Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Konscht "Al río/ To the River"
    Op där enger Säit heescht e Rio Grande, op där anerer Río Bravo. Fir d'Amerikaner ass et also einfach de groussen, fir d'Mexikaner de rosene Floss. Op ronn 2.000 km deele sech béid Natiounen d'Gewässer, éier et am Mier verschwënnt. Oder besser: si kéinten et als eppes Gemeinsames wouer huelen, mee d'Iddi vu Grenz dominéiert.
    Wéi sech d'Situatioun scho beim Donald Trump sengem Walkampf 2016 nach méi zougespëtzt huet, huet d'Kënschtlerin Zoe Leonard decidéiert, déi wouer Natur vum Rio ze dokumentéieren. Gutt fënnef Joer drop presentéiert si d'Resultat am Mudam. Explikatioune vum Kerstin Thalau
    9 min
  • D'Stroossener Konschtbiennale 2022 an de Klassizismus
    Si ass zeréck! No Pandemie-bedéngter Paus ass 2022 nees eng Biennale vu Stroossen. Bis den 8. Juni ginn am Stroossener Centre Barblé 70 Wierker vu 36 selektionéierte Kënschtler presentéiert. An hirer Totalitéit solle si dem Public weisen, woufir zäitgenëssesch Konscht haut steet. Hei am Land anscheinend fir manner Abstraktioun, dofir méi Figuratioun, esou de Constat vum multidisziplinäre Jury, ronderëm d'Konschtexpertin Nathalie Becker oder de Streetartist Sumo. Dräi Präisser hunn d'Memberen och verdeelt. D'Kerstin Thalau am Gespréich mam Laureat vum Prix d'Encouragement, Jeff Dieschburg, Joergang 1988
    9 min
  • Déi eege Männlechkeet hannerfrot
    Den Isaiah Wilson huet sech als Choreograph an Dänzer vu senger Kreatioun "331 grams" mat der Positioun vum Mann an der Gesellschaft vun haut beschäftegt. De Romain Butti huet mam Dänzer um Monodrama Festival geschwat.
    4 min
  • Renomméierte Schrëftsteller Boris Pahor gestuerwen
    De sloweenesch-italieenesche Schrëftsteller, ee vun de leschte groussen Auteure vu KZ-Literatur, ass de Méindeg am Alter vun 108 Joer gestuerwen. Hie gouf 1913 zu Triest gebuer, dat deemools nach zu Éisträich-Ungarn gehéiert hat. A sengem staark autobiographesch gepräägte Wierk hat sech de Pahor fir déi sloweenesch Minoritéit an Italien, a géint Faschismus, Nazismus a Kommunismus agesat.
    De Boris Pahor war am Mäerz 2016 hei zu Lëtzebuerg. Hei de Bäitrag, deen de Michel Delage deemools gemaach hat.
    8 min
  • De Fall Jeanne d'Arc
    Viru genee 610 Joer ass si gebuer, an op engem 30. Mee gestuerwen. Rieds geet vun der Jeanne d'Arc, la Pucelle d'Orléans, der historescher Heldin vu Frankräich. Wien ass dann dës jonk Fra, Duechter vun enger Bauerefamill?
    Mat der Perséinlechkeet vun der Jeanne d'Arc hu sech d'Regisseurin Maja Delinic an de Schauspiller Philipp Sommer am Kader vum Monodrama-Festival auserneegesat an hirem Stéck "Der Fall d'Arc". D'Valerija Berdi huet mat den zwee Kënschtler geschwat.
    7 min
  • Palmarès 75. Filmfestival vu Cannes
    Dee wichtegste Filmfestival vun der Welt ass de leschte Weekend mat enger zweeter Palme d'Or fir de Schweed Ruben Östlund op en Enn gaangen. Belsch Cineasten hu sech an der offizieller Kompetitioun ganz gutt aus der Affär gezunn, an och de Lëtzebuerger Filmmilieu konnt sech freeën.
    E Bäitrag vum Michel Delage.
    3 min
  • Interview mam verstuerwene Ray Liotta
    Den amerikaneschen Acteur Ray Liotta, deem seng markantst Haaptroll wuel déi am Martin Scorsese sengem "Goodfellas" (1990) war, ass d'lescht Woch am Alter vu 67 Joer gestuerwen.
    Am Mäerz 2017 war de Ray Liotta Invité um Luxfilmfest. Den Jamie Reinert hat deemools d'Geleegenheet, mat him ze schwätzen.
    6 min
  • "Mother" um Monodramafestival
    Wat ass fundamental? Fir de Schauspiller Steve Karier ass et de "Fundamental Monodramafestival", also säi Fest fir Performancë fir een eenzelne Kënschtler, dat hie virun 12 Joer lancéiert huet. Fir d'Dänzerin a Choreografin Emanuela Iacopini ass et d'Mamm. Mam Solo-Danzstéck "Mother" wëll si am Kader vum Monodrama-Festival an der Banannefabrik zu Bouneweg der Kreatioun, dem kreativen Drang, en Homage danzen. D'Kerstin Thalau war op eng Prouf vu "Mother".
    8 min
  • D'Vicky Krieps gëtt ze Cannes gefeiert
    An zwee Filmer,  "Corsage" an "Plus que jamais" ass déi Lëtzebuerger Schauspillerin Vicky Krieps ze Cannes ze gesinn an dat mat grouusem Succèes. Eisen ARD-Korrespondent Jan Tussing mat Andréck vum Filmfestival.
    4 min
  • Op Identitéitssich mam Kollektiv Knowedge
    Mat der Ambitioun, Dänzerinnen an Dänzer mat de verschiddenste Backgrounden iwwer den Hip-Hop zesummenzeféieren, schafft de Kollektiv "Knowedge" u Kreatiounen, déi net nëmmen den Nowuess fir sech wëll begeeschteren, mee och de Genre vum urbanen Danz méi däitlech an der kënschtlerescher Landschaft hei zu Lëtzebuerg ze verankeren.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners