Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Franséischsproochech Literatur an der VaLibrairie
    Dëse Sonndeg ass et erëm esou wäit, déi nei Editioun vun eiser Literatursendung Déi wonnerbar VaLibrairie ass Programm. Dës Kéier ass déi franséischsproocheg Literatur am Fokus vum Gespréich vun der Kulturredaktioun. En Interview mat engem belschen Schrëftsteller an zwee Bicher, déi bei Editions Phi erauskoume sinn d'Sujeten. D'Valerija Berdi mat Detailer am Gespréich mam Pit Walté
    4 min
  • Esch 2022: Péitenger Kavalkad
    Am Kader vun Esch 2022 organiséiert d'Gemeng Péiteng de Weekend vun Halleffaaschte seng Kavalkad am Zeeche vun Europa. Nieft der traditioneller Kavalkad, déi dës Kéier méi international opgezu gëtt, ass och e Programm fir Kanner am Park geplangt. D'Valerija Berdi mat Detailer
    5 min
  • Wichtegste privaten Don un een ëffentlecht Kulturinstitut
    D'Nationalbibliothéik krut eng aussergewéinlech privat Sammlung am Beräich vun der Heraldik, also der Wopekonscht, geschenkt. Ënner den Dausende Bänn vum verstuerwenen Dr. Jean-Claude Loutsch senger spezialiséierter Bibliothéik sinn 51 rar Manuskripter, déi deelweis aus der Zäit vu viru 1500 stamen. Vun der Bedeitung hier ass et hei am Land dee bis elo wichtegste privaten Don un een ëffentlecht Kulturinstitut, huet et op der Pressepresentatioun geheescht. 
    E Bäitrag vum Michel Delage
    5 min
  • Prix Laurence 2022
    168 AutorInnen mat 239 Texter - dat ass d'Resultat vum Opruff fir déi zéngten Editioun vum Prix Laurence, e Literaturconcours, dee sech u Jonker tëschent 12 a 26 Joer adresséiert. Dëst Joer, an dat am Kader vun Esch 2022, waren net just d'Amateure vum Schreiwen aus Lëtzebuerg, mee och aus Italien, Portugal a Litauen, dat nieft Novi Sad a Serbien an Esch dëst Joer Europäesch Kulturhaaptstad ass, déi hir Texter fir de Prix Laurence agereecht hunn. D'Valerija Berdi huet mam Jurysmember a Matorganisateur vum Prix Laurence, dem Pit Hoerold geschwat.
    7 min
  • En "Homard Chéri" fir d'Cecil's Box
    Dir kennt dach bestëmmt d'Cecil's Box, d'Konschtvitrinn vum Cercle Cité an der Paschtoueschgaass? Déi ideal Plattform fir lokal Kreatiounen, vu datt se 24 Stonnen op 24, siwen Deeg an der Woch, fir Passante visibel sinn. Déi mëttlerweil 25. Expo an der Cecil's Box soll natierlech eng besonnesch sinn. De Cercle Cité huet dofir d'Kënschtlerin, Enseignante a Konschttherapeutin Tessy Bauer, Joergang 1981, lieft a schafft zu Bréissel, invitéiert. An déi huet en "Homard Chéri" fir d'Geleeënheet preparéiert. Explikatioune vum Kerstin Thalau.
    4 min
  • Konscht "Al río/ To the River"
    Op där enger Säit heescht e Rio Grande, op där anerer Río Bravo. Fir d'Amerikaner ass et also einfach de groussen, fir d'Mexikaner de rosene Floss. Op ronn 2.000 km deele sech béid Natiounen d'Gewässer, éier et am Mier verschwënnt. Oder besser: si kéinten et als eppes Gemeinsames wouer huelen, mee d'Iddi vu Grenz dominéiert.
    Wéi sech d'Situatioun scho beim Donald Trump sengem Walkampf 2016 nach méi zougespëtzt huet, huet d'Kënschtlerin Zoe Leonard decidéiert, déi wouer Natur vum Rio ze dokumentéieren. Gutt fënnef Joer drop presentéiert si d'Resultat am Mudam. Explikatioune vum Kerstin Thalau
    9 min
  • Interview mat der Pooneh Hajimohammadi
    Am Kader vum LuxFilmFest 2022 ass déi lëtzebuergesch Koproduktioun "Une histoire ordinaire" vum Schwäizer Realisateur Romed Wyder gelaf. D'Martine Reuter hat d'Geleeënheet sech mat der iranescher Actrice Pooneh Hajimohammadi ze ënnerhalen.
    7 min
  • Saeed Hani - "The Blind Narcissist"
    A senger Kreatioun "The Blind Narcissist" beschäftegt sech de Choreograph an Dänzer Saeed Hani mat der Selbstverléiftheet an eiser Gesellschaft a wéi eng Konsequenzen domat verbonne sinn. Am Virfeld vun der Opféierung am Trois-CL huet de Romain Butti mam Saeed Hani geschwat.
    7 min
  • Hu Konschtkategorien eppes vun enger "instant comedy"?
    "Instant comedy": esou ass dem Kënschtler Filip Markiewicz seng Eeenzelausstellung an der neier Escher Konschthal iwwerschriwwen. De Gros vun de Peinturen, Videoen, Skulpturen si während dem Lockdown entstanen a versti sech als visuellen Essai, als Reaktioun op dat Digitaalt, dat ëmmer méi séier gedréint huet a beim Filip Markiewicz fir eng Redécouverte vun der Physikalitéit gesuergt huet, vun de gudden alen Uelegfaarwen zum Beispill, mee och vun der Gittar. Mam Kerstin Thalau huet de Filip Markiewicz doriwwer geschwat, datt fir hien "iwwerall Musek dran ass".
    8 min
  • Hanner enger Muséeskollektioun stécht eng "sacrée mission"
    Enn 2021 hat d'Reuter Bausch Art Gallery hir Dieren an der Ënneschtgaass opgemaach; e Portrait iwwer déi frëschgebake Galeristin Julie Reuter hate mir bei der Ouverture gesent: de Reportage fannt Dir an eiser Mediathéik.
    Am Lëtzebuerg City Museum ass awer och bis de Juli eng Expo ze gesinn, déi d'Julie Reuter, nach virum Galerie-Alldag, als Curatrice op d'Bee gestallt hat. D'Kerstin Thalau ass méi iwwer dës "sacrée mission" gewuer ginn.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners