Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Brussels Podcast Festival 2022
    Virun e puer Joer huet nach kee vu Podcaste geschwat, mee haut sinn dës virtuell Audioformater DE Renner. Am Joer 2020 sinn, de Statistiken no, weltwäit all Minutt zwee nei Podcaste kreéiert ginn. An zu Bréissel huet d'Disziplin zanter dräi Joer hiren eegene Festival. D'Editioun 2022 goung tëschent dem siwenten an dem eeleften Abrëll iwwer d'Bün an huet Honnerte vu Virwëlzeger ugezunn. Ënner hinnen eis Bréissel-Korrespondentin Agathe Cherki.
    7 min
  • Désirée Nosbusch - Endlich noch nicht angekommen
    Mat 13 Joer ass si op Wien gereest fir en Interview mam Pierre Brice ze maachen. Domat wier alles ugaangen, schreift déi Lëtzebuerger Schauspillerin a Moderatrice Désirée Nosbusch an hirer beim Ullstein-Verlag publizéierter Autobiografie "Endlich noch nicht angekommen." D'Valerija Berdi huet d'Buch gelies.
    3 min
  • Ödipus/Antigone: Kompakt a voller Effet
    Direkt dräi Stécker, déi dem Sophokles seng "thebanesch Trilogie" formen, ginn an dem Frank Hoffmann sengem "Ödipus/Antigone" an enger kompakter Form duerchgeholl. Nodeems d'Representatiounen am Januar Pandemie-bedéngt hu misse verluecht ginn, huet déi net kleng Produktioun am Abrëll elo konnten nogeholl ginn. De Romain Butti war op d'Première.
    4 min
  • Wanderschéiferei, Fléitzen an Hiewanskonscht
    Lëtzebuerg participéiert bei dräi multinationale Kandidature fir d'representativ Lëscht vum immaterielle kulturelle Patrimoine bei der Unesco. D'Valerija Berdi huet mat der Presidentin vun Unesco Lëtzebuerg, der Simone Beck iwwer déi dräi Kandidature geschwat. Et geet ëm Wanderschéiferei, Fléitzen an Hiewanskonscht.
    9 min
  • Den Terry Gilliam um Luxembourg City Filmfestival 2022
    Verschidde Filmer, déi um Luxembourg City Film Festival Première haten, lafen elo am reguläre Kinosprogramm. Als Ouschterbonbon proposéiere mir Iech hei en Interview mat engem vun de wichtege Festival-Invitéën: den Terry Gilliam. De Realisateur, deen 1940 zu Minneapolis op d'Welt koum an zanter 1967 an England lieft a schafft, war Deel vun der legendärer Monty-Python-Trupp, ass duerno mat Filmer wéi "Brazil", "The Fisher King", "12 Monkeys", oder "Fear and Loathing in Las Vegas" an d'Filmgeschicht agaangen. D'Kerstin Thalau huet en onverbesserleche "Freak" kennegeléiert, deen hofft, datt seng Dreem net ausgedreemt sinn.
    9 min
  • Den Iwwerfloss an der reduzéierter Form
    Et brauch een net ëmmer an all Richtunge kucken ze goen, fir Inspiratioun ze fannen. Fir déi franséisch Kënschtlerin Marie Gourdain geet ee Bild duer, fir doraus eppes komplett Neies ze schafen. Déi bildend Kënschtlerin ass och als Choreographin ënnerwee, a fir hire Work in Progress mam Titel "Coefficient inconnu" war den Ausgangspunkt fir d'éischt emol e ganz bekannten Tableau - "Les Sabines" vum Jacques-Louis David. De Romain Butti huet mat der Kënschtlerin geschwat.
    6 min
  • Kleist-Preis fir d'Esther Kinsky
    Dee mat 20.000 Euro dotéierten Heinrich-von Kleist-Preis geet dëst Joer un déi däitsch Iwwersetzerin, Schrëftstellerin a Lyrikerin Esther Kinsky. Eng Autorin, déi bei eis um Radio dacks thematiséiert gëtt an iwwer dës weider Auszeechnung freet sech mat hir d'Valerija Berdi.
    4 min
  • Summer of '69 in the spring of '22
    Am Summer 1969 hunn d'Kënschtler Berthe Lutgen, Joergang 1935, a Misch Daleiden, Joergang 1948, zesumme mat enger Handvoll anerer Kreativer déi "éischt net affirmativ kooperativ Ausstellung vun aktueller Konscht" organiséiert. Dovunner wousst dir näischt? Effektiv existéiert net ganz vill Dokumentatioun vun deemools an déi meescht Konschtwierker sinn zerstéiert. D'Konschtconservatrice Gabriele Grawe vun der Villa Vauban presentéiert aktuell eng Duebelausstellung, iwwer d'Berthe Lutgen an de Misch Daleiden, an där dëse Sujet natierlech och opgegraff gëtt. D'Kerstin Thalau ass vun der Gabriele Grawe méi iwwer d'Expo gewuer ginn.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners