Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • "Das Kalkwerk" façon Felix Römer
    Bis den 29. Mee ass den 12. Monodramafestival an der Banannefabrik zu Bouneweg. Dir verstitt just Afepouken? Ma, 2010 huet de Schauspiller Steve Karier de "Fundamental Monodramafestival" zu Lëtzebuerg lancéiert, während deem owend fir owend Solostécker oder Melodrame vun enger Persoun opgefouert ginn. Fir e Schauspiller, Dänzer, Pantomime...di absolutt Kinniksdisziplin. Den 23. Mee huet zum Beispill den éisterräicheschen Acteur Felix Römer dem Thomas Bernhard säi Stéck "Kalkwerk" presentéiert. D'Valerija Berdi an d'Kerstin Thalau hu sech mam Pit Walté doriwwer ënnerhalen.
    12 min
  • "Shoot the Cameraman" vun der Cie AWA
    Mat "Shoot the Cameraman" wërft d'Compagnie AWA - As we are d'Fro op, wat mat eis Mënsche geschitt, wann eng Gesellschaft sech reng op dat verléisst, wat d'Biller eis weisen. Hanner de Kulisse spillt sech oft eng aner Geschicht of. D'Danzstéck gouf d'lescht Woch an de Rotondes gewisen, an de Romain Butti huet mat den Interprete Catherine Dauphin a Georges Maikel geschwat.
    5 min
  • Le retour de Lucienne Jourdain am TOL
    Mat sengem Theaterstéck "Le retour de Lucienne Jourdain" knäppt den Tullio Forgiarini u seng "Ballade de Lucienne Joudain" un, a wéi eng "Enquête Forgiarinienne" geféiert gëtt, kann een am Théâtre Ouvert Luxembourg entdecken. D'Valerija Berdi huet dat mat Genoss gemaach.
    4 min
  • Filmkritik: "Crise et chuchotements"
    Wéi deemools d'Fortis an d'Dexia gerett goufen ... Den Documentaire vum Jossy Mayor a Laurent Moyse bréngt keng nei Fakten an ecartéiert wichteg Froen, mengt de Michel Delage. Am Kino ze gesinn.
    4 min
  • D'Reaktioun vun der Konscht op de Vollmound
    Gëschter hu mir Iech op dëser Plaz mat op Diddeleng an d'Expo "Antidote Fiction" geholl. Op Initiativ vum Lëtzebuerger Kënschtlerkollektiv Bombyx weise siwe plastesch Kënschtler a Performer, an den zwou Diddelenger Galerien Dominique Lang an Nei Liicht, wéi d'Fiktioun konstruktiv als eng Aart Géigegëft géint déi aktuell schlecht Stëmmung agesat ka ginn. Gëschter huet d'Kënschtlerin a Curatrice vun der Expo Nathalie Noé Adam hir Aarbecht erkläert - dee Reportage fannt Dir an eiser Mediathéik - d'Kerstin Thalau hat awer och mam Edwin Cuervo iwwer seng Fotoserie geschwat.
    9 min
  • Cannes am Maverick- Féiwer
    Bal 40 Joer ass et hier, datt de Kultfilm "Top Gun" erauskoum. Pünktlech zum Anniversaire ass elo och Suite do. Alt erëm dréit alles ronderëm de Pilot Maverick, gespillt vum Hollywood-Star Tom Cruise. Datt dee sech och selwer hanner d'Steier gesat huet, fir den Dréi, ass nëmmen ee vun den Detailer, déi zu Cannes d'Fans vum Film an dem Acteur begeeschteren. "Top Gun: Maverick" hat um Filmfestival elo seng Première, mat groussem Opwand. Vun der Croisette, ee Bäitrag vun der ARD-Korrespondentin Bettina Dunkel.
    4 min
  • Wéi sécher ass en Enn?
    Déi momentan gesellschaftlech Paralysie, d'Angscht virun enger Aart Kollapsologie, huet d'Membere vum Lëtzebuerger Kënschtlerkollektiv Bombyx nawell beschäftegt. Sollt et net méiglech sinn, mat Fantasie e Géigegëft ze brauen?!
    D'Nathalie an d'Pascale Noé Adam, Zwillingsschwësteren, Kënschtlerinnen a Grënnerinne vu Bombyx, hunn en Opruff lancéiert a presentéieren aktuell d'Aarbechte vu siwe Kënschtler a Performer, ënner dem Titel "Antidote Fiction", an den zwou Galerië vun der Stad Diddeleng. Dorënner och e Wierk vun der Nathalie Noé Adam selwer.
    Explikatioune vum Kerstin Thalau
    8 min
  • Apéro littéraire am Kader vun Esch2022
    Théâtre de Nihilo Nihil  - esou ass den Numm vun der Compagnie, déi en Apéro littéraire am Kader vun Esch 2022 organiséiert. E Projet, deen och an de Literaturfestival LiteraTour agebonnen ass an op eng participativ Manéier Europa a Literatur zesummebréngt. Hire Projet "Rêves d'Europe" huet d'Cecile Jouanique virgestallt. E Bäitrag vum Valerija Berdi
    4 min
  • Monodrama Festival 2022
    Eleng op der Bün sinn, dat ass de Pilier vum "Le fundamental Monodrama Festival", dee vum 20. bis den 29. Mee an der Banannefabrik zu Bouneweg organiséiert gëtt. Dräizéng Presentatiounen aus der ganzer Welt ginn dem grousse Publik presentéiert.
    D'Valerija Berdi huet mat den zwee Responsabele vum Monodrama-Festival, der Daliah Kentges an dem Steve Karier geschwat.
    13 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners