Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Dem William Kentridge seng Faszinatioun fir Poppentheater
    De Südafrikaner William Kentridge ass haut ee vun de bedeitendsten zäitgenëssesche Kënschtler. Besonnesch bekannt si seng mat Kuel gezeechent Animatiounsfilmer, riseg Rauminstallatiounen, déi op der dokumenta oder der Biennale zu Venedeg ze gesi waren. De Mudam, d'Philharmonie an de Groussen Theater haten de Kentridge fir hire gemeinsame red-bridge-project invitéiert. An deem Kontext proposéiert de Kënschtler den zwieleften November eng Versioun vum Kurt Schwitters senger "Ursonate", de véierten a fënneften November "Il ritorno d'Ulisse" als Figurentheater. Den Dramaturg Olivier Ortolani huet mam William Kentridge iwwer seng Faszinatioun fir Marionnette geschwat.
    6 min
  • RadiOdyssee déi Kéier FESTlech
    Radio soll jo e Fest fir d'Ouere sinn. An eiser Erzielkonscht-Emissioun RadiOdyssee huele mir Iech dëse Sonndeg mat bei d'FEST: FEST steet dee Moment fir Federation for European Storytelling. D'Membere vu FEST setze sech fir méi Visibilitéit an Unerkennung vun der Erzielkonscht an, a si gesi sech reegelméisseg fir hiert Wëssen plus hir Experienzen ze deelen, nei Membere kennenzeléieren. Dat lescht Fest vu FEST war elo zu Svendborg an Dänemark. D'Kerstin Thalau mat Reaktiounen
    8 min
  • Mohamed Mbougar Sarr gewënnt de Prix Goncourt
    De franséische Literaturpräis Prix Goncourt gouf gëschter un de senegaleeseschen Auteur Mohamed Mbougar Sarr fir säi Roman "La Plus Secrète Mémoire des hommes" iwwerreecht. De Prix Goncourt ass dee wichtegste Literaturpräis a Frankräich an normalerweis gewannen e franséisch Auteuren, déi vu grousse Verlagshaiser editéiert ginn. Bei dëser Editioun vun der Zeremonie huet sech munches geännert, mengt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.
    4 min
  • Den Daan Botlek huet zu Ettelbréck Mooss geholl
    Eng originell Iddi fir d'Hierschtvakanz: eng Open-Air-Gallery zu Ettelbréck kucke goen ...am Reen?? Den Ettelbréck City Tourist Office hat dëse Summer 15 Streetart-Kënschtler invitéiert, déi d'Piliere vun der Däichbréck als eng Aart Staffelei notze konnten. D'Konschtwierker, a gréisstendeels intensive Faarwen, sollen esou laang et geet op de Mauere bleiwen, och a groer Zäit fir Stëmmung suergen. Open-air, mee mat der Däichbréck iwwer dem Kapp, kënnt een esouguer elo dréchen duerch d'Galerie. An entdeckt zum Beispill dem Daan Botlek seng Aarbecht. D'Kerstin Thalau war dem Kënschtler begéint.
    7 min
  • Guy Helminger - Die Lombardi-Affäre
    Den 19. November ginn d'Laureatinnen a Laureate vum Lëtzebuerger Buchpräis bekannt. Déi fënnef Bicher, déi an der Kategorie Literatur op der Shortlëscht zeréckbehale oufen, wëlle mer Iech nach emol virstellen a fänken u mam Guy Helminger a sengem Roman "Die Lombardi-Affäre", dee bei Capybarabooks erauskoum. D'Valerija Berdi huet e fir eis gelies.
    4 min
  • Ändert sich nichts, ändert sich alles a Rebellion oder Untergang!
    "Rebellion oder Untergang!" vum Noam Chomsky an "Ändert sich nichts, ändert sich alles" vun der Katharina Rogenhofer a Florian Schlederer: zwee Bicher mat Fakten an Hannergrondwëssen iwwer d'Problematik vum Klimawandel. Trotzdeem d'Auteure ganz ënnerschiddlech biographesch Prägungen hunn, stëmme si a ville Punkten iwwereneen. Wéi eng Gemeinsamkeeten dat sinn, verréit eis de Léon Rinaldetti.
    6 min
  • De Retour vum William Kentridge
    Beim "red bridge project" handelt et sech ëm e gemeinsame Projet tëschent der Philharmonie, dem Mudam an dem Groussen Theater, déi hir Haiser, plus hiren techneschen Knowhow engem Kënschtler zur Verfügung stellen. An der Saison 20/21 dem Südafrikaner William Kentridge, deen zanter iwwer 30 Joer erfollegräich Animatiounsfilmer an experimentell Theaterperformancë kreéiert. De 4., 5. an 11. November invitéiert hien op e Marionettespektakel an der Philharmonie an op eng Adaptatioun vum Kurt Schwitters senger Ursonate am Kapuzinnertheater.
    Dir héiert hei en Echange tëschent dem William Kentridge an dem Lëtzebuerger Dramaturg Olivier Ortolani.
    6 min
  • D'Michelle Cotton an de Postkapitalismus am Mudam
    Virun zwee Joer war am Mudam en neie wichtege Poste geschafen an ausgeschriwwe ginn: dee vum Responsabel fir d'Programmatioun an den artistesche Contenu. Engagéiert gouf d'Englännerin Michelle Cotton, zanter 2015 erfollegräich Directrice vum Bonner Kunstverein. D'Konschthistorikerin hat ënnert anerem d'Renne gemaach, well si mat engem fäerdegen Ausstellungskonzept an d'Virstellungsgespréich komm war. Duerch Corona konnt et eréischt elo konkretiséiert ginn, mee dat mécht d'Expo "Post-Capital: Konscht an Ekonomie am digitalen Zäitalter" net manner interessant. D'Kerstin Thalau ass vun der Michelle Cotton méi gewuer ginn.
    8 min
  • Kulturprogramm vun Esch2022 virgestallt
    Véier Méint virum offizielle Lancement vun der Kulturhaaptstad Esch2022 hunn d'Organisateuren en Donneschdeg an der Rockhal en Abléck an de kulturelle Programm ginn. Déi 130 lokal Projete wieren an "dréchenen Dicher". Vun den ugestriefte Sponsoregelder ass een nach e Stéck ewech.
    E Bäitrag vum Michel Delage
    5 min
  • Buchbespriechung: "Pflaumenregen" vum Stephan Thome
    Am Beispiel von Umeko Ri erzählt Stephan Thome die Geschichte seiner Wahlheimat Taiwan. Umeko Ri wächst unter wechselnden Besatzungsmächten auf. Als Kind erlebt sie den Abzug der Japaner und den Einzug der Chinesen. Der Wechsel geht einher mit Widerstand und Säuberungsaktionen. Auch ihre Familie bleibt davon nicht verschont. 
    Ein Beitrag von Angelika Thomé
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners