Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Danz molen a schaffen ouni Suergen
    Mam "3 du Trois" gëtt de Centre de Création Chorégraphique TROIS C-L all Mount Abléck an d 'kënschtlerescht Schafe vu lokalen an auslänneschen Dänzer. Am Oktober waren ënner anerem Kreatioune vum Collectif LUCODA, der Compagnie Eddi van Tsui ze gesinn. De Frédéric Braun mat weideren Detailer.
    4 min
  • Mam Gregor Schneider duerch den Ego-Tunnel
    Sech mat sech selwer, sengen Ängscht, ausenaner setzen, soll jo Wonner wierken. Dofir brauch ee Raum an Zäit? D'Zäit misst dir iech huelen, mee mir hunn den idealen Espace fonnt: di nei Escher Konschthal. Do stellt ee vun de wichtegen däitschen zäitgenëssesche Kënschtler aus: de Gregor Schneider, Joergang 1969, dee viru ronn 20 Joer, fir seng accessibel Skulpturen, op der Biennale vu Venedeg mam gëllene Léif ausgezeechent gi war. D'Kerstin Thalau an de Gregor Schneider huelen iech elo mat op en Tour duerch d'Expo "Ego-Tunnel", en Gros e Parcours duerch eis Angschtraim.
    8 min
  • "Dreams of Escape" a Fotoen
    Bis de 24. Oktober ass op eiser Antenne de CinÉast, de Mëttel- an Osteuropäesche Filmfestival, dee grad a verschiddene lëtzebuergesche Kinoe leeft, e wichtege Sujet. Bis ewell hutt dir eng Rei Filmrezensiounen héieren, ma zum Kaderprogramm vum CinÉast gehéieren och Concerten, Débaten, an...Ausstellungen. Firwat eng Fotoexpo nieft engem Filmfestival presentéieren, sinn di beweegt Biller net ausdrocksstaark genuch? D'Kerstin Thalau war d'Expo am Neimënster kucken a fënnt, datt d'Fotoen do extrem gutt bei den aktuelle CinÉast-Motto "Dreams of Escape" passen.
    6 min
  • CinEast Digest 2
    Drama an Humor musse sech net géigesäiteg ausschléissen! De Michel Delage mat weidere Kuerzkriticke vu Filmer, déi en um CinEast-Festival gesinn huet.
    7 min
  • Mat enger optimistescher Cecil's Box géint de Corona-Down
    D'Cecil's Box ass vun hiren Dimensiounen hier net enorm, mee d'Ausstellungsvitrinn vum Cercle Cité bitt engem Kënschtler awer eng enorm Plattform: d'Cecil's Box, an also och hiren Inhalt, si vun der Paschtoueschgaass aus siwen Deeg an der Woch, 24 Stonnen op 24, ze gesinn. Bis de 5. Dezember der Lynn Cosyn hir Aarbecht "Ukiyo - Living the Moment". Déi fréier Architektin Lynn Cosyn, déi sech zanter fënnef Joer erfollegräich eng Existenz als Illustratrice opgebaut huet, huet dem Kerstin Thalau d'Iddi hanner den Holzplacken-Illustratiounen erkläert.
    5 min
  • Michael Maar am Gespréich
    A sengem Wierk "Die Schlange im Wolfspelz. Das Geheimnis großer Literatur" setzt sech den däitsche Literaturkritiker, Germanist a Schrëftsteller Michael Maar mam Geheimnis vum gudde Stil  auseneen a geheit d'Fro op, wéi aus der Sprooch Literatur gëtt. Hien huet hei 50 däitschsproocheg AutorInnen ausgewielt an eng Rees vun der Vergaangenheet bis an d'Géigewaart ënnerholl fir mat ganz vill Humor des Froen ëmmer erëm ze stellen. De Michael Maar war kierzlech Invité am Institut Pierre Werner a bei dëser Gelegenheet huet d'Valerija Berdi mat him iwwer säi literarescht Schaffe geschwat.
    0 min
  • CinEast Digest 1
    De Michel Delage mat kuerze Kritike vu Filmer, déi en dëser Deeg CinEast, dem Festival fir mëttel- an osteuropäesche Kino gesinn huet.
    7 min
  • Der Nora Turato hire Punkt
    Queesch iwwert d'Mauer vun enger vun de Mudam-Galerien steet aktuell "eeeexactlyyy my point." geschriwwen. Op hypnoteschem, psychadeleschem, blo-orangem Fong. Et handelt sech dobäi net ëm eng Pub aus den 1970eger, mee ëm eng Peinture, déi 18 Meter laang an 8 Meter héich ass. E Wierk vun der gebierteger Kroatin Nora Turato, déi zousätzlech eng Rei Affichen am Espace public vun der Stad verdeelt huet, an déi fir di nei Gruppenexpo "Post-Capital: Konscht an Économie am digitalen Zäitalter" eng nawell zimlech dynamesch Performance gebueden huet. D'Kerstin Thalau war se kucken.
    6 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners