezunn. Dorënner d'radio 100,7-Museksredaktioun mat Live-Interventioune vun der Plaz. D'Ekipp hat zousätzlech e Radio-Workshop fir Jonker proposéiert.
    Den Yves Stephany wollt am Virfeld vun den Organisateure Vicky Zeimetz a Fabienne Dimmer vum Atelier plus vum Max Hochmuth, den artisteschen Direkter vum Siren's Call, gewuer ginn, wéi interesséiert Jonker aktuell u Museksfestivaller sinn.
    6 min
  • Ian De Toffoli an der wonnerbarer VaLibrairie
    De 15. Mee war eis Literatursendung Déi wonnerbar VaLibrairie live an der Galerie 39 ze Diddeleng. Den Ulass war d'Ausstellung "Ceci n'est pas un roman - ADN et ingrédients d'auteurs" vun der Kënschtlerin Sandrine Ronvaux. Si huet sech mat der literarescher Identitéit vu sechs Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren auseneegesat an derbäi si Pyrogravuren op Holz entstanen, wou d'Sandrine Ronvaux d'Sprooch vun de Schrëftsteller a Symboler iwwersat huet. An eiser Sendung hate mir d'Auteuren invitéiert. Een dovu war den Ian de Toffoli. Dir héiert hei den Extrait, wou hien iwwer seng Literatur an iwwer d'Konschtwierk schwätzt.
    8 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners