Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • RadiOdyssee 8 #Schaff emol eppes!
    De Sonndeg ass den éischte Mee, also den Dag vun der Aarbecht, deen en etlech esou feieren, datt si ebe grad net schaffen. Fir d'Journalisten um Radio ass dat natierlech anescht; d'Aktualitéit mécht schliisslech och keng Paus. Eis Erzielkonschtemissioun RadiOdyssee, de Sonndeg moien tëschent eelef an zwielef, steet dowéinst ënner dem Motto "Schaff emol eppes". Zemools well d'Kerstin Thalau, déi zwou Erzielkënschtlerinnen Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, bei hirem leschte Meeting virun der Sendung, realiséiert hunn, datt Kënschtler:inne fir vill Leit net wierklech schaffen, mee et sech gutt goe loossen.
    7 min
  • "Dido & Aeneas" am Groussen Theater
    Ënner der musikalescher Leedung vun der Emmanuelle Haïm a choreographéiert vum Franck Chartier vum Danzkollektiv Peeping Tom gouf sech dem Henry Purcell seng barock Oper virgeknäppt, eng Produktioun, déi sech eng grouss Opulenz erlaabt, an där grouss Gefiller mat engem androcksvollen Dekor an d'Luucht gehuewe ginn, an an där den Humor op ausbalancéiert Zäertlechkeet stéisst. De Romain Butti war kucken.
    3 min
  • La Friche et l'Architecte
    Den Théâtre K ass erëm do mat engem neie PARKOUR. Deen éischte gouf 2020 bei eis op der Antenn diffuséiert, elo kann een de Gérald Dumont mat sengem Text live erliewen. Wat mécht ee mat Industriebroochen, a wat maachen d'Industriebrooche mat engem? Wat sinn d'Dreem vun engem Architekt, wann hien net just dëse Frichen, mee och sengem Papp, deen Aarbechter an der floréierender Zäit war, en Denkmal setze wëllt?
    De franséischen Auteur Gérald Dumont huet mat sengem Text ënner der Regie vun der Nathalie Grenat eng Zort Radiossendung op d'Bün bruecht fir d'Geschicht vu sengem Kolleeg, dem Architekt Tom ze erzielen. D'Valerija Berdi huet mam Gérald Dumont iwwer dëse Projet geschwat.
    6 min
  • E Fotostudio vum Liewen am Cercle Cité
    Landschaften an de Mënsch a schwaarzwäiss: dofir stoung dem Norbert Ketter seng Fotografie. Dësen Abrëll wier de Kënschtler an Auteur 80 Joer al ginn; d'Asti feiert mat senger Konscht nodréiglech hir 40 Joer. An zwar am Ratskeller vum Cercle Cité op der Plëss. Do geet den 28. Abrëll d'Expo "Le studio foto de la vie" op, mat impressionante Fotoe vum Norbert Ketter, am Dialog mat Aarbechte vun der Kënschtlerin an Anthropologin Sophie Feyder. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Curatrice vun der Expo, der Françoise Poos.
    8 min
  • Den iresche Schrëftsteller James Joyce am Rouseland Lëtzebuerg
    Am August 1934 war dee groussen iresche Schrëftsteller fir eng Woch hei zu Lëtzebuerg. Eng vum Gast Mannes kuratéiert Ausstellung an der Nationalbibliothéik zeechent dem Auteur vun "Ulysses" säin Openthalt no. Den Titel vun der Expo: "This is a quiet rose-growing part of dirty old Europe".
    E Bäitrag vum Michel Delage
    4 min
  • LiteraTour 2022
    Et ass elo déi zéngten Editioun vum Beetebuerger Literaturfestival LiteraTour. Dëst Joer steet Beetebuerg e ganze Mount am Zeeche vum Buch, d'Fest vum Buch leeft och als Projet vun Esch2022. Wat ass dëst Joer méi aussergewéinlech an ënner wéi engem Remix-Geescht d'Fest vum Buch a vun der Kultur nach bis den 21. Mee steet, dat huet de Patrick Hurt vun der Gemeng Beetebuerg dem Valerija Berdi verroden.
    7 min
  • D'Fiktioun als Géigegëft
    Déi sanitär Kris huet eist Liewen ëmgekrempelt; déi aktuell geopolitesch Erausfuerderungen an de Klimawandel jäizen no séiere Léisungen. "Iwwerall zeechent sech eng gewëss Kollapsologie of", fannen och d'Membere vum interdisziplinäre Kënschtlerkollektiv Bombyx. Si hunn dowéinst siwe plastesch Artisten a Performer invitéiert, déi, an den Diddelenger Galerien Nei Liicht an Dominique Lang, mat hire Wierker, eng Aart "Antidote Fiction" geschafen hunn. Dat Ganzt um Hannergrond vun eiser Industriegeschicht. D'Kerstin Thalau war kucken.
    5 min
  • Nei Filière Lëtzebuerger Linguistik a Literatur
    D'Uni Lëtzebuerg bitt vu September 2022 eng nei Filière am Beräich Lëtzebuerger Linguistik a Literatur am Kader vum Bachelor en Cultures Européennes un. Umeldunge fir deen neie Cours sinn op vum 1. Abrëll bis den 1. Juni. D'Valerija Berdi huet mat der Prof. Dr. Jeanne Glesener vun der uni.lu iwwer dës nei Formatioun geschwat. All weider Informatiounen sinn op bce.luxemburgistik.uni.lu ze fannen.
    7 min
  • Interview mam Fabrizio Maltese
    Mat "I Fiori persi" huet den Italo-Lëtzebuerger Fabrizio Maltese e ganz intimen Documentaire gedréit iwwer den Deuil, deen hie mat sengem kranke Papp verbënnt. De Michel Delage huet mam Realisateur geschwat.
    7 min
  • Schreiwen a Krisenzäiten?
    Kricher gouf et a ginn et permanent, de Krich an der Ukrain schéngt eis awer méi ze betreffen, net just vun bewaffneten Ausenanersetzungen hier, net just am Kontext vun enger sougenannter Flüchtlingswell, mee och ekonomesch a sozial. Vill Mënschen hunn Ängschten, virun den finanziellen Auswierkungen awer och Angscht, dëse Krich kéint ze engem Drëtte Weltkrich féieren.
    A Krisenzäiten sinn et Kënschtler, sief et an der bildender Konscht, am Film, an der Musek an natierlech an der Literatur, déi hir Andréck, hir Emotiounen artistesch verschaffen. Wéi geet et de Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren haut, wéi erliewen si d'Aktualitéit a wéi en Afloss huet dat op hiert schreiwen?
    Fir doriwwer ze diskutéieren, hu mir an eis Liteartursendung "Déi wonnerbar VaLibrairie" d'Lyrikerin Ulrike Bail, den Dichter a Schrëftsteller Jean Portante a vu Berlin aus ass eis den Auteur Maxime Weber zougeschalt. Weider ass d'Professer Dokter Jeanne Glesener vun der uni.lu eis Invitée, fir iwwer eng rezent Konferenz ze schwätzen, déi si an Italien organiséiert hat, an déi als Sujet Literatur an der Militäroccupatioun hat. Hei e klengen Abléck an d'Aussoen vun den verschiddenen Intervenanten. Déi ganz Emissioun kënnt Dir dëse Sonndeg vun 11 Auer u lauschteren.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners