Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • "der mond ißt äpfel" vum H.C. Artmann
    An dem bibliophille Band "der mond ißt äpfel" presentéiert den Thanhäuser Verlag Haikuen aus dem Vermächtnis vum Lyriker Hans Carl Artmann, niewent Texter an Zeechnunge vu Schüler:innen aus zwou éisträichesche Grondschoulen. Ob dee Bréckeschlag tëschent de Generatiounen an tëschent de Kulture gelongen ass, dat seet eis de Leon Rinaldetti.
    5 min
  • E "Kassandra" vun haut
    Mat "Kassandra - a stand-up tragedy in broken English" hat de Monodrama Festival dëst Joer e Stéck um Programm, dat mëttlerweil op der ganzer Welt gewise gëtt. Extra geschriwwe fir déi griichesch Schauspillerin Despina Sarafidou war et och d'Geleeënheet eng aussergewéinlech Schauspillerin kennezeléieren. De Frédéric Braun mat Detailer
    4 min
  • Vu Fraen a Männer ronderëm d'Schmelz
    Leschte Samschdeg hat FerroForum op eng Filmvirféierung am fréieren Atelier central vun der Schmelz tëschent Esch a Schëffleng gelueden. Iwwer historesch a méi rezent Kuerzfilmer goufen hei ënner anerem d'Aspekter Aarbecht, Fraen an Erënnerung beliicht. De Frédéric Braun war fir eis op der Plaz.
    6 min
  • Eis fluid Verbonnenheet mat der Ëmwelt
    "Bodies of Water" nennt sech de Work in progress, deen d'Choreographin Isabella Oberländer um 3 du Trois goes TalentLab am Trois-CL presentéiert huet. Déi an Irland baséiert Kënschtlerin hëlt dobäi de Begrëff vum Hydrofeminismus ënner d'Lupp an ënnersicht eis fluid Verbonnenheet mat eiser Ëmwelt. De Romain Butti huet mat hir geschwat.
    4 min
  • Déi Jonk vum FerroForum
    Zanter zwee Joer baut eng Ekipp vu Benevollen - dorënner Konschtschafender, Schmelzaarbechter, Wëssenschaftler - op de Frichen tëschent Esch-Uelzecht a Schëffleng, an enger fréierer Industriehal, en Zentrum fir Eisen an Eisekonscht op. Aalt Eisen zu alem Eisen? Nees eng ASBL vu Fräiwëllegen, an där sech just Mënschen engagéieren, déi e gewëssen Alter hunn, einfach och, well déi Jonk mam Industriepassé vu Lëtzebuerg guer näischt ufänke kënnen? D'Kerstin Thalau huet bei der offizieller Aweiung vum FerroForum no jonke Wëllegen (oder jonke Wëlle?) gesicht .... a fonnt.
    9 min
  • Appel d'Offere fir de Summer Dream Festival
    Den 13. August ass zu Stengefort déi éischt Editioun vum Summer Dream Festival. Uewen um Plateau bei där aler Schmelz gëtt et dee ganzen Dag laang Konscht, Musek, Liesunge fir Kanner an och e Magic Forest. D'Gemeng Stengefort, déi de Festival organiséiert, mécht am Virfeld dräi Appel d'Offeren, déi sech u Schrëftsteller, Kënschtler a Museker riichten. Bis ufanks Juli kann een eng Geschicht fir Kanner eraschécken, e Lidd als Singer-Songwriter oder e Projet fir e Konschtwierk. D'Gewënner däerfen dann um Summer Dream Festival optrieden.
    Am Gespréich mam Simon Larosche erkläert d'Presidentin vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng Stengefort, Anja di Bartolomeo, wéi ee ka matmaachen.
    8 min
  • Tullio Forgiarini an der wonnerbarer VaLibrairie
    De 15. Mee war eis Literatursendung Déi wonnerbar VaLibrairie live an der Galerie 39 ze Diddeleng. Den Ulass war d'Ausstellung "Ceci n'est pas un roman - ADN et ingrédients d'auteurs" vun der Kënschtlerin Sandrine Ronvaux. Si huet sech mat der literarescher Identitéit vu sechs Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren auseneegesat an derbäi si Pyrogravuren op Holz entstanen, wou d'Sandrine Ronvaux d'Sprooch vun de Schrëftsteller a Symboler iwwersat huet. An eiser Sendung hate mir d'Auteuren invitéiert. Een dovu war den Tullio Forgiarini. A mir héieren elo den Extrait, wou hien iwwer seng Literatur an iwwer d'Konschtwierk schwätzt.
    8 min
  • "At Home With Will Shakespeare" vum Pip Utton
    Um Monodrama Festival lescht Woch hat de Public d'Geleeënheet de brittesche Schauspiler Pip Utton mat gläich zwee vu senge Spektakelen op der Bün ze gesinn. Eemol als Marguerite Thatcher ... an eemol als William Shakespeare. De Frédéric Braun war sech dëst lescht Stéck ukucken.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners