Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • En echte "Cone The Weird" zu Ettelbréck
    Den Himmel weist sech ëmmer méi gro an dréif, d'Beem verléieren hir Blieder an awer bleiwe verschidde Stied am Grand-Duché konterbont. Läit dat um Streetart, un der Hellewull Graffitien, déi op ëmmer méi Fassaden ze gesi sinn? Ettelbréck hat dëse Summer 15 Streetart-Kënschtler invitéiert, déi d'Piliere vun der Däichbréck als Staffelei notze konnten, fir eng Open Air Gallery entstoen ze loossen. Mat dobäi de "Cone The Weird" vu Saarbrécken. D'Kerstin Thalau huet hie kennegeléiert.
    9 min
  • Buchkritik: Ulrike Bail - "statt einer ankunft"
    D'Servais-Präis-Laureatin Ulrike Bail huet viru Kuerzem de Gedichtband "statt einer ankunft" (Conte Verlag) verëffentlecht. D'Valerija Berdi, d'Kerstin Thalau an de Michel Delage hu sech an der Wonnerbarer VaLibraire mat deem Buch auserneegesat.
    8 min
  • Filmkritik: "Illusions perdues"
    Dem Honoré de Balzac säi Klassiker "Illusions perdues" gouf elo fir de groussen Ecran adaptéiert. De leschte Samschdeg an der Emissioun Grousse Kino haten de Michel Delage, d'Martine Reuter an de Misch Bervard iwwer dësen neie franséische Film vum Xavier Giannoli geschwat.
    8 min
  • "Murina" mam Grand Prix um CinEast belount
    Déi 14. Editioun vum CinEast-Festival ass e Sonndeg op en Enn gaangen. Als beschte Film gouf den Drama "Murina" vun der Kroatin Antoneta Alamat Kusijanović ausgezeechent. De Michel Delage iwwer de Palmarès vum Festival fir mëttel- an osteuropäesche Kino.
    4 min
  • Lëtzebuerg op der Frankfurter Buchmesse
    D'Frankfurter Buchmesse huet no engem Joer Paus seng Dieren dëst Joer vum 20. bis de 24. Oktober opgemaach. Et ass eng Bicherfoire, déi sech virun allem u Bicherediteure riicht, mee de Weekend ass och de grousse Public wëllkomm. Och Lëtzebuerger Editiounshaiser an hir SchrëftstellerInne sinn op der Plaz. Gedroen an organiséiert vum Departement Literatur an Editioun vu Kutur | lx sinn net just Bicher exposéiert, mee och eng Rei Diskussiounen ronderëm d'Buch sinn organiséiert.
    Eis Mataarbechterin aus der Kulturredaktioun Valerija Berdi moderéiert eng Diskussiounsronn zum Sujet "Bicherblogger - nei Experienzen". All dës Panels kënnen online gekuckt ginn. D'Valerija Berdi verréit am Gespréich mam Kerstin Thalau Detailer.
    9 min
  • Teaser op déi wonnerbar VaLibrairie
    Dëse Sonndeg leeft déi fënneft Editioun vun eiser Literatursendung Déi wonnerbar VaLibrairie. Eng Emissioun, wou d'Buch an d'Welt vun der Literatur am Mëttelpunkt stinn. Wat eis dann dëse Sonndeg vun 11 bis 12 erwaart, huet d'Valerija Berdi um Mikro vum Simon Larosche verroden.
    3 min
  • "other spaces" vun der Noémie Goudal
    D'Fotografin Noémie Goudal ënnersicht d'Relatioun tëschent dem Natierlechen an dem Kënschtlechen, tëschent Wëssenschaft an Imaginatioun, tëschent Konstruktioun an Erfindung. Dir frot Iech, wéi dat goe soll? Andeems si hire Fotoapparat einfach enzwousch an d'Landschaft hält?? Tatsächlech weisen der franséischer Fotokënschtlerin hir Biller genee dës komplex Bezéiungen, respektiv "other spaces", konkret Plazen baussent allen anere Plazen, déi vum Philosoph Michel Foucault "Heterotopien" genannt gi waren. Bis Februar 2022 kënnt Dir der Noémie Goudal hir Konscht am Arendt House um Kierchbierg entdecken. D'Kerstin Thalau war do.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners