Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • La Marche des Oubliées de l'Histoire
    D'Compagnie Pièces montés aus Paräis ass mat engem ganz engagéierte Projet am Kulturjoer Esch2022 aktiv. Wat et mat der "la Marche des Oubliés de l'Histoire" op sech huet, erziele si am beschte selwer. An dat sinn d'Kënschtlerinnen Luisa de Martini an d'Isabelle Saudubray. An am Gesang an um Akkordeon héiere mir d'Gabrielle Compan. D'Valerija Berdi huet de Bäitrag zesummegestallt.
    7 min
  • Filmkritik: "Tromperie"
    A sengem neie Film setzt de Fransous Arnaud Desplechin en amerikanesche Schrëftsteller a seng jonk Amante an Zeen. Realitéit oder Fiktioun? Dës Philip-Roth-Verfilmung ass op der Streamingplattform sooner.lu ze gesinn.
    Eng Kritik vum Michel Delage
    4 min
  • Le banquet des utopistes
    Nieft den zéng Südgemengen zu Lëtzebuerg sinn och aacht Gemenge vun der Communauté de Communes Pays Haut Val d'Alzette hei vir a Frankräich en Deel vun der Europäescher Kulturhaaptstad Esch2022. D'Valerija Berdi hëlt eis mat an déi kleng Gemeng Boulange a stellt en aussergewéinleche kulinaresche Projet vir.
    6 min
  • Vum Courage kreativ ze sinn
    Et sinn direkt e puer Disziplinnen, déi an der Jill Crovisier hirer Kreatioun "Sahasa" beienee fannen: Mir gesinn Danz, Akrobatik, Freestyle-Fussball a Parcours - alles Elementer, déi op ganz zougänglech Manéier vun den Interprete Lynn Jung, Isaiah Wilson a Sven Fielitz gewise ginn. De Romain Butti huet mat der Choreographin Jill Crovisier geschwat.
    4 min
  • Heem an d'Onbekannt
    "Das Marterl" heescht den Debütroman vum däitschen Auteur a Journalist Johannes Laubmeier. Et ass e Buch iwwer e perséinleche Verloscht, d'bayresch Heemecht a virun allem iwwer d'Erënneren. An awer ass et keen Trauerepos, mee eng poetesch an humorvoll Ausernanersetzung mat der mënschlecher Gefillswelt. De Max Tholl huet de Schrëftsteller zu Berlin getraff.
    7 min
  • Uwe Timm - Der Verrückte in den Dünen
    A sengem rezente Wierk "Der Verrückte in den Dünen" geet den däitsche Schrëftsteller Uwe Timm dem Gedanken vun Utopien op d'Spuer. Hien hellt eis mat op Reesen an Argentinien, an de Paraguay an an d'Literatur, déi och eng utopesch Plaz ass. D'Valerija Berdi huet déi nei Essaie vum Uwe Timm gelies.
    5 min
  • The rape of Europe nom Maxim Kantor
    Zanter dem éischte Lëtzebuerger Kulturjoer presentéiert de Moler an Auteur Maxim Kantor reegelméisseg nei Aarbechten zu Lëtzebuerg. De gebiertege Moskauer huet argentinesch Originnen; huet virun 30 Joer Russland verlooss huet, zanterhier pendelt hien tëschent Berlin, der Île de Ré an Oxford an huet och déi däitsch an déi franséisch Nationalitéit. Den aktuelle Krich tëschent Russland an der Ukrain hëlt hien als jorelaange Putin-Kritiker staark mat, dowéinst huet hie mat der Ekipp vun eisem Nationalmusée a Rekordvitess eng Expo montéiert. D'Suen, déi duerch den Entrée zesummekommen, ginn un d'Ukrain. D'Kerstin Thalau am Gespréich mam Maxim Kantor iwwer d'Expo "The rape of Europe"
    9 min
  • Guy Helminger - Lärm
    Mat sengem Roman "Lärm", dee bei Capybarabooks erauskoum, ass de Guy Helminger de Gewënner vum Servais-Präis 2022. D'Valerija Berdi huet de Roman ronderëm de kryptesche Personnage Konrad Schnittweg gelies. E Roman mat ville Froen a wéineg Äntwerten.
    4 min
  • "Tout être humain est digne de littérature"
    E Familljepapp, deen e ganzt normaalt Liewe féiert, gëtt vu senger Vergaangenheet ageholl. Dorëms geet et am Armel Job sengem neie Thriller "Un père à soi" (Ed. Robert Laffont). De Michel Delage huet sech mam belschen Auteur ënnerhalen.
    Den Armel Job ass den Dënschdeg, 3. Mee um 20h um LiteraTour-Festival zu Beetebuerg, op Invitatioun vum Institut Pierre Werner.
    7 min
  • Kontraster vun der iranescher Gesellschaft
    Interview mam iranesche Realisateur Panah Panahi iwwer säi Film "Hit the Road", deen de Moment am Kino leeft. De Michel Delage huet hie virop gefrot, wéi hie mat sengem erstaunleche klengen Acteur Rayan Sarlak geschafft huet.
    7 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners