Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Michael Maar am Gespréich
    A sengem Wierk "Die Schlange im Wolfspelz. Das Geheimnis großer Literatur" setzt sech den däitsche Literaturkritiker, Germanist a Schrëftsteller Michael Maar mam Geheimnis vum gudde Stil auserneen a geheit d'Fro op, wéi aus der Sprooch Literatur gëtt. Hien huet hei 50 däitschsproocheg AutorInnen ausgewielt an eng Rees vun der Vergaangenheet bis an d'Géigewaart ënnerholl fir mat ganz vill Humor dës Froen ëmmer erëm ze stellen.
    De Michael Maar war Invité am Institut Pierre Werner a bei dëser Geleeënheet huet d'Valerija Berdi mat him iwwer säi literarescht Schaffe geschwat.
    0 min
  • Teaser- Déi wonnerbar VALibrairie
    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 diskutéiert all Mount an eiser Literaturemissioun iwwer nei Lëtzebuerger Bicher. Ëm wéi eng Bicher et sech den nächste Sonnden handelt, verréit d'Valerija Berdi.
    3 min
  • "Gudden Appetit" op der Schmelz: den Haaptplat
    Kachbicher ginn haut graff an dräi Kategorien ënnerdeelt: detailléiert, awer dréchen, Rezeptersammlunge fir professionell Käch / Schoulkachbicher fir Ufänger / illustréiert Publikatioune mat Anekdoten an Informatiounen iwwer Iesstraditiounen. D'Buch "Gudden Appetit", vun den zwee Industriekultur-Kollektiver FerroForum an DKollektiv, gehéiert an dee leschten Tirang: d'Memberen haten no enger performativer Soirée Enn 2019, hirer "Alerte gourmande", realiséiert, datt de Volet Industrie a Gastronomie bis ewell hei am Land wéineg thematiséiert gi war an hu sech op d'Sich no Informatioune gemaach. Explikatioune Kerstin Thalau
    5 min
  • "Gudden Appetit" op der Schmelz: d'Entrée
    D'Membere vun den zwee Industriekultur-Kollektiver DKollektiv a FerroForum hu realiséiert, datt fréier, am Kontext vun der Industriekultur, eng spezifesch Iesskultur existéiert huet, déi awer wéineg thematiséiert gëtt. Also hu si zesummen d'Kachbuch "Gudden Appetit" zesummegestallt an um fréieren Industriesite tëschent Schëffleng an Esch-Uelzecht  presentéiert: eng Publikatioun a véier Gäng mat interessante Fotoe vun deemools an haut, authentesche Rezepter an Temoignagen. D'Kerstin Thalau mat der Entrée
    5 min
  • "other spaces" vun der Noémie Goudal
    D'Fotografin Noémie Goudal ënnersicht d'Relatioun tëschent dem Natierlechen an dem Kënschtlechen, tëschent Wëssenschaft an Imaginatioun, tëschent Konstruktioun an Erfindung. Dir frot Iech, wéi dat goe soll? Andeems si hire Fotoapparat einfach enzwousch an d'Landschaft hält?? Tatsächlech weisen der franséischer Fotokënschtlerin hir Biller genee dës komplex Bezéiungen, respektiv "other spaces", konkret Plaze baussent allen anere Plazen, déi vum Philosoph Michel Foucault "Heterotopien" genannt gi waren. Bis Februar 2022 kënnt Dir der Noémie Goudal hir Konscht am Arendt House um Kierchbierg entdecken. D'Kerstin Thalau war do.
    9 min
  • Selbstzensur an der Tierkei
    In der Türkei hat sich das Klima für Künstlerinnen und Künstler in den vergangenen Jahren stark gewandelt. Viele spüren Druck. Dabei gibt es keine direkte staatliche Zensur. Viele üben bei ihren Arbeiten aber Selbstzensur. Die Gründe dafür liegen in der jüngsten Geschichte des Landes der vergangenen rund zehn Jahre. Ein Beitrag von Uwe Lueb, ARD
    5 min
  • De fiktive Sage fou psychologesch gekuckt
    Den Hodscha Nasreddin, den Till Eulenspiegel, d'Schildbierger vu Schilda ... d'Lëscht vun de weise Gecken an der traditioneller Erzielkonscht ass laang. Déi sougenannt Sages fous hu faszinéiert, intrigéiert, beonrouegt, an an engems zum Laache bruecht. Si hate quasi als eenzeg d'Recht, de Mächtegen de Spigel virzehalen, ouni bestrooft ze ginn.
    An eiser Erzielkonschtemissioun RadiOdyssee hate mir versicht, dësem Personnage humor- an awer respektvoll méi no ze kommen, ënner anerem och psychologesch. D'Kerstin Thalau am Gespréich mam Psycholog Sébastien Dawant
    9 min
  • Danh Vo ... Jan Who?
    Virun zirka 15 Joer ass dem Danh Vo den Duerchbroch als Kënschtler gegléckt. Jan Who?? Ma, den Danh Vo koum 1975 am Vietnam op d'Welt. Véier Joer drop wollte seng Elteren, wéinst dem chineesesch-vietnameesesche Krich, an d'USA flüchten, d'Famill koum awer just bis Kopenhagen, wou den Danh Vo opgewuess ass a spéider Konscht studéiert huet. Zanter 2006 lieft a schafft hien zu Berlin. A senger Konscht setzt hie sech mat Identitéit, Migratiounsgeschicht, Affiliatioun ausenaner. A mat aneren, zum Deel net immens bekannte Kënschtler. Aktuell presentéiert hien eng Installatioun am Mudam. D'Kerstin Thalau hat Geleeënheet, do mam Danh Vo ze schwätzen.
    8 min
  • Grouss Dreem a kleng Ambitiounen
    Firwat et als Stierweskranken net och an der Wüst vun Nevada ausklénge loossen? De Bob Kieffer setzt a senger Kuerzgeschicht "Rachel" (Kremart/Timba) en desillusionéierte Banquier an Zeen. Eng Kritik vum Michel Delage
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners