Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Remix Opening - De Start an d'Kulturjoer Esch2022
    De 26. Februar ass d'Ouverture vum Kulturjoer Esch - Europäesch Kulturhaaptstad 2022. Et ass eng grouss Feier geplangt, bei där am Zentrum vun Esch 5.000 an op Esch-Belval 20.000 Leit erwaart ginn. D'Valerija Berdi huet mat der Generaldirectrice vun Esch2022, der Nancy Braun iwwer dës Festivitéite geschwat, an déi éischt Fro un d'Nancy Braun war, wat sech d'Organisateure vun Esch 2022 deen Dag erwaarden.
    7 min
  • Meng Ouere si meng Aen
    Mir haten Iech op dëser Plaz de botanesche Konschtprojet "Woven In Vegetal Fabric: On Plant Becomings" am Casino Display, beim Engel, virgestallt. De Reportage fannt Dir och hei an eiser Mediathéik. Nieft enger Expo a Konferenze sti Performancen um Programm. De 26. Januar owes zum Beispill mat der Schwäizer Kënschtlerin a Konschtfuerscherin Leonie Brandner, Joergang 1992, déi Iech am Display-Keller dozou invitéiert "ganz Ouer" ze sinn. D'Kerstin Thalau ass dozou méi gewuer ginn.
    4 min
  • Jean Portante - Jadis je disait
    "Jadis je disait" heescht den neie Gedichtband vum Jean Portante. Nee, et ass kee Feeler, dee sech hei ageschlach huet, wann den "je disait" mam Buschtaf t ophält. Wien ass dee "je", a wat kann een alles an engem, ënner engem a mat engem Mantel verstoppen? D'Valerija Berdi huet mam Jean Portante iwwer seng nei Gedichter geschwat.
    8 min
  • Woven In Vegetal Fabric: On Plant Becomings
    De Charles Rouleau, 1988 am Québec gebuer, huet an den USA an zu Berlin gelieft a geschafft, duerno zu Heidelberg Konschtgeschicht studéiert, do seng Partnerin, eng Lëtzebuergerin kennegeléiert; aktuell pendelt hien tëschent Lëtzebuerg an Amsterdam, wou hien e Master an artistic research mécht.
    De leschte Summer war seng Konscht op der Triennale jeune création an de Rotonden an am Casino ze gesinn: seng Soundinstallatioun iwwer d'Fragilitéit vun der Äisschicht um kanadesche Floss Saint-Laurent zum Beispill. Tëschent dem 25. Januar an dem 27. Februar presentéiert hie säin neie Projet am Casino Display, beim Engel um Fëschmaart. Explikatioune Kerstin Thalau
    5 min
  • Lëtzebuerger Literatur(en)
    An Zesummenaarbecht mam Nationale Literaturarchiv organiséiert d'Escher Kulturfabrik all Wanter en Owend, deen der Lëtzebuerger Literatur dediéiert ass. Sechs Autorinnen an Auteuren liesen Extraiten aus hire rezente Wierker, sief dat Prosa, Lyrik oder Theatertexter. Dëst Joer stoungen um Programm:
     
    Jean-Paul Maes - Rehaugen (Kremart)
    Margret Steckel - Daisy Fiedler Capybarabooks)
    Mary Carey - Irresistible Blending (Black Fountain Press)
    Fabienne Faust - Hier ein Fehlen (Phi)
    Florent Toniello - Vidée vers la mer pleine (Phi)
    Jemp Schuster  - Ouereschlëffer (Imprimerie Centrale)
     
    Musek: Julien Petit
    8 min
  • "The World of Music Video" an der Völklinger Hütte
    Fréier goufe se stonnelaang op MTV oder VIVA gekuckt, haut ass et YouTube an aner Plattformen - Rieds geet vun de Museksvideoen. Eigentlech waren déi kleng Filmer geduecht fir d'Musek hannendrun ze promoten - mat der Zäit ass awer méi draus ginn. Haut gëllt de Museksvideo als eege Konschtform. An der Völklinger Hütte, eng 100 km vun hei, gëtt déi nach bis Oktober gefeiert. D'Barbara Grech vum Saarlännesche Rundfunk war d'Ausstellung kucken.
    5 min
  • Berlinale 2022
    Informatioune vun der Berlinale mam kënschtleresche Leeder Carlo Chatrian an der Administratrice Mariette Rissenbeek. D'Martine Reuter mat Detailer iwwer d'Pressekonferenz vum Filmfestival, dee vum 10.-20. Februar an der däitscher Haaptstad ass.
    7 min
  • 2022 - d'Joer vum Molière
    Dëse Mount ass dem Molière säi 400. Gebuertsdag. De franséischen Dramaturg hat am 17. Joerhonnert fir de Kinnek Louis XIV Theaterstécker geschriwwe wéi "Le Misanthrope", "Le malade imaginaire" oder "Les Fourberies de Scapin". De Molière ass e fundamentale Schrëftsteller aus der franséischer Literatur, an dofir huet d'Comédie Française him dëst Joer eng ganz Programmatioun gewidmet. Och 400 Joer duerno schéngen dem Molière seng Stécker ëmmer nach universell an zäitlos. E Reportage vun eisem Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn
    8 min
  • Teaser - Déi wonnerbar VaLibrairie
    Et ass erëm esou wäit fir d'Ekipp aus der Kulturredaktioun. D'Valerija Berdi, d'Kerstin Thalau an de Michel Delage preparéiere sech fir hir Literatursendung Déi wonnerbar VaLibrairie. Wat dann dëse Sonnden um Menü steet, verroden si hei!
    4 min
  • Kënschtlech Intelligenz an Emotiounen
    D'Aarbecht vun der amerikanescher Digitalkënschtlerin Tamiko Thiel beweegt sech tëschent Kënschtlecher Intelligenz a Virtual Reality. Viru Kuerzem war si am Casino - Forum d'Art contemporain.
    Hire Virtrag reit sech an de Konferenzzyklus "Am I AI? Into the Deep on AI" an, deen nach bis Mäerz dauert. De Michel Delage mat Detailer
    6 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners