Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • D'Aventure vum Sound Design mam David Kamp
    Am Mudam huet d'Associatioun Design Friend leschten Donneschden op eng Konferenz agelueden, op daer de Kamp Ablécker a séng Projet'en a séng Aarbechtsweis gedeelt huet. De Marc Clement äus der Museksredaktioun huet sëch virun der Konferenz mam Sounddesigner ennerhalen.
    9 min
  • Modernisme à Faro
    Dans le sud du Portugal, la jolie ville de Faro la capitale de l'Algarve  redécouvre son patrimoine architectural. Grâce à des portugais revenus s'installer dans la région et qui se sont enthousiasmés pour le modernisme, un style très années 70 véritable tronc commun de l'architecture de Faro.  Un reportage de marie-line darcy
    0 min
  • Interview mam Cineast Cyrus Neshvad
    De Cyrus Neshvad ass zu Teheran gebuer awer aus politesche Grënn huet d Famill hir Heemecht verlooss an esou ass hien hei zu Lëtzebuerg opgewuess. No sengem Lycéesofschloss huet hien sech a Richtung Kino orientéiert. Dem Cyrus Neshvad säi Courtmetrage "Le portraitiste" ass an der Competitioun bei der 9. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis.
    0 min
  • Weekend d'Ouverture an der Escher Konschthal
    Den däitsche Begrëff "Kunsthalle" bezeechent eng net kommerziell Institutioun, an der Konschtauststellungen organiséiert ginn. Et handelt sech deemno weder ëm e Musée, deen eng eege Sammlung huet, nach ëm e Kënschtlerhaus mat Atelieren, nach ëm eng Galerie, och wann ee bei "Kunsthalle" vläicht u "Markthalle" erënnert gëtt. De Weekend vum 2 an 3. Oktober geet zu Esch-Uelzecht d'"Escher Konschthal" op, mat spannenden Ausstellungen, Concerten, engem Kënschtlergespréich. Dir sidd alleguerten häerzlech invitéiert! D'Kerstin Thalau ass vum Direkter Christian Mosar méi iwwert seng Konschthal-Pläng gewuer ginn.
    9 min
  • Et wor emol ... eng RadiOdyssee
    Wat ass Erzielkonscht? Wou kënnt d'Erzieltraditioun hier? A firwat ass se weltwäit ënnerschiddlech unerkannt? Wéi aktuell sinn Thematiken, d'Personnagen aus ale Geschichten a Märercher haut?
    Déi zwou Expertinne vum Fach, d'Erzielerinne Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, an déi zwou Kulturjournalistinne Valerija Berdi a Kerstin Thalau aus der radio 100,7 Kulturredaktioun huelen Iech mat op eng Erzielkonscht-Entdeckungsrees, eng RadiOdyssee, dëse Sonndeg um 11 a mir lauschteren hei e klengen Appetizer.
    6 min
  • Buchkritik: Jos Kayser - "Lapsuus" (Binsfeld)
    E Journalist geet no Joren zeréck a säin Heemechtsduerf, wou hie sech mat de Geeschter vu senger Vergaangenheet muss konfrontéieren. Ëm Erënnerung a Vergiesse geet et am Jos Kayser sengem neie Roman "Lapsuus", deen d'Valerija Berdi, de Michel Delage an d'Kerstin Thalau an der leschter Wonnerbarer VaLibrairie beschwat hunn.
    7 min
  • Filmkritik: "My Salinger Year"
    Am Donstkrees vum berüümte Schrëftsteller J.D. Salinger léiert eng jonk Literaturagentin hiren eegene Wee ze goen a sech op dat fir si Weesentlecht ze konzentréieren. Onopgereegt idealistesch Komedie, déi op eng eescht soziologesch Analys verzicht, mee agreabel ze kucken ass, mengt de Michel Delage. Am Kino ze gesinn.
    4 min
  • Aacht Froen un de Jean-Philippe Rossignol - Kultur lx
    Hien ass Schrëftsteller, Essayist, Editeur, Literaturkritiker. Säi Roman "Vie électrique" koum 2011 bei Gallimard eraus, "Juan Fortuna" 2015 bei Christian Bourgeois. Elo ass de Jean-Philippe Rossignol deen neie Responsabele fir de Secteur Literatur an Editioun bei Kultur lx. Eng ronn zéng Kandidature waren erakomm fir dëse Posten ze besetzen. De Comité de Recrutement, deen aus Membere vum Verwaltungsrot a Vertrieder aus dem Lëtzebuerger Literaturliewen zesummegesat war, huet d'Strategie vum Arts Council befollegt an no enger Persoun gesicht, déi um Gebitt vun der Literatur an der Editioun eng Erfarung matbréngt, grad esou wéi international Connectiounen huet.
    D'Valerija Berdi huet beim Jean-Philippe Rossignol nogefrot, wéi hie säin neien Job gesäit, an ob hien dann och all déi gefuerdert Krittären erfëllt.
    6 min
  • Lady Rosa of Luxembourg geet an den Theater
    Am klengen Théâtre du Centaure sollen och dës Saison d'Virstellungen a méi grousse Partnerhaiser gewise ginn - Covid oblige. Wat awer op de Bünen ze gesinn ass, hunn déi artistesch Directrice Myriam Muller, d'Regisseurin Aude-Laurence Biver an de Regisseur Fabio Godinho verroden. D'Valerija Berdi informéiert.
    5 min
  • D'Hélène Mutter "schwëmmt" an Neimënster
    Kënschtlerresidenzen hu mëttlerweil eng fest Plaz an der Programmatioun vum Neimënster. Kënschtler aus ganz ënnerschiddlechen Disziplinne kréien an der Abtei eng Plaz fir a Rou ze experimentéieren a vun enger Infrastruktur an techneschem Knowhow ze profitéieren. An der Reegel sinn och Rencontere mam Public virgesinn. Am Summer 2021 sinn dem Moler Álvaro Marzán Díaz an der visueller Kënschtlerin Hélène Mutter hir Residenzen, wéinst dem Héichwaasser, souzesoen e bëssen an d'Waasser gefall. Den Díaz wäert 2022 erëmkommen, d'Hélène Mutter huet versicht, awer iergendwéi weiderzekommen. D'Kerstin Thalau gouf méi iwwer hir Recherche gewuer.
    8 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners