Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Johanna Luyssen - Le dating à Berlin fut un enfer
    E Kand eleng opzezéien ass eng Erausfuerderung. Aus enger feministescher Perspektiv kann d'Elengerzéien awer och eng Form vu Selbstbestëmmung sinn, mengt déi franséisch Journalistin Johanna Luyssen. Hiren Debut-Roman "Si je veux" erschéngt haut am Verlagshaus Grasset. Déi fréier Berlin-Korrespondentin vun der Dageszeitung Libération huet an Däitschland hir Duechter op d'Welt bruecht - ouni Partner oder Partnerin. Hiert Buch ass e feministesche Plädoyer un d'Maternité. Eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn huet d'Autorin beim Plënnere begleet.
    8 min
  • D'Léift segelt op der RadiOdyssee
    Pünktlech fir Vältesdag denkt d'Ekipp vun der RadiOdyssee un, iwwer a mat Léift. Kann een d'Léift definéieren a fir wien oder wat kann ee Léift empfannen? An da gëtt et och nach d'Zäit no der Léift ... mee do kann eis d'Luisa Bevilacqua mat hirer schéiner Stëmm tréischten ... Mir lauschteren e klengen Appetizer fir eis Emissioun RadiOdyssee, wou sech alles ëm d'Erzielkonscht dréit, an dëse Sonnden, 6.2., spezifesch ëm d'Léift ...
    RadiOdyssee mat den zwou Erzielkënschtlerinnen Betsy Denzer a Luisa Bevilaqua, den zwou Kulturjournalistinne Kerstin Thalau a Valerija Berdi. Invitée an dëser Sendung ass d'Dichterin an Iwwersetzerin Friederike Migneco.
    5 min
  • What a "Menn"!
    An enger Aart Radio-Retrospektiv stelle mir Iech de Kënschtler Jean-Pierre, genannt "Menn", Adam an e puer Deeler vir. De Kënschtler koum 1914 zu Diddeleng op d'Welt an ass onerwaart, mat 72 Joer, och do gestuerwen. Dat kléngt no net vill Beweegung? De Contraire war de Fall. De Menn Adam war als Jugendleche vun doheem fortgaangen, well säi Beruffswonsch "Kënschtler" net akzeptéiert gouf; hien huet mat nëmme 16 Joer seng lénks Hand bei engem Aarbechtsaccident verluer a gouf nawell Moler, Graveur a Sculpteur. Aktuell feieren d'Diddelenger Galerië säin 80. Gebuertsdag. D'Kerstin Thalau huet mat senger Fra a sengen Zwillingsmeedercher geschwat.
    Lauschtert den 1. Deel vun eiser Radio-Retrospektiv.
    9 min
  • D'Librairie Lello zu Porto
    Si gëllt als eng vun deene schéinsten op der Welt, berüümt wéinst der Art déco Fassad, den neo-goteschen Elementer an enger bemierkenswäerter Trap. Iwwer eng Millioun Visiteure besichen all Joer d'Librairie, déi der JK Rowling als Inspiratiounsquell fir hir Harry Potter-Serie soll gedéngt hunn.
    Net nëmmen eng Librairie, mee och e Verlagshaus. Fir de Portugal-Dag op der Weltausstellung zu Dubai huet Lello déi éischt arabeschsproocheg Editioun vum Camoens sengem berüümten Epos "Os Lusiades" aus dem 16. Joerhonnert verëffentlecht.
    Eis Korrespondentin Marie-Line Darcy ass d'Librairie op Porto kucke gaangen.
    5 min
  • Dem Gehier op der Spuer
    Et gesäit e bëssen aus wéi eng iwwerdimensionéiert Hackernoss, passt an e Kapp eran an ass annerhallwe Kilo schwéier ... jo, et geet ëm dat mënschlecht Gehier. Zanter Joerdausende gëtt versicht an et eranzekucken a seng Rätselen ze léisen. Déi däitsch Bundeskunsthalle zu Bonn versicht elo Léisunge méi no ze kommen - an och zesummenzedroen, wéi eis gro Zellen d'Konscht beschäftegt hunn. "Das Gehirn in Kunst und Wissenschaft" heescht d'Ausstellung, an den Henning Hübert vum Westdeutschen Rundfunk war se kucken.
    4 min
  • Live Cinema 2022
    No zwou verpassten Editiounen 2020 an 2021 ass de Live Cinema nees do. Den OPL steet ënner der Leedung vum amerikanesche Komponist Carl Davis. Um Programm en Owend mam Harold Lloyd an eng Matinée mam Charlie Chaplin. D'Martine Reuter mat Detailer
    7 min
  • Idiomatic
    Datt Lëtzebuerg e villsproochegt Land ass, dierft bekannt sinn. Mee wéi wuel oder onwuel fillt ee sech, wann een an deene ville Sprooche kommunizéiere muss? Wann ee vläicht Lëtzebuergesch als Mammesprooch huet an der Schoul, op der Aarbecht oder an enger Gesellschaft sech an enger Sprooch ausdrécke muss, déi een zwar versteet an och schwätze kann, mee net esou gutt, wéi déi aner dat kënnen? Wat mécht dat mat engem? Wéi eng Konsequenzen huet dat fir d'Liewen? Fir d'Zukunft?
    De belsche Metteur en scène, de Miguel Decleire huet e Stéck kreéiert, wou all dës Froen opgeschafft ginn. Op der Bün sinn da fënnef Leit, déi fënnef verschidde Sproochen als Mammesprooch hunn a probéiere sech ze verstännegen. D'Stéck "Idiomatic" gouf extra fir d'Lëtzebuerger Situatioun ugepasst. Et existéiert eng éischt Versioun, déi an der Belsch gewise gouf.
    De Romain Butti huet mam Metteur en scène iwwer dëse Projet geschwat, an déi éischt Fro un den Decleire war dann, wéi dëse Projet entstanen ass.
    7 min
  • René de Obaldia
    Hie war den Doyen vun der Académie française, wou hien d'Plaz vum Julian Green 1999 iwwerholl huet. Seng Theaterstécker gehéieren zu deenen, déi am meeschten op der Welt gespillt ginn. Elo ass den René de Obaldia am Alter vun 103 Joer gestuerwen. D'Valerija Berdi mat engem Portrait.
    4 min
  • Menn Adam: wou e Wëllen ass ...
    "Plëtzlech an onerwaart" esou bezeechent d'Glaskonschthandwierkerin Nicole Adam den Doud vun hirem Mann, de Kënschtler Jean-Pierre, genannt "Menn", Adam, am Januar 2014. Deemools war hien 72 Joer al. Säin Atelier zu Diddeleng stoung voll mat fäerdege Peinturen, Skulpturen, Textil- plus Glaskreatiounen; houng voll mat neien Iddien. Also hu seng zwou Duechteren, eng Kënschtlerin an eng Schauspillerin, mat zwou Konschtcuratricen, zu Diddeleng, eng Retrospektiv fir dem Menn Adam säin 80. Gebuertsdag op d'Bee gestallt. Dir wësst guer net, wien de Menn Adam ass?? Seng Fra Nicole huet dem Kerstin Thalau interessant Anekdoten erzielt.
    9 min
  • Sofia Aouine an der Autoreresidenz
    Mat hirem Roman "Rhapsodie des oubliés", dee bei éditions de la Martinière erauskoum, huet déi franséisch Schrëftstellerin Sofia Aouine grousse Succès a Frankräich gefeiert a gouf och mat Literaturpräisser ausgezeechent. E groussen Deel vum Roman huet si an hirer Autoreresidenz zu Buerglënster geschriwwen an huet och den Ufank vum Roman virun der Publikatioun an der Escher Kulturfabrik am Kader vum Word in Progress virgestallt.
    Elo ass d'Sofia Aouine erëm zu Lëtzebuerg an huet an der KUFA eng Residenz, wou si un hirem nächste Roman schafft. Wéi ass et an enger Residenz ze schreiwen? Wéi war Buerglënster? Wéi ass Esch? Doriwwer huet d'Ekipp vun der Kulturredaktioun mat der Sofia Aouine an der Literatursendung Déi wonnerbar VaLibrairie geschwat. Hei en Extrait aus deem Gespréich.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners