Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Am neie LUCA am Gronn "eisem Buedem" op de Grond goen
    Architektur, déi bebaut Ëmwelt, Urbanismus net einfach just hinhuelen, mee hannerfroen: dofir setzt sech de Luxembourg Center for Architecture, kuerz LUCA, an. An dat ëmmerhin schonn zanter ronnen 30 Joer. 1992 als Fondarch gegrënnt, war d'Missioun vum Zenter ni ausschliisslech Experte vun der Matière unzeschwätzen, mee och de breede Public ze sensibiliséieren. Zanter dräi Joer war de LUCA dofir op der Sich no engem neie Lieu. Elo ass en a Clausen opgaangen. D'Kerstin Thalau ass vun der Vizepresidentin Pascale Kauffman an der Chargée de direction Séverine Zimmer méi gewuer ginn.
    9 min
  • "The World of Stonehenge" am British Museum zu London
    Wat den Ägypter d'Pyramide sinn, ass den Englänner Stonehenge. Nach ëmmer ginn et all Joer nei Erkenntnisser, an dann nees nei Rätselen, iwwer deen, e puer Dausend Joer alen, gigantesche Steekrees a Südengland. Stonehenge gëtt als mageschen Uert bezeechent, deen ewell mat Laserscanner a Radar beaarbecht gëtt, awer fir de grousse Public net méi zougänglech ass. Dee grousse Public dierf sech elo am British Museum zu London selwer eng Meenung bilden: "The World of Stonehenge" ass déi éischt Expo zum Theema an England. Dozou e Beitrag vun der ARD-Korrespondentin Gabi Biesinger
    6 min
  • Teaser "Déi wonnerbar VaLibrairie"
    An der neier Editioun vun eiser Literatursendung "Déi wonnerbar VaLibrairie" (dëse Sonndeg, 27.2.) stinn zwou nei literaresch Publikatiounen um Programm. De grousse Sujet ass de Prix Laurence, deen am Kader vum Literaturfestival LiteraTour zu Beetebuerg am Kader vun Esch2022 organiséiert gëtt. Dofir hu mir de Pit Hoerold invitéiert.
    3 min
  • "Eng grouss Erzielung vun de Lëtzebuerger Fraen an der Resistenz"
    Déi däitsch Historikerin Kathrin Mess huet déi éischt allgemeng Duerstellung iwwer Lëtzebuerger Resistenzlerinne verëffentlecht: "Hier kommst du nie mehr raus. Luxemburger Frauen im Zweiten Weltkrieg. Zwischen Widerstand, Verfolgung und Inhaftierung" (Institut für Geschichte und Soziales Luxemburg a.s.b.l.). Behandelt gëtt och déi schwiereg gesellschaftlech Unerkennung nom Krich.
    E Bäitrag vum Michel Delage
    4 min
  • Didier Eisack - J'ai arrêté Otto Abetz
    Den Didier Esack huet sech op d'Sich no der Geschicht vu sengem Grousspapp, dem Joachim Eisack gemaach, deen dozou bäigedroen huet, datt den Otto Abetz, däitschen Ambassadeur zu Paräis wärend der Nazi-Zäit, nom Krich festgeholl gouf. Dobäi ass eng Famillje-Saga entstanen, déi deemnächst bei Editions Amalthée publizéiert gëtt. Den Didier Eisack ass op Invitatioun vu MemoShoah zu Lëtzebuerg fir säi Buch ze presentéieren. D'Valerija Berdi huet mam Auteur geschwat.
    7 min
  • Originalmanuskript vum "Le Petit Prince" zu Paräis
    Dem Antoine de Saint-Exupéry säi "Le Petit Prince" gehéiert mat iwwer 140 Millioune verkaaften Exemplairen zu den erfollegräichste Bicher vun der Welt. A well et an iwwer 480 Sproochen an Dialekter ze kréien ass, ass et och nach dat zweetmeescht iwwersate Wierk ... no der Bibel! Bei esouvill Kopië frot Dir Iech vläicht: gëtt et d'Original nach? Jo, vu datt den de Saint-Exupéry d'Manuskript zu New York geschriwwen an illustréiert hat, läit et och do, an der Morgan Library. Elo gi fir d'éischt verschidde Passagen an Zeechnungen am Musée des Arts Décoratifs zu Paräis gewisen. Dozou e Bäitrag vun der ARD-Korrespondentin Christiane Kaess
    5 min
  • Georges Maikel: "La perfection, c'est aussi nos rêves"
    Wéi gesäit d'Sich no der Perfektioun an eiser Gesellschaft aus? A wéi eng Konsequenzen huet dës Quête op déi eenzel Leit? A "My Cat Is A Unicorn" beäntweren d'Dänzerinne Jin Lee, Piera Jovic, Natalia Sesé Cabello an Diana Rigata García de Mendoza dës Froen op ganz ënnerschiddlech Weisen. De Romain Butti huet mam Createur, dem Choreograph an Dänzer Georges Maikel Pires Monteiro, geschwat.
    7 min
  • Éric Zemmour: d'Muecht vun der Sproch
    A manner wéi zwee Méint ginn d'Fransousen un d'Walurne geruff. An der Campagne mécht virun allem ee Kandidat op sech opmierksam. Den Éric Zemmour huet bannent e puer Méint déi drëtt Platz erreecht, mat 15 Prozent vun de Walintentiounen. Säi mediale Succès läit gréisstendeels u senger krichs-änlecher Rhetorik, mengt d'Politologin Cécile Alduy. Si ass Professorin fir franséisch Gesellschafts- a Literaturfuerschung op der Stanfort Universitéit a Kalifornien. Haut (18.2.22) kënnt am Editiounshaus Seuil hiert Buch "La langue de Zemmour" eraus. Eise Paräis-Korrespondent huet mat der Autorin Cécile Alduy iwwer dem Zemmour seng Sprooch geschwat.
    7 min
  • Der Berthe Lutgen hir Roserei am Summer of '69
    Eng Handvoll Lëtzebuerger Kënschtler hunn 1969 déi fir deemoleg Verhältnisser spektakulär "erste nichtaffirmative kooperative Ausstellung aktueller Kunst" organiséiert. Esouwuel dësen Happening, wéi och d'Initiativ '69 oder d'Aarbechte vum Groupe de Recherche d'Art politique sinn haut an de Vergiess geroden. Déi Zäit mat dobäi: d'Berthe Lutgen an de Misch Da Leiden, deenen hire kënschtleresche Wee zanter 1969 a bis haut zanter Enn 2021 an der Villa Vauban an enger Expo thematiséiert gëtt. D'Kerstin Thalau war op enger Visitt, bei där d'Berthe Lutgen d'Konditioune vun 1969 beschriwwen huet.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners