Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Jiddwereen ass e Stéck Landschaft, esou d'Justine Blau
    "Wien Däre séit, dierf säin Zelt net buerféiss verloossen", mengen d'Beduinen. Ënner dem Titel "Ensemencement" hat d'Kënschtlerin Justine Blau am Summer 2021, um nohaltege WaterWalls-Festival zu Esch-Sauer, aacht Fändele "geséit", déi sech no an no verwandele konnten, esou och an en Zelt. Domat wollt si den Discours zum Theema "Evolutioun vum mënschleche Rapport zur Natur" weiderbréngen. Beim Tipi ass d'Justine Blau, no Recherchen, hänke bliwwen, presentéiert bis Enn der Woch d'Sound-Installatioun "Je suis un morceau de paysage" an der Annexe 22 op der Escher Brillplaz. Explikatioune Kerstin Thalau
    9 min
  • Maxime Weber - Das Gangrän
    Deen éischte Roman vum jonke Lëtzebuerger Auteur Maxime Weber: D'Welt gëtt vun engem Schwier, dee sech rasant entwéckelt, zerstéiert, an dëst déidlecht Geflecht hält och viru Lëtzebuerg net stall. Dës spekulativ Fiktioun, déi bei Editions Kremart erauskoum, huet d'Valerija Berdi gelies.
    5 min
  • D'Catherine Lorent spillt ParadiCe
    D'Organisateure vun der Luxembourg Art Week hu 15'000 Visiteuren an hirem Zelt um Glacis gezielt. An och de Kaderprogramm war nawell gutt besicht. Eng Kënschtlerin, déi e bëssen iwwerall, also esouwuel op der Konschtfoire, wéi och an Institutiounen, net just present war, ma och ausgestallt huet, war d'Catherine Lorent. Di plastesch Kënschtlerin, Musikerin an Doktorin a Konschtgeschicht hat Samschdes moies op eng Performance an de Mudam invitéiert. Duerno war d'Kerstin Thalau waakreg...
    9 min
  • B-Radio Breakdance
    Breakdance ass e fundamentale Bestanddeel vun der Hip-Hop-Kultur. Och hei zu Lëtzebuerg goufen et ufanks den 80er Jore Pionéier vun deem Danzstil, dee mëttlerweil eng olympesch Disziplin ass. Am neisten Episod vum B-Radio gëtt déi Geschicht erzielt. Extrait.
    7 min
  • Nationalbibliothéik - méi, wéi e Gebai!
    "D'Nationalbibliothéik ass méi, wéi e Gebai", seet de Claude Conter, Direkter vun der BnL. Aus deem Gronn kann een nach bis de 26. Februar 2022 an der Nationalbibliothéik d'Ausstellung "BnL - autoportrait d'une bibliothèque" besiche goen. Eng Expo, wou een e Bléck hanner d'Kulisse gewise kritt. De Claude Conter huet d'Valerija Berdi mat op eng Visite guidée geholl.
    8 min
  • Porte ouverte vun den AAPL-Kënschtleratelieren
    Tëschent dem 12. an dem 14. November ass um Glacis d'Luxembourg Art Week. D'Reportagen iwwer d'Konschtfoire vun de leschten Deeg fannt Dir an eiser Mediathéik. Zousätzlech gëtt et e vaste Kaderprogramm: zum Beispill invitéiert d'Lëtzebuerger Associatioun vun de plastesche Kënschtler op eng Porte ouverte vun hire Kënschtleratelieren. An zwar dëse Samschdeg tëschent 12 an 21 Auer. D'Kerstin Thalau war um Verluerekascht an ass direkt am éischten Atelier bei der Kleederdesignerin Laurie Lamborelle hänke bliwwen.
    6 min
  • Leslie de Canchy: vun enger Galerie 2005 zu 80 am Joer 2020
    Wann eng Struktur wiisst, brauch se méi Hänn, déi se stäipen, an da forcément e Kapp, deen d'Hänn coordinéiert. 2015 huet de Galerist Alex Reding d'Luxembourg Art Week, mat enger 20 Aussteller, lancéiert. Hie war den Initiator, an also de Chef. Wéi d'Konschtfoire bis 70 Exposanten accueilléiere sollt, an d'Zuel vu Visiteure sech op 15.000 quasi verduebelt hat, gouf en neien Direktiounsposte ausgeschriwwen. 2020 hunn d'Leslie de Canchy, als Directrice, an den Alex Reding, als CEO, d'Luxembourg Art Week fir d'éischt am Duo geschmass.
    D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Leslie de Canchy
    7 min
  • Walfer Bicherdeeg
    De Weekend vum 20. November maachen d'Walfer Bicherdeeg, no engem Joer Covid-bedéngter Paus, erëm hir Dieren op. Mat klengen Ännerungen a striktem CovidCheck sinn all d'Frënn vun der Lëtzebuerger Literatur invitéiert d'Stänn vu Lëtzebuerger Editiounshaiser, Liesungen a Schreif-Atelieren ze entdecken.
    D'Valerija Berdi informéiert am Virfeld. De radio 100,7 ass dëst Joer mat der Emissioun Déi wonnerbar VaLibrairie sonndes vun 11 bis 12 Auer  live op der Plaz.
    5 min
  • Déi siwent Luxembourg Art Week
    D'Affichen uechter d'Stad versiche scho méi laang drop opmierksam ze maachen, de Weekend vum 12. bis 14. November ass et esouwäit: déi siwent Luxembourg Art Week mécht hir Dieren op. "Das verflixte siebente Jahr"? Dat huet d'Ekipp am Fong schonn zejoert erlieft, wéi se kuerz virun der Ouverture huet missen op eng virtuell Editioun ëmswitchen.
    Bedeit dat fir 2021 nees vu vir ufänken? A firwat an engem wäissen Zelt um Glacis? Dem Kerstin Thalau seng Froe goufe vum Alex Reding, CEO vun der Art Week, beäntwert.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners