Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Moi, je suis Rosa ...
    Am Kader vun der Initiativ Neistart Lëtzebuerg huet d'Nathalie Ronvaux de Monolog "Moi, je suis Rosa" verfaasst, deen ënner der Regie vun der Aude-Laurence Biver ëmgesat gouf. D'Lady Rosa, interpretéiert vun der exzellenter Céline Camara, konnt een am Mamer Kinneksbond gesinn, éiert d'Stéck elo am Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck op d'Bün geet. D'Valerija Berdi mat enger Kritik
    4 min
  • Jüddeschen Nottär soll d'Anne Frank verroden hunn
    Fir sech virun den Nationalsozialisten a Sécherheet ze bréngen, waren déi jiddesch Famill Frank a véier weider Mënschen tëschent 1942 an 1944 an engem Hannerhaus zu Amsterdam ënnergedaucht. Do huet d'Anne Frank hiert berüümten Tagebuch geschriwwen. Am August 1944 gouf d'Famill an e KZ deportéiert an, bis op de Papp Otto Frank, ermuert. Hir Stopp war verrode ginn. Mee vu wiem? Dat hunn ëmmer nees Ermëttler versicht erauszefannen. 77 Joer nom Enn vum Krich ass e méigleche Schëllege fonnt ginn.
    Dir héiert dozou eng Korrespondenz vum ARD-Journalist Ludger Kazmirczak vun Den Haag.
    5 min
  • Op der Sich no Escher Legenden ...
    Escher urban Legenden, al Geschichten an Erzielunge stinn am Fokus vum Projet "Stammdësch", deen op d'Initiativ vum transnationale Kënschtlerkollektiv "Le gueuloir" entstanen ass. Dräi Theaterauteuren, d'Lénaïc Brulé, aus der Belsch, de Fabio Godinho aus Lëtzebuerg an de Franck Lemaire aus Frankräich hunn e Stammdësch am Café Le pirate zu Esch-Lalleng organiséiert a sammelen do Geschichte vun den Escher, fir se duerno an Theatertexter ëmzesetzen.
    D'Valerija Berdi an de Romain Butti waren op d'Plaz an hunn d'Stëmmung an d'Aussoen agefaangen an an engem Collage zesummegestallt.
    7 min
  • Hanner enger Muséeskollektioun stécht eng "sacrée mission"
    Am Dezember hat d'Reuter Bausch Art Gallery hir Dieren an der Ënneschtgaass opgemaach, elo presentéiert se schonn hir zweet "Group Show". E Portrait iwwer déi frëschgebake Galeristin Julie Reuter hate mir bei der Ouverture gesent: de Reportage fannt Dir an eiser Mediathéik.
    Am Lëtzebuerg City Museum ass awer och bis de Juli eng Expo ze gesinn, déi d'Julie Reuter, nach virum Galerie-Alldag, als Curatrice op d'Bee gestallt hat. D'Kerstin Thalau ass méi iwwer dës "sacrée mission" gewuer ginn.
    4 min
  • RDV STAMMDËSCH #2
    Am Kader a mat der Ënnerstëtzung vun Esch2022 huet dee grenziwwergräifende Kollektiv Le Gueuloir e Projet lancéiert mam Numm Rendez-vous Stammdësch. Nom éischten Deel am Dezember, deen um Belval gelaf ass, ass de Gueuloir elo zu Esch-Lalleng. Et geet ëm Rencontere vun Autorinnen an Auteure mat de Bierger:inne vun Esch, ëm urban Legenden an ëm theatralesch Ëmsetzung.
    D'Valerija Berdi huet no Detailer beim President vum Gueuloir a Coordinateur vum Projet, dem Godefroi Godet, gefrot.
    6 min
  • "Anthropocean" an de Rotonden
    Déi dräi Nowuesskënschtler Lucie Wahl, Michelle Kleyr a Ganaël Dumreicher, aktiv an de Beräicher Film-, Medien- an Audiokonscht, plädéiere fir en Neiufank an der Konscht. Den Trio wënscht sech méi Kreatioune mat politeschen an ekologeschen Aussoen. An de Rotonden hate si hir Rauminstallatioun "Anthropocean" presentéiert, déi d'Problematik vun der, vum Mënsch produzéierter, Ënnerwaasser-Sound-Pollutioun an hir dramatesch Konsequenze fir Fauna a Flora, thematiséiert. D'Kerstin Thalau ass, an der Emissioun RadiOdyssee, vun der Lucie Wahl nach méi zum Theema Neiufank gewuer ginn.
    5 min
  • Der Tonia Raus hir Vue op d'Passeurs d'art
    D'Tonia Raus ass Chercheuse a Professorin fir Franséisch op der Uni Lëtzebuerg. Doriwwer eraus enseignéiert si am Kader vum Bachelor fir europäesch Kulturen. Vu datt fir si eng Universitéit zum kulturellen Debat bäidroe soll, an hir Sektioun, d'Sciences Humaines, och zur Valorisatioun vu Beruffer am Beräich vun der Kultur, hat si mat anere Professeren, an a Kollaboratioun mat der Luxembourg Art Week, de Colloque Passeurs d'art organiséiert. An dat och wann eis Uni keng Spezialisatioun a Konschtvermëttlung ubitt. D'Kerstin Thalau ass vun der Tonia Raus méi zu de Motivatioune gewuer ginn.
    10 min
  • Maxime Weber - Das Gangrän
    Deen éischte Roman vum jonke Lëtzebuerger Auteur Maxime Weber: D'Welt gëtt vun engem Schwier, dee sech rasant entwéckelt, zerstéiert, an dëst déidlecht Geflecht hält och viru Lëtzebuerg net stall. Dës spekulativ Fiktioun, déi bei Editions Kremart erauskoum, huet d'Valerija Berdi gelies.
    5 min
  • D'Michelle Cotton an de Postkapitalismus am Mudam
    Virun zwee Joer war am Mudam en neie wichtege Poste geschafen an ausgeschriwwe ginn: dee vum Responsabel fir d'Programmatioun an den artistesche Contenu. Engagéiert gouf d'Englännerin Michelle Cotton, zanter 2015 erfollegräich Directrice vum Bonner Kunstverein. D'Konschthistorikerin hat ënner anerem d'Renne gemaach, well si mat engem fäerdegen Ausstellungskonzept an d'Virstellungsgespréich komm war. Duerch Corona konnt et eréischt annerhalleft Joer drop konkretiséiert ginn, mee dat mécht d'Expo "Post-Capital: Konscht an Ekonomie am digitalen Zäitalter" net manner interessant. D'Kerstin Thalau ass vun der Michelle Cotton méi gewuer ginn.
    8 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners