Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Le Monde sans fin
    De Sujet Energiepolitik ass an den Zentrum vun der ëffentlecher Debatt geréckelt, net zu Lescht wéinst dem Krich an der Ukrain, mee och wéinst der ganzer Debatt ëm déi gréng Taxonomie bannent der EU. Vill franséisch Ekologiste sinn zum Beispill fest dovunner iwwerzeegt, datt d'Atomkraaft de sënnvollsten Auswee vu fossille Brennstoffer wier. Dat weist och d'Bestseller Bande Dessinée "Le Monde sans Fin" vum Jean-Marc Jancovici a Christiophe Blain. Gëschter (5.4.) koum déi däitsch Iwwersetzung vun der BD am Reprodukt Verlag eraus. D'Geleeënheet fir eise Korrespondent Léonardo Kahn den Zeechner Christophe Blain zu Paräis ze treffen.
    7 min
  • Bestandsopnam vum Lëtzebuerger Theater
    Wéi geet et dem Lëtzebuerger Theater? Wou gëtt Theater gespillt a wat gespillt? Wéi vill Schauspiller:innen, Theaterautor:innen, Compagnien a regional Kulturhaiser gëtt et hei am Land? An enger Recommandatioun am Kulturentwécklungsplang 2018-2028 heescht et, datt eng prezis Bestandsopnam vum artisteschen a kulturelle Secteur zu Lëtzebuerg soll gemaach ginn. An deem Kontext gouf elo en e-book publizéiert, wou d'Resultater vun den Donnéeën, déi d'Josée Zeimes vun de Joren 2018 an 2019 zesummegestallt huet a mat weideren aktuellen Informatiounen aktualiséiert goufen. D'Valerija Berdi huet mam Jo Kox, éischte Conseiller um Kulturministère, iwwer dës  Publikatioun geschwat.
    5 min
  • Alice an Adrien Martins - "Echoes' Fantasy"
    "Echoes' Fantasy" ass e Work in Progress, deen aus engem Solo-Stéck entstanen ass. D'Choreographen Alice an Adrien Martins ginn der Fro no, wéi ee sech selwer an engem dacks dach ordinären Alldag erëmfanne kann. Dobäi maache si sech op an eng Dramwelt, déi de gereegelten Alldag hanner sech wëllt loossen. Eng imaginär Rees untrieden, do fillt ee sech virun allem un d'Kandheet erënnert, wou een dat nach gemaach huet, éier een als Erwuessenen dacks just nach eng blatzeg Erënnerung u fréier huet.
    7 min
  • NS-"Kampfgliederungen" zu Lëtzebuerg
    An der aktueller Ausgab vun der historescher Zäitschrëft "Hémecht" (2022/1) liest een ë. a. en Artikel iwwer ee bis dohin onerfuerschten Aspekt vun der Nazi-Kollaboratioun zu Lëtzebuerg wärend dem Zweete Weltkrich. Et geet ëm den NSKK, d'SA an d'SS. E Bäitrag vum Michel Delage
    4 min
  • Am "Garden of Resistance"
    D'Martine Feipel an de Jean Bechameil sinn eng Kënschtlerkoppel, déi zanter 2008 zesummeschaffen. Virop als Sculpteuren, mee et kéint ee si och als onermiddlech Chercheuren an Amateur-Ingenieure bezeechnen. Hir Sujete sinn de Raum, esouwuel de reelle wéi den imaginären, d'Zäit, d'Gesellschaft. Op Demande vum Mudam hu si fir de Gaart vun de Skulpture vum Pei-Musée en neit Wierk kreéiert, e "Garden of Resistance". D'Kerstin Thalau konnt net résistéieren ...
    9 min
  • Masterclass Elia Suleiman
    De Luxembourg City Film Festival ass jo eriwwer ... Deckel zou a fort domat? Mir hätten do allerdéngs nach e puer Opnamen, déi am Kader vum Festival zustan koumen, an déi Iech nawell kéinten interesséieren. Zum Beispill vum Elia Suleiman. De palästinensesche Realisateur war bei dëser Editioun als President vum Jury aktiv an d'Cinemathéik hat eng Retrospektiv vu senge Filmer programméiert. Déi ass mat enger Masterclass vum Elia Suleiman ofgeschloss ginn. D'Kerstin Thalau war kucken a lauschteren.
    9 min
  • RadiOdyssee # WIERKLECH?
    A Krisenzäiten wuesse Mëssvertrauen an Zweiwel am beschten; hunn deemno Verschwörungstheorien a Fake News Héichkonjunktur, vu datt se heefeg simpel Äntwerten op dach komplex Froe ginn. Wéi kënnt et, datt d'Geschicht vun der Killer-Spann an der geliwwerter Yucca-Palm zu Lëtzebuerg d'selwecht wéi zu Paräis oder London erzielt gëtt, an datt ëmmer de Schwoer vun enger gudder Bekannter se erlieft huet an net de Riedner selwer? Wat ënnerscheet urban legends vun traditionelle Legenden, Erzielkonscht vu Manager-Storytelling? Dat gitt dir dëse Sonnden an eiser Émissioun RadiOdyssee gewuer. Hei e klengen Avant-Goût.
    8 min
  • Asaz fir d'Leipziger Buchmesse
    No dräi Annulatioune wéinst der Pandemie krut d'Leipziger Buchmesse gëschter kloer Ënnerstëtzung: vun der Politik, mee och vun den däitschen Editeuren. De Rendez-vous mam Buch an Ostdäitschland wier hätt eng zentral politesch Bedeitung an et géif alles dofir gemaach ginn, fir datt se am nächste Fréijoer erëm kéint ofgehale ginn. Dat sot déi däitsch Staatssekretärin fir Kultur, Claudia Roth, gëschter op der Plaz. D'ARD-Korrespondentin Sylvia Stadler war dobäi.
    4 min
  • Stëmme vun der Schmelz: eng Intro
    1882, also viru genee 140 Joer ass zu Diddeleng déi éischt Schmelz - mat Héichiewen, Stol- a Walzwierk - opgaangen. Viru 40 Joer ass bal alles zougemaach, virun 10 Joer sinn um fréieren Industriesite d'Pomhouse an de Waassertuerm vum CNA als nei Ausstellungsplazen ageweit ginn. Esouwäit dréchen Zuelen a Fakten. Mee un all deem ware Mënsche bedeelegt. Hir Experienzen, hir Erënnerunge wollt de Kënschtler Misch Feinen net just am Toun an am Bild sammelen, mee och dem grand public zougänglech maachen. Mam Kerstin Thalau huet hien iwwer den audiovisuelle Projet "Stëmme vun der Schmelz" geschwat.
    7 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners