Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Huel e Kand mat an den Theater!
    Den 20. Mäerz ass den Internationalen Dag vum Kanner- a Jugendtheater.  Déi International Vereenegung ASSITEJ - Association Internationale du Théâtre pour L'Enfance et la Jeunesse organiséiert ronderëm dësen Dag weltwäit Atelieren, Theaterstécker an Eventer fir Kanner a Jugendlecher. Esou och ASSITEJ Lëtzebuerg.
    Eng Programmatioun, déi vun Ettelbréck bis Esch-Uelzecht  an de verschiddenen Kulturhaiser vum 16. bis den 23. Mäerz ugebuede gëtt. Et geet hei awer net just drëm, datt Kanner a Jugendlecher just Theaterstécker kucke ginn, mee do ass och Participatioun gefuerdert. E Projet mam Titel "Krop der en Theateratelier" riicht sech u Schoulklassen.
    D'ASSITEJ gesäit sech als eng kulturell Stëmm, déi Mënschen,  an dësem Fall Kanner a Jugendlecher vereene wëll, Gläichheet, Fridden an Bildung sinn d'Pilieren vun der Associatioun.
    Wat sech hannert dëser Associatioun verstoppt a wat d''Iddien an Highlighte vun der Programmatioun dëst Joer sinn, huet d'Presidentin Laura Graser dem Valerija Berdi verroden.
    12 min
  • De Stoff vun der Medea grëffeg an Zeen gesat
    Dem Euripides seng Tragedie "Medea" erzielt d'Geschicht vun enger Mamm, déi hir Kanner ëmbréngt. Den Theaterklassiker, an der Iwwersetzung an Adaptatioun vum Regisseur Rafael David Kohn, wielt eng äerdeg Approche, ass sec a pointéiert. Hei kollidéiert d'Wiermt mat der Keelt vun der Vengeance, vum Verdriwweginn. "Medea" gëtt och ze spieren, wéi Léift a pueren Haass kann iwwergoen. De Romain Butti war d'Stéck kucken.
    4 min
  • D'Tina Gillen ass prett fir d'Biennale vu Venedeg
    Scho virun zwee Joer war d'Tina Gillen fir d'Konscht-Biennale vu Venedeg sélectionéiert ginn. D'Kënschtlerin, di 1972 zu Lëtzebuerg op d'Welt komm ass, di no Konschtétuden zu Wien, op Bréissel geplënnert ass, wou si och haut lieft a schafft, ass zemools fir hier Architektur- a Landschaftspeinture bekannt. Wéinst Corona waren och di renomméiert Biennalë vu Venedeg an de Stau geroden, mee elo ass et esouwäit: Enn Abrëll 2022 mécht d'Ausstellung, ënnert anerem mat der Tina Gillen, op. D'Kerstin Thalau iwwert d'Presentatioun vun hirem Projet.
    9 min
  • Fear and Loathing in Moutfort mam Pierre Reyland
    Ee vun de bekannte Gäscht um Luxembourg City Filmfestival 2022 war den Terry Gilliam, Member vun der legendärer britescher Komikertrupp Monty Python, Réalisateur vu Filmer ewéi "12 monkeys", "Brazil" an och "Fear and loathing in Las Vegas". D'Équipe vun eiser Émissioun B-Radio hat fir hier Mäerz-Éditioun en Homage un den Terry Gilliam preparéiert, an och u säi Compatriot, de Gonzo-Journalist Hunter S. Thompson, op deem sengen Erënnerungen de Film "Fear and loathing" baséiert. Erauskomm ass de B-Radio "Fear and loathing in Moutfort". De Pierre Reyland war zum Beispill als Gonzo-Sportjournalist ënnerwee.
    9 min
  • Wou Zirkus op elektroakustesch Musek trëfft
    En 33 Kilo schwéiere Bou aus Holz schäert iwwer de Buedem, dobäi beweegt sech en Akrobat op déi ënnerschiddlechst Manéier ëm an duerch dësen Objet doduerch. Déi Geräischer, déi dobäi entstinn, gi gesampelt an erauskënnt d'Kreatioun "3D", déi an de Rotondes gewise gëtt. De Romain Butti huet mat den Interpreten Jules Sadoughi a Mikael Le Guillou geschwat.
    4 min
  • Luxfilmfest Digest 5
    De Michel Delage an d'Martine Reuter schwätzen iwwer de polneschen Drama "Silent Land", deen an der Kompetitioun leeft, an de britteschen Docu "Cow"
    9 min
  • Déck Loft am CNA
    Am Centre National de l'audiovisuel zu Diddeleng ass - 100,7-Informatiounen no - nawell déck Loft... Zënter November 2021 leeft am CNA eng Mediatiounsprozedur, fir intern Konflikter ëm eng geplangte Reorganisatioun ze reegelen. E groussen Deel vum Personal, dorënner all d'Chefs de service, kritiséieren d'Manéier wéi den Direkter Paul Lesch d'Digitalisatioun an d'Zesummeleeë vun den Archive geréiert. Besonnesch an der Kritik stinn e Grupp vun auslännesche Consultanteën an eng "attachée à la direction", déi hie bei deem Prozess begleeden. Wéinst der Mediatioun huet d'Reorganisatioun vun der staatlecher Verwaltung missten op Äis geluecht ginn.
    E Bäitrag vum Michel Delage.
    5 min
  • Luxfilmfest Digest 4
    De Michel Delage an d'Martine Reuter beschwätzen de Lëtzebuerger Docu "Crise et chuchotements", de Kompetitiounsfilm "Atlantide" an den Docu "1970".
    10 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners