Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Am MNHA den Iran tëscht den Zäiten erliewen
    2006 huet de Fotograf Alfred Seiland fir den New York Times Magazine d'Filmkuliss vun der Tëlee-Serie "Rome" an der réimescher Filmstad Cinecittà fotograféiert. D'Zeenografie huet den Éisterräicher esou beandrockt, datt aus dësem Optrag e Liewenswierk entstanen ass: zanter hier reest de Seiland duerch d'Welt an dokumentéiert, wéi d'Mënschen haut mam Ierwe vun de Réimer ëmginn. 2014 hat hie seng "Imperium-Romanum"-Fotoen an eisem Nationalmusée presentéiert. Elo ass hien zeréck mam neie Projet "Iran tëscht den Zäiten", zu deem et och duerch d'Réimer komm ass. Explikatioune Kerstin Thalau.
    0 min
  • De "World of Wine" an d'Kultur aus dem portugiseschen Norden
    WOW steet an der englescher Sprooch fir eppes, wat mer immens fannen. Am Portugal, zu Gaia, direkt vis-à-vis vu Porto, steet et fir World of Wine. En neie Muséeskomplex mat 7 Muséeën an 12 Caféen a Restauranten. Geschäftsleit hu fréier Wäikeller restauréiert fir d'Regioun aus dem Norde vum Portugal ze valoriséieren. An et ass zimmlech gelongen, fënnt eis Korrespondentin Marie-Line Darcy, dat eis fir dëse Reportage mat op Gaia an de World of Wine hëlt.
    5 min
  • Esch 2022: Transitory Ausstellung ze Paräis
    Zu Paräis war Donneschden den Owend de Vernissage vun der Expositioun "Transitory", wou Fotografe vun den dräi europäesche Kultur-Haaptstied ausgestellen. Ausser Esch, sinn och déi serbesch Stad Novi Sad an déi lettesch Stad Kaunas representéiert. Dës dräi Stied hunn a priori net vill gemeinsam, ausser datt hiert Stadbild staark vun der Industrialiséierung gepräägt ass. Eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn war fir eis op der Ausstellung.
    5 min
  • Kommentar: Déi "beschte" Lëtzebuerger Filmer...
    Mam Film "Superjhemp retörns" a virun allem der Serie "Capitani" ass Samsa Productions de leschte Freideg als de grousse Gewënner vum Lëtzebuerger Filmpräis 2021 ervir gaangen. Wat genee gouf dann do belount?, freet de Michel Delage an engem Kommentar.
    4 min
  • Summer of '69 in the winter of '21
    Am Summer 1969 hunn d'Kënschtler Berthe Lutgen, Joergang 1935, a Misch Daleiden, Joergang 1948, zesumme mat enger handvoll anerer Kreativer di "éischt net affirmativ cooperativ Ausstellung vun aktueller Konscht" organiséiert. Dovunner wousst dir näischt? Effektiv existéiert net ganz vill Dokumentatioun vun deemools an di meescht Konschtwierker sinn zerstéiert. D'Konschtconservatrice Gabriele Grawe vun der Villa Vauban mécht elo eng Duebelausstellung op, iwwert d'Berthe Lutgen an de Misch Daleiden, an der dëse Sujet natierlech och opgegraff gëtt. D'Kerstin Thalau ass vun der Gabriele Grawe méi iwwert d'Expo gewuer ginn.
    9 min
  • Marie-Henriette Steil - Tier und Mensch
    "Tier und Mensch" ass den Titel vum Lauschterbuch vun der Lëtzebuerger Schrëftstellerin Marie-Henriette Steil, Joergang 1898.
    De Steve Karier liest dës, wéi am Ënnertitel steet "Harmlose Geschichten". Mee sinn ëes Geschichten esou harmlos? Valerija Berdi huet se gelauschtert.
    D'Lauschterbuch ass eng Produktioun vum CNL a CNA.
    5 min
  • Andreas Schwab - Zeit der Aussteiger
    Künstler waren die ersten Aussteiger der Moderne. Die Kolonien, die sie fernab der Städte gründeten, üben bis heute eine große Faszination aus. Andreas Schwab unternimmt am Beispiel von zehn Aussteigern eine Reise zu den Künstlerkolonien von Barbizon bis Monte Verità. Dabei begegnet der Leser Berühmtheiten, wie Truman Capote oder Jean-Francois Millet, aber auch zahlreichen Künstlerinnen und Künstlern, die bis heute in deren Schatten stehen. 
    Ein Beitrag von Angelika Thomé
    5 min
  • Jemp Schuster a Marc Binsfeld am Gespréich
    De Jemp Schuster ass de Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis. Mat sengem Roman, deen an zwee Deeler eraus komm ass, feiert den Auteur e grousse Succès. Deemools, wou hien d'Wierk wollt publizéieren, huet hien kee Verlag ze Lëtzebuerg fonnt, dee bereet war säi Manuskript unzehuelen. An eiser Emissioun "Déi wonnerbar Valibrairie", déi des Kéier live vun de Walfer Bicherdeeg iwwerdroe ginn ass, hunn de Jemp Schuster an den Editeur Marc Binsfeld iwwer des Situatioun diskutéiert. D'Valerija Berdi an de Michel Delage hu moderéiert.
    7 min
  • Méi sozial Ofsécherungen fir ArtistInnen
    D'Arbéchtskonditiounen vu fräischaffende ArtistInnen an Intermittenten vum Spektakel verbesseren an déi artistesch Kreatioun ënnerstëtzen sinn,  dat sinn d'Ziler vum Projet de loi, deen d'Kulturministerin Sam Tanson virgestallt huet. Wat dat konkret fir déi Konschtschafend bedeite kéint, héiert der elo an engem Bäitrag vum Valerija Berdi.
    7 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners