Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Der Josée Bourg hir Mutatiounen
    D'Josée Bourg ... Verschiddener vun Iech erënnere sech un d'Josée Bourg als fräi 100,7-Mataarbechterin. Anerer hu si als Legenden-Erzielerin erlieft. Si selwer gesäit sech als Nomadin, also a Beweegung, fir net an der Keelt vun der Indifferenz ze erfréieren. Hir Ausbildung hätt si beim Meeschter Passé Composé genoss, wier op Besuch beim Professer Conditionnel Passé gewiescht a géif eng fléissend Formatioun beim Professer Dokter Indicativ Présent matmaachen. A wat bréngt dat alles? Dat kënnt Dir bis den 31. Oktober an der Josée Bourg hirer Expo "Mutatiounen" an der Millegalerie zu Biekerech gesinn.
    9 min
  • Haruki Murakami: Gesammelte T-Shirts
    Rund 100 T-Shirts hat Haruki Murakami aus seiner Sammlung ausgewählt und präsentiert sie gespickt mit Anekdoten aus seinem Leben. Da geht es um Whisky-Sorten und ums Plattensammeln, um Marathonläufe, Konzertbesuche und vieles mehr. Die Literatur spielt in diesem Buch des japanischen Kult-Autors nur eine winzige Nebenrolle. Angelika Thomé hat das Buch gelesen - und ist enttäuscht.
    5 min
  • CinEast Digest 3
    E Geheimnis brauch net opgeléist ze ginn, doduerch behält et nämlech seng ganz Unzéiungskraaft. Ënner deem Motto stinn déi lescht zwee Kompetitiounsfilmer, déi de Michel Delage um CinEast-Festival gesinn huet, zesumme mat anere Wierker.
    8 min
  • Ian de Toffoli am Gespréich
    D'Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis ass eraus: nominéiert si 16 Bicher a véier Kategorien.Iwwer des Shortlëscht, d'Präisiwwerreechung a d'Walfer Bicherdeeg huet d'Valerija Berdi mam President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren, dem Ian De Toffoli geschwat.
    5 min
  • Danz molen a schaffen ouni Suergen
    Mam "3 du Trois" gëtt de Centre de Création Chorégraphique TROIS C-L all Mount Abléck an d 'kënschtlerescht Schafe vu lokalen an auslänneschen Dänzer. Am Oktober waren ënner anerem Kreatioune vum Collectif LUCODA, der Compagnie Eddi van Tsui ze gesinn. De Frédéric Braun mat weideren Detailer.
    4 min
  • Mam Gregor Schneider duerch den Ego-Tunnel
    Sech mat sech selwer, sengen Ängscht, ausenaner setzen, soll jo Wonner wierken. Dofir brauch ee Raum an Zäit? D'Zäit misst dir iech huelen, mee mir hunn den idealen Espace fonnt: di nei Escher Konschthal. Do stellt ee vun de wichtegen däitschen zäitgenëssesche Kënschtler aus: de Gregor Schneider, Joergang 1969, dee viru ronn 20 Joer, fir seng accessibel Skulpturen, op der Biennale vu Venedeg mam gëllene Léif ausgezeechent gi war. D'Kerstin Thalau an de Gregor Schneider huelen iech elo mat op en Tour duerch d'Expo "Ego-Tunnel", en Gros e Parcours duerch eis Angschtraim.
    8 min
  • "Dreams of Escape" a Fotoen
    Bis de 24. Oktober ass op eiser Antenne de CinÉast, de Mëttel- an Osteuropäesche Filmfestival, dee grad a verschiddene lëtzebuergesche Kinoe leeft, e wichtege Sujet. Bis ewell hutt dir eng Rei Filmrezensiounen héieren, ma zum Kaderprogramm vum CinÉast gehéieren och Concerten, Débaten, an...Ausstellungen. Firwat eng Fotoexpo nieft engem Filmfestival presentéieren, sinn di beweegt Biller net ausdrocksstaark genuch? D'Kerstin Thalau war d'Expo am Neimënster kucken a fënnt, datt d'Fotoen do extrem gutt bei den aktuelle CinÉast-Motto "Dreams of Escape" passen.
    6 min
  • CinEast Digest 2
    Drama an Humor musse sech net géigesäiteg ausschléissen! De Michel Delage mat weidere Kuerzkriticke vu Filmer, déi en um CinEast-Festival gesinn huet.
    7 min
  • Mat enger optimistescher Cecil's Box géint de Corona-Down
    D'Cecil's Box ass vun hiren Dimensiounen hier net enorm, mee d'Ausstellungsvitrinn vum Cercle Cité bitt engem Kënschtler awer eng enorm Plattform: d'Cecil's Box, an also och hiren Inhalt, si vun der Paschtoueschgaass aus siwen Deeg an der Woch, 24 Stonnen op 24, ze gesinn. Bis de 5. Dezember der Lynn Cosyn hir Aarbecht "Ukiyo - Living the Moment". Déi fréier Architektin Lynn Cosyn, déi sech zanter fënnef Joer erfollegräich eng Existenz als Illustratrice opgebaut huet, huet dem Kerstin Thalau d'Iddi hanner den Holzplacken-Illustratiounen erkläert.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners