Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Im Umbruch - Nikolaus Welter reloaded
    Am Kader vum 150. Gebuertsdag vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Nicolas Welter, huet den Olivier Garofalo, en Theatertext geschriwwen, dat elo op der Bün vum  Mierscher Kulturhaus ze gesinn ass. Wéi een de Passé mam Present dramhaft a gläichzäiteg absolut realistesch vermëscht, dat weist d' Équipe ronderëm de Regisseur Tom Gerber ganz iwwerzeegend. Eng Kritik vum Valerija Berdi.
    4 min
  • Luxfilmest Digest 3
    De Michel Delage an d'Martine Reuter beschwätzen de Kompetitiounsfilm "Prayers for the stolen" (Noche de fuego) an déi Lëtzebuerger Co-Produktioun "Icare".
    10 min
  • Kennt Dir den Arnold Hau?
    Dem grousse Genie, dem Arnold Hau, dee mat Goethe, Schiller, Mozart an  Einstein op enger Linn ze nennen ass, wëll d'Equippe ronderëm de Regisseur Jacques Schilz en Denkmal am Kasemattentheater setzen. De vergiessenen Dichter an Denker ass e Produkt vun der neier Frankfurter Schoul. Déi ass och manner Adorno, dofir ëm sou méi d'Grënnungspäpp vun der Satir-Zäitschrëft Titanic. Op der Bün stinn den Nickel Bösenberg, den Dominik Raneburger an de Pitt Simon. D'Valerija Berdi huet mam Regisseur Jacques Schilz geschwat a fir d'éischt gefrot, wéi een op d'Iddi kënnt den Arnold Hau op d'Theaterbün ze bréngen?
    5 min
  • Luxfilmfest Digest 2
    D'Martine Reuter an de Michel Delage schwätzen iwwer déi zwee Documentairë "What will summer bring" an "Ascension", grad ewéi déi Lëtzebuerger Co-Produktioun "Une Histoire provisoire".
    9 min
  • Buergbrennen - eng Traditioun gëtt erfuerscht
    Eng Woch no der Fuesent gëtt a villen Dierfer zu Lëtzebuerg de Wanter verdriwwen, andeem selwer gebaute Buerge verbrannt ginn. Och Traditiounen entwéckele sech an doriwwer fuerscht d'Kënschtlerin, Konschthistorikerin a Musekerin Catherine Lorent. Si war eis Invitée an der Emissioun RadiOdyssee. A wéi hir Fuerschungsaarbecht iwwer d'Buergbrennen ausgesäit, huet d'Kerstin Thalau nogefrot.
    4 min
  • Luxfilmfest Digest 1
    De Michel Delage an d'Martine Reuter liwweren hir éischt Andréck iwwer: "The Cow Who Sang a Song Into the Future", "Reflectioun", "Wou ass d'Anne Frank?" an "Der Passfälscher".
    11 min
  • Filmkritik: "Drive My Car"
    De Michel Delage, d'Martine Reuter an den Thierry Besseling beschwätzen dësen exzellente japanesche Film iwwer den Deuil vun engem Theaterregisseur. "Drive My Car" leeft am normale Kinoprogramm.
    34 min
  • Expo: Remixing Industrial Pasts
    D'Industrie, de Mënsch an d'Landschaft sinn déi dräi zentral Theemen an der Ausstellung "Remixing Industrial Pasts" an der Massenoire um Belval. Wéi huet sech de Minett vum Ufank vum 20. Joerhonnert bis haut verännert? Fir d'Komplexitéit vun der Identitéit vum Minett ze weisen, kommen hei Film- an Audiomaterial zesummen, begleet vun ausgestallten Objeten an atmosphäreschen Ambienten. De Curateur vun der Expo ass de Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, de Sound ass vum  Max Viale an Tokonoma.  Kerstin Thalau, Valerija Berdi an de Felix Mersch hun de Bäitrag zesummegestallt.  Duerch dës virtuell Expo féiert d'Elise Bougelet, responsabel fir Arts visuels bei Esch2022.
    7 min
  • Mécht/Mëscht sech eng "instant comedy" vum selwen?
    "Remix Culture"... ass de Slogan vun der frëschgebakener Europäescher Kulturhaaptstad Esch fir d'Joer 2022. An dee passt u sech och zimmlech gutt op dem Filip Markiewicz seng Manéier fir ze kreéieren. De plastesche Kënschtler a Museker ass 1980 zu Esch gebuer, huet Konscht zu Stroossbuerg studéiert, lieft a schafft haut zu Hamburg; en huet Lëtzebuerg 2015 op der Biennale vu Venedeg vertrueden, 2020 gouf hien hei mam Prix Pierre Werner ausgezeechent. Elo laut hien an der neier Escher Konschthal d'Remix-Culture-Joer an. D'Kerstin Thalau ass méi doriwwer gewuer ginn, wéi de Filip Markiewicz funktionéiert.
    9 min
  • Eng RadiOdyssee zum Theema "Alles muss eraus"
    Dëse Sonndeg kënnt Dir tëschent 11 an 12 eng nei Editioun vun eiser Erzielkonschtemissioun RadiOdyssee lauschteren, déi Kéier ënner dem Titel "Alles muss eraus".
    D'Valerija Berdi an d'Kerstin Thalau befaasse sech, zesumme mat den Erzielkënschtlerinne Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer mam Iwwergang vu Wanter op Fréijoer, a wéi d'Erneierung vun an an der Natur an Erzielungen an Traditiounen thematiséiert gëtt. Invitée ass déi plastesch Kënschtlerin a Musekerin Catherine Lorent, déi och en Dokter-Titel an der Konschtgeschicht huet, an aktuell iwwer d'Buergbrenne fuerscht. Explikatioune Kerstin Thalau
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners