Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Expo: World Press Photo
    4.315 Fotografinnen a Fotografen aus 130 Länner hu 74.470 Fotoen erageschéckt fir um Concours vu World Press Photo deelzehuelen. Fotoen a Fotogeschichte ginn ausgewielt, déi dann net just priméiert, mee och weltwäit ausgestallt ginn. Bei eis ass d'Ausstellung Wolrd Press Foto an der Abtei Neimënster ze gesinn. D'Valerija Berdi war op eng Visite guidée mat der Kuratorin vun der Expo, der Marika Cukrowski.
    6 min
  • Seriekritik - "Coyotes" (Netflix)
    E Grupp vu Scouten entdeckt Diamanten an ... eng Läich! Déi belsch-lëtzebuergesch Co-Produktioun versicht, iwwer e bluddege Thriller d'Problemer vu Jugendlechen ze thematiséieren.
    Eng Kritik vum Michel Delage
    4 min
  • Präisiwwerreechung vum Nationale Literaturconcours
    Claudine Muno, den Duo Marc Weydert a Marie-Isabelle Callier, Eline Klaassen a Lena Differding heeschen d'LaureatInne vum Nationale Literaturconcours 2021. Bei der zeremonieller Präisiwwerreechung am Nationale Literaturarchiv hunn d'GewënnerInne sech an hir Texter virgestallt. D'Valerija Berdi huet mat den Autorinnen an Auteure vu Jugend- a Kannertexter geschwat.
    9 min
  • Le ghetto de Litzmannstadt - aux portes de la mort
    Am Kader vum 80. Joresdag vun der éischter Deportatioun vu Judden aus Lëtzebuerg an der Regioun vun Tréier an de Ghetto vu Litzmannstadt a Polen, huet d'MemoShoah Lëtzebuerg eng Ausstellung an der Villa Pauly organiséiert. D'Valerija Berdi huet sech vum Jim Goerres, dem President vum Verwaltungsrot vu Memo Shoah Lëtzebuerg, duerch dës Ausstellung mam Numm "Le ghetto de Litzmannstadt - aux portes de la mort" féiere gelooss.
    Déi ganz Visite guidée vun der Ausstellung "Le ghetto de Litzmannstadt - aux portes de la mort " mam Jim Goerres kënnt Dir de 26. Dezember moies um néng an owes kuerz no sechs Auer op eiser Antenn lauschteren.
     
    D'Ausstellung "Le ghetto de Litzmannstadt - aux portes de la mort" ass vu MemoShoah Lëtzebuerg organiséiert an dat mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der Oeuvre nationale de secours G.Duchesse Charlotte an der Fondation luxembourgeoise pour la Mémoire de la Shoah. D'Ausstellung ass an der Villa Pauly ze gesinn, wou d'Ekipp déi logistesch Hëllef garantéiert huet.
    Ëffnungszäite sinn vun dënschdes bis freides vun 13:00-16:30. Fir eng Visite guidée sinn och aner Zäite méiglech, do soll een einfach per Mail op [email protected] schreiwen.
    9 min
  • Palmarès European Film Awards
    Den Drama "Quo Vadis, Aida?" ëm de Genozid vu Srebrenica war de grousse Gewënner vun den European Film Awards de leschte Samschdeg. D'Lëtzebuerger Co-Produktiounen, déi nominéiert waren, goungen eidel aus.
    E Bäitrag vum Michel Delage
    3 min
  • Der Berthe Lutgen hir Roserei am Summer of '69
    Eng Handvoll Lëtzebuerger Kënschtler hunn 1969 déi fir deemoleg Verhältnisser spektakulär "erste nichtaffirmative kooperative Ausstellung aktueller Kunst" organiséiert. Esouwuel dësen Happening, wéi och d'Initiative '69 oder d'Aarbechte vum Groupe de Recherche d'Art politique sinn haut an de Vergiess geroden. Déi Zäit mat dobäi: d'Berthe Lutgen an de Misch Da Leiden, deenen hire kënschtleresche Wee zanter 1969 a bis haut zanter Enn November an der Villa Vauban an enger Expo thematiséiert gëtt. D'Kerstin Thalau war op enger Visitt, bei där d'Berthe Lutgen d'Konditioune vun 1969 beschriwwen huet.
    5 min
  • Noitibihoc? Net tibi tibi?
    "Mäi Spillen ass Léieren, mäi Léieren ass Spillen", esou den hollänneschen Dichter Hieronymus van Alphen schonn am 18. Joerhonnert. Schéi fir hien, mee muss dofir direkt déi ganz Welt "spilleresch" ginn? Jo, onbedéngt, mengen d'Kënschtlerin Aurélie D'Incau an d'Performerin a Bünebildnerin Clio Van Aerde. D'Spill géif eis net just e Gefill vu Fräiheet ginn, well et wäit ewech vun de stressege Kategorië richteg a falsch agéiert, mee et wier och fundamental fir d'Originalitéit an der Konscht. D'Kerstin Thalau wollt wëssen, wéi originell déi zwéin tatsächlech sinn a war an de Walfer Kulturespace CAW.
    9 min
  • Advent, Advent ...
    Advent, Advent, ein Lichtlein brennt ... Fir Iech an eis d'Zäit bis Chrëschtdag ze verkierzen, ass eis Ekipp vum B-Radio amgaang eppes Besonnesches ze bastelen ... Ëm wat et geet? Dat héiere mir dëse Sonndeg ... oder elo am klengen Appetizer, deen d'Valerija Berdi virbereet huet.
    5 min
  • Gitt Der mat op de Mars?
    "Esch-Mars. De Terres Rouges en Terres Rouges" heescht de Projet vum Kënschtlerkollektiv Eddi van Tsui. Ee Joer laang exploréiert d'Ekipp op wëssenschaftlecher, sozialer, artistescher a literarescher Manéier de Sujet vun der Kolonialiséierung vum Mars. E Projet fir d'Kulturjoer Esch 2022. D'Valerija Berdi huet mat de KënschtlerInne geschwat.
    0 min
  • Amadeus
    Wéi a ganz Europa d'Theaterhaiser zou waren, huet dem Peter Shaffer säi Stéck "Amadeus" ënner der Regie vun der Claire Wagener an dem Jacques Schiltz zu Lëtzebuerg Première gefeiert. Dat war am November 2020. Elo ass den "Amadeus" nach emol am Kapuzinertheater ze gesinn. "Amadeus" ass eng Produktioun vun Independent Little Lies a Koproduktioun mam Kasemattentheater, opderschmelz an dem CAPE. D'Valerja Berdi mat enger Kritik
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners