Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • De Romain Butti an der wonnerbarer VaLibrairie
    De 15. Mee war eis Literatursendung "Déi wonnerbar VaLibrairie" live an der Galerie 39 zu Diddeleng. Den Ulass war d'Ausstellung "Ceci n'est pas un roman - ADN et ingrédients d'auteurs" vun der Kënschtlerin Sandrine Ronvaux. Si huet sech mat der literarescher Identitéit vu sechs Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren auseneegesat an derbäi si Pyrogravuren op Holz entstanen, op deenen d'Sandrine Ronvaux d'Sprooch vun de Schrëftsteller a Symboler iwwersat huet. An eiser Sendung hate mir d'Auteuren invitéiert. Een dovu war de Romain Butti. A mir héieren elo den Extrait, wou hien iwwer seng Literatur an iwwer d'Konschtwierk schwätzt.
    7 min
  • "Ultra": Méi oppe mat mentaler Gesondheet ëmgoen
    An "Ultra" ënnersichen de Brian Ca an d'Julia Rieder de Stellewäert vun der mentaler Gesondheet an eiser Gesellschaft. Virgestallt gouf hire Work in progress um leschten Dag vum TalentLab am Groussen Theater, wou Kënschtler:innen zéng Deeg laang un hire Projete konnte schaffen. De Romain Butti huet mat den Dänzer:inne Brian Ca an d'Julia Rieder geschwat.
    4 min
  • Vun der Fussballsekipp bis bei de Gesangsveräin
    Egal op Fussball, Gesang, Bitzen oder Spueren: E Groussdeel vun de Lëtzebuerger ass Member bei op d'mannst engem vun den ongeféier 7.000 aktive Veräiner am Land. D'Ausstellung "Komm, mir grënnen e Veräin" am Stater Geschichtsmusée beliicht elo d'Geschicht an d'Aktualitéit vun dësem integralen Deel vun der Lëtzebuerger Kultur. De Ben Kobs war am Musée fir mam Curateur Gilles Genot iwwer d'Ausstellung ze schwätzen.
    5 min
  • Evke Rulffes: Die Erfindung der Hausfrau
    Im 19. Jahrhundert wurde die Rolle der Frau neu definiert. Ihr Wirkungskreis wurde auf Kinderbetreung, Haushalt und die Außendarstellung der Familie begrenzt. Die Hausfrau war geboren. Dieses neue Modell ging, obwohl es mit hohen Anforderungen verbunden war, mit einer Entwertung der Rolle der Frau einher.
    Die Kulturwissenschaftlerin Evke Rulffes zeichnet in ihrem Sachbuch "Die Erfindung der Hausfrau" die Entstehung und Entwicklung der Rolle nach, beleuchtet Ursachen und Folgen und gibt Einblick in die Diskurse, die damit verbunden waren und sind. Ein Beitrag von Angelika Thomé
    4 min
  • E/A Confidential an eiser Emissioun B-Radio
    Eng Koppel gëtt doheem ermort. Korrupt Flicken. Ideologesch Kämpf a Politik a Press. An der Aarbechterstad Esch ëm 1910. An alles richteg geschitt!
    An der Juni-Episod vun eiser Emissioun B-Radio goung et ëm dem Jérôme Quiqueret säi Buch "Tout devait disparaître. Histoire véridique d'un double meurtre commis à Esch-sur-Alzette à la fin de l'été 1910", dat bei Capybarabooks erauskoum. De Michel Delage am Gespréich mam Jérôme Quiqueret
    7 min
  • Gustav-Regler-Literaturpreis für zwei Luxemburger Autoren
    Gestern wurde in Merzig, bei unseren Nachbarn im Saarland, der Gustav-Regler-Literaturpreis sowie der Förderpreis verliehen. Mit dem Preis werden alle drei Jahre herausragende Autor:innen geehrt, die im Sinne Gustav Reglers arbeiten. Der Preis ging gestern an zwei Luxemburger, an Guy Helminger und an Bernd Marcel Gonner. Das war zwar schon 2020 bekannt geworden, aber hatte sich coronabedingt immer wieder verschoben. Jana Bohlmann war für uns in Merzig dabei.
    4 min
  • "Lëtzebuerg soll houfreg op seng Filmindustrie sinn"
    Zanter 2005 produzéiert den David Grumbach Filmer zu Lëtzebuerg a gouf 2013 duerch d'Iwwernam vun der franséischer Bac Films zu engem wichtegen europäeschen Distributeur. No "The Square" 2017 huet hie beim 75. Filmfestival vu Cannes elo mam "Triangle of Sadness" - allebéid Filmer vum schweedesche Realisateur Ruben Östlund - déi zweet Palme d'or mat ënnerstëtzt.
    De Produzent an Distributeur huet dem Vesna Andonovic an engem laangen Interview ënner anerem erkläert, firwat Lëtzebuerg houfreg op seng Filmindustrie soll sinn an dës eng wichteg Roll spillt, an zwar wäit iwwer d'Grenze vum Grand-Duché eraus.
    33 min
  • Nathalie Ronvaux an der wonnerbarer VaLibrairie
    De 15. Mee war eis Literatursendung Déi wonnerbar VaLibrairie live an der Galerie 39 zu Diddeleng. Den Ulass war d'Ausstellung "Ceci n'est pas un roman - ADN et ingrédients d'auteurs" vun der Kënschtlerin Sandrine Ronvaux. Si huet sech mat der literarescher Identitéit vu sechs Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren auseneegesat an derbäi si Pyrogravuren op Holz entstanen, bei deenen d'Sandrine Ronvaux d'Sprooch vun de Schrëftsteller a Symboler iwwersat huet. An eiser Sendung hate mir d'Auteuren invitéiert. Dorënner d'Nathalie Ronvaux. Dir héiert hei den Extrait, wou si iwwer hir Literatur an iwwer d'Konschtwierk schwätzt.
    7 min
  • Teaser B-Radio "E/A Confidential"
    Eng Koppel gëtt doheem ermort. Korrupt Flicken. Ideologesch Kämpf a Politik a Press. An der Aarbechterstad Esch ëm 1910. An alles richteg geschitt!
    Déi nei Episod vum B-Radio dréit ëm dem Jérôme Quiqueret säi Buch "Tout devait disparaître. Histoire véridique d'un double meurtre commis à Esch-sur-Alzette à la fin de l'été 1910" (Capybarabooks).
    3 min
  • D'Klimakris am Dialog: D'Ausstellung Earthbound um Belval
    19 international Kënschtler wëllen um Belval beweisen, datt modern Technik net just als Ursaach fir de Klimawandel gesi ka ginn, mee och als positiv Force, déi Léisungsusätz liwwert an de Mënsch méi no un Problematik brénge kann. De Ben Kobs war sech d'Multimedia-Ausstellung Earthbound - Im Dialog mit der Natur an der Möllerei ukucken.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners