Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Marco Schank - Die Wahrheit gehört ans Licht
    Et ass elo deen zéngte Roman an dee siwente Fall vum Kommissar Robert Mathieu aus der Plomm vum Marco Schank, deen am Verlag op der Lay erauskoum. E Kriminalroman, deen an d'Zäit vum Zweete Weltkrich an en Éisleker Duerf féiert. D'Valerija Berdi mat enger Kritik
    4 min
  • De MacGyver hätt eng Léisung fonnt
    An enger Welt voller Léisungen, misst ee sech do vläicht net emol froen, wat iwwerhaapt de Problem ass? Schliisslech heescht et jo "Versich kee Problem ze léisen, deen nach guer net existéiert". E labbere Grupp vu schlagfäerdege Mataarbechter huet dowéinst hir Talkshow net "Houston, mir hunn e Problem", mee "Houston, mir sinn de Problem" genannt. Tja, dann dierf ee sech als Animateur net wonneren, wann op eemol Freed a Leed no beienee leien, wann de Schoss eventuell no hanne lassgeet.
    6 min
  • "11 Must see movies 2021"
    D'Stater Cinemathéik weist dëse Mount eelef kuckeswäert Filmer vum leschte Joer, déi et net an de reguläre Kinosprogramm gepackt haten. 
    De Michel Delage huet mat der Nicole Dahlen, Curatrice vum Programm, geschwat.
    0 min
  • Teaser B-Radio
    Vill Leit hu Léisungen. Mee wat ass iwwerhaapt de Problem? Eng onméiglech Sich ... Avant-goût op den neie B-Radio, dee mer dëse Sonndeg um 11 moies diffuséieren.
    3 min
  • Filmkritik: "The Card Counter"
    Den Oscar Isaac spillt en traumatiséierte Pokerspiller an dësem impressionanten Drama vum amerikanesche Routinier Paul Schrader. 
    De Michel Delage war de Film an de Kino kucken.
    4 min
  • Amer Amer
    Eng Relatioun tëschent engem Fils a senger Mamm ass de Sujet vum Stéck "Amer Amer", dat d'Elsa Rauchs an de Jérôme Michez op d'Bün vum Escher Theater bréngen. Besonnesch un dëser Performance ass, datt de jonke Mann vum Schauspiller Tom Geels duergestallt gëtt, d'Mamm awer eng Persoun aus dem Publikum ass, déi duerch d'Opféierung geféiert gëtt, ouni eng Virstellung ze hunn, wat hir Roll genee ass.
    E gewote Projet, iwwer dee sech d'Valerija Berdi mat den zwee Kënschtler ënnerhalen huet.
    8 min
  • D'Patricia Lippert proposéiert Schleek mat Pilz
    Neits aus Eppelduerf: d'Molerin a Sculptrice Patricia Lippert huet e Kannerbuch kreéiert. Mat gemooltem Text an eegenen Illustratiounen erzielt si d'Fabel "Der blaue Pilz und die Schnecke". An de leschte Joren huet d'Kënschtlerin an hiren Aarbechten, dacks a Kollaboratioun mat anere Kënschtler, nach emol drop hiweise wëllen, datt de Mënsch nu wierklech net d'Kréinung vun der Schöpfung ass, datt en esouwuel d'Natur wéi och seng eegen Natur méi respektéiere misst. E Sujet, deen och an hirer Fabel matschwéngt. Explikatioune Kerstin Thalau
    0 min
  • Mam Gregor Schneider duerch säin Ego-Tunnel
    Sech mat sech selwer, sengen Ängschten ausenanersetzen, soll jo Wonner wierken. Dofir brauch ee Raum an Zäit? D'Zäit misst Dir Iech huelen, an zwar bis den néngte Januar, mee mir hunn den idealen Espace fir Iech fonnt: déi nei Escher Konschthal. Do stellt ee vun de wichtegen däitschen zäitgenëssesche Kënschtler aus: de Gregor Schneider, Joergang 1969, dee viru ronn 20 Joer, fir seng accessibel Skulpturen, op der Biennale vu Venedeg mam gëllene Léif ausgezeechent gi war. D'Kerstin Thalau an de Gregor Schneider huelen Iech elo mat op en Tour duerch d'Expo "Ego-Tunnel", en Gros e Parcours duerch eis Angschtraim.
    8 min
  • Buchkritik: Guy Rewenig - "Den Herkull Heng (...)"
    Dësen neie Band vun ''Onméigleche Geschichten'' (Editions Guy Binsfeld) mat engem onméiglechen Titel bréngt eng Kritik un der klengkaréierter Natioun vun héichbezuelten an iwwerempfindleche Kulturbanausen zum Ausdrock, an enger sprëtzeger, spillerescher Sprooch.
    De Michel Delage huet et gelies.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners