Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Nei Saison am Théâtre Ouvert Luxembourg
    Den Théâtre Ouvert Luxembourg, kuerz TOL, mécht seng Dieren nees op fir déi nei Saison 2021-22.  D'artistesch Directrice vun dësem franséischsproochegen Theaterhaus, d'Véronique Fauconnet, huet de Programm virgestallt. D'Valerija Berdi mat Detailer
    5 min
  • Konscht pour tous an der Stad?
    Wéi gesäit d'Kulturoffer an der Stad Lëtzebuerg aus? U wie riicht se sech? Wat kéint ee besser maachen? Eng Diskussiounsronn, op Invitatioun vun de Stater Gréngen, huet viru Kuerzem no Äntwerte gesicht.
    E Bäitrag vum Michel Delage
    7 min
  • Les Rencontres d'Arles, déi lescht fir 2021
    De 27. September sinn d'Rencontres de la photo d'Arles 2021 eriwwer. Am Virfeld hate mir déi selektionéiert Kënschtler Daniel Reuter a Lisa Kohl nach emol ze Wuert komme gelooss, d'Reportagë fannt Dir an eiser Mediathéik. Zanter fënnef Joer dierf déi Lëtzebuerger ASBL Lëtz Arles Kënschtler vu Lëtzebuerg op de renomméierte Fotokonschtfestival schécken. Wéi hunn d'Artisten d'Evenement erlieft? An: hat hir Ausstellung an der Chapelle de la Charité eng Suite? Dat huet d'Kerstin Thalau verschidde Participanten de Summer iwwer gefrot.
    8 min
  • 14. Editioun vum Printemps des poètes
    De Weekend vum 24. bis den 26. September ass déi 14. Editioun vum Festival Printemps des poètes.
    Eng Manifestatioun, déi, wéi den Numm et scho seet, normalerweis am Fréijoer iwwer d'Bün geet. Zanter leschtem Joer gouf d'Fréijoer wéinst dem Confinement an den Hierscht verluecht.
    Wat ee sech op dësen dräi Deeg vun internationaler Poesie erwaarde kann, verréit d'Ekipp vum Printemps des poètes vu Lëtzebuerg um Mikro vum Valerija Berdi.
    4 min
  • Däitschsproocheg Literaturkritik an der Nationalbibliothéik
    "Literatur hoch 3" heescht d'Konzept vum fräie Literaturkritiker Jérôme Jaminet. Dräi Bicher , dräi Länner, dräi Kritiker. Des Kéier hat d'Nationalbibliothéik invitéiert a mam Jérôme Jaminet huet déi däitsch Literaturkritikerin Insa Wilke, déi kierzlech als Presidentin vum Jury vum Leipziger Buchpreis nominéiert ginn ass, a mam  éisträicheschem Literaturkritiker Klaus Kastberger dräi nei Publikatiounen beschwat. Och dat neit Buch vum Francis Kirps. Valerija Berdi huet mat den zwee Literaturkenner iwwer hier Vue op Lëtzebuerger Literatur an op d'Entwécklung vun der däitschsproocheger Literatur geschwat.A wat déi d'Literaturkritikerin Insa Wilke an de Literaturkritiker Klaus Kastberger iwwer dem Francis Kiprs säin neit Erzielband "Eber im Nebel" gesot hunn, dat héiert der dëse Sonnden vun 11 bis 12 an eiser Literatursendung "Déi wonnerbar VaLibrairie".
    0 min
  • En Highlight vun der London Fashion Week 2021
    À Londres, la Fashion Week a pris fin le soir du 21 septembre: une semaine de la mode qui a repris son format habituel, après plusieurs éditions en ligne à cause du coronavirus. Et cette année a eu lieu, pour la première fois lors de cet événement, la présentation d'une ligne de vêtements destinée aux femmes en fauteuil roulant.
     
    Notre correspondante à Londres, Claire Digiacomi, a assisté au défilé.
    4 min
  • D'Konschtprojete fir Dubai
    Ënner dem Motto "Mir wëlle bleiwen, wat mir ginn" presentéiert sech de Kënschtlerkollektiv, deen de kulturelle Volet vum Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Dubai wäert animéieren.
    E Bäitrag vum Michel Delage
    5 min
  • Keng "Providencia": Les Rencontres d'Arles ginn op en Enn
    Klenge Reminder: d'Rencontres de la Photographie d'Arles ginn nach bis de Sonndeg 26. September inclus. Mat dobäi d'Lëtzebuerger Kënschtler Daniel Reuter a Lisa Kohl, déi hir Fotoinstallatiounen an der historescher Chapelle de la Charité am Zentrum vun Arles ausstellen. Bis a Südfrankräich packt Dir et dës Woch net? Mee, béid Aarbechte reesen nom Demontage op Esch, fir do am Kader vun der Ouverture vun der Konschthal, den zweeten an drëtten Oktober, dem Lëtzebuerger Public presentéiert ze ginn. D'Kerstin Thalau hat mam Daniel Reuter zu Arles doriwwer rieds, wéi vill Zäit tëschent Fotoprojet a Fotoexpo vergeet.
    9 min
  • "Im-Mobility" oder "Wat versti mir haut ënner Mobilitéit?"
    Mobilitéit, also sech fräi deplacéieren, ass fir eis selbstverständlech: fir ze reesen, ze schaffen, ze léieren, Frënn ze besichen. Mee duerch Corona ass eis eng Aart Immobilitéit opgezwonge ginn. Dorënner hunn och d'Kënschtler gelidden, well se dacks méi wéi ee Wunnsëtz hunn, respektiv am Ausland ausstellen. Wéi hu si d'Immobilitéit erlieft? Wat gouf déi Zäit vun den technesche Wëssenschaften, zu deem Theema, entwéckelt ? Dat weist d'Expo "Im-Mobility" an der Galerie Indépendance vun der BIL. D'Kerstin Thalau gouf vun der Curatrice Séverine Zimmer méi gewuer.
    8 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners