Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Wat aus dem M Da Leiden sengem "Summer of '69" ginn ass
    "Summer of '69" war en Hit vum Rockmusiker Bryan Adams. Enn 2021 ass awer och eng Ausstellung ënner deem Titel an der Villa Vauban opgaangen. Do ass d'Iwwerschrëft als Point de départ geduecht: d'Kënschtler Berthe Lutgen a Misch Da Leiden hunn et am Summer 1969 zu Lëtzebuerg zum Deel richteg knuppe gelooss. Vill Konscht vun deemools huet d'Happenings net iwwerlieft. An der Expo "Summer of '69" ass Verschiddenes ze gesinn, mee et geet an der Haaptsaach ëm e Suivi vun de Karriäre Lutgen/ Da Leiden. D'Kerstin Thalau hat Geleeënheet, dem Misch Da Leiden e puer Froen ze stellen.
    7 min
  • Am MNHA den Iran tëschent den Zäiten erliewen
    Viru 15 Joer huet de Fotograf Alfred Seiland fir den New York Times Magazine d'Filmkuliss vun der Tëlee-Serie "Rome" an der réimescher Filmstad Cinecittà fotograféiert. D'Zeenografie huet den Éisträicher esou beandrockt, datt aus dësem Optrag e Liewenswierk entstanen ass: zanterhier reest de Seiland duerch d'Welt an dokumentéiert, wéi d'Mënschen haut mam Ierwe vun de Réimer ëmginn. 2014 hat hie seng "Imperium-Romanum"-Fotoen an eisem Nationalmusée presentéiert. Mëttlerweil ass hien zeréck mam neie Projet "Iran tëschent den Zäiten", zu deem et och duerch d'Réimer koum. Explikatioune Kerstin Thalau
    8 min
  • Extrait B-Radio
    Radio DJ, Batteur, Acteur, Flunkerer ... De Mike Tock mengt een ze kennen. An awer ... "Being Mike Tock" heescht deen neien Episod vum B-Radio.
    28 min
  • Dear mum a Raum vum William Cardoso
    Am Kader vum Projet "Hors Circuits: Dear mum & Raum" vum Trois C-L thematiséiert de Choreograph an Dänzer William Cardoso net nëmme säi Coming Out, mee och den Impakt vun der mentaler Gesondheet op sech selwer. De Romain Butti huet mam Kënschtler geschwat.
    7 min
  • Martine Feipel & Jean Bechameil an d'Resilienz vun der Natur
    Virun enger gudder Woch huet d'Kënschtlerkoppel Martine Feipel a Jean Bechameil hire "Garden of Resistance", am Mudam, ageweit. Dobäi handelt et sech ëm eng Skulptureninstallatioun, déi speziell fir dem Mudam säi Jardin des sculptures kreéiert gouf. Et geet ëm d'Relatioun Natur/Technologie: wéi widderstandsfäeg ass d'Natur? Oder kéint ee sech eng reusséiert Hybridatioun tëschent Natur an Technik virstellen? An der Konscht vläicht jo, an der Realitéit hu Martine Feipel a Jean Bechameil de leschte Summer eng komplett aner Erfarung gemaach. Explikatioune Kerstin Thalau
    8 min
  • Alles wat mir ëmmer schonn iwwer den Hitchcock wësse wollten!
    Dem Pol Lesch seng Expo "Hitchcock. The Brand." am Stater Ratskeller am Cercle Cite presentéiert all déi Elementer, déi et dem brittesche Realisateur Hitchcock erlaabt hunn, sech selwer, seng Filmer an och aner Aktivitéiten als eng Mark ze etabléieren. D'Martine Reuter huet sech mam Direkter vum CNA (Centre National de l'Audiovisuel) ënnerhalen.
    7 min
  • Wéi iwwer d'Gefiller schwätzen?
    Valentinsdag - Den Dag vun der Léift. E Bouquet Blummen oder eng eenzel Rous, e gutt Iessen, eng ausgewielte Fläsch Wäi ginn ausgesicht, fir ze soen: Ech si frou mat dir. Mee wéi kann een déi richteg Wierder fannen, fir iwwer d'Léift, iwwer d'Gefiller ze schwätzen. Ee Sujet, mat deem sech d'Erzielkënschtlerin Luisa Bevilacqua auseneegesat huet an an eiser Emissioun RadiOdyssee duergeluecht huet.
    4 min
  • Nerds: vum Aussesäiter zum Virbild
    Nerds - dat si meeschtens jonk Männer, déi vill Zäit virum Computer a wéineg mat soziale Kontakter verbréngen. Souwäit déi geleefeg Definitioun vun dëser Sozialfigur. An hirem Buch "Nerds: Eine Popkulturgeschichte" tracéiert déi däitsch Kulturwëssenschaftlerin Annekathrin Kohout d'Originne vun den Nerds an diagnostizéiert der Figur e schwéiere Stand an eiser haiteger Gesellschaft. De Max Tholl huet sech mat der Autorin ënnerhalen.
    7 min
  • Wien ass de Mike Tock?
    De Mike Tock kennt een. Oder et mengt een, hien ze kennen. Iergendwou tëschent Tockcity an Tockville si mer no him siche gaangen. "Being Mike Tock" heescht den neien Episod vum B-Radio, dëse Sonndeg um 11 an um 19:00.
    3 min
  • De Charles Rouleau iwwer de Wëssenschaftler am Kënschtler
    De Casino Display, beim Engel um Fëschmaart, ass déi jonk Sektioun vum Casino Lëtzebuerg. Den Display soll eng Plattform fir den Austausch an d'Experimentatioun sinn, a virop d'Nowuesstalenter an der Konscht ënnerstëtzen. Zum Beispill de Charles Rouleau, 1988 am Québec gebuer, huet an den USA an zu Berlin gelieft, duerno zu Heidelberg Konschtgeschicht studéiert, do seng Partnerin, eng Lëtzebuergerin kennegeléiert; zanter 2020 pendelt hien tëschent Lëtzebuerg an Amsterdam, wou hien e Master an Artistic research mécht. Seng Ofschlossaarbecht presentéiert hien aktuell am Display. Explikatioune Kerstin Thalau
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners