Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • E klenge "Brandy" um fréie Mueren
    De Robert Brandy, Joergang 1946, ass haut ee vun de bekannste Kënschtler vu Lëtzebuerg. Mee wéi hien ufanks der 1970eger décidéiert hat, vu senger Konscht liewen ze wëllen, an dat en plus zu Lëtzebuerg, ass hien zimlech belächelt ginn. Dësen Abrëll ass am Nationalmusée, kuerz virum Brandy sengem 75. Gebuertsdag, a souzesoe fir 50 Joer erfollegräich Kënschtlercarrière, eng grouss Brandy-Retrospektive opgaangen. Dat wësst dir, vu datt mir hei um Radio dovunner geschwat haten? Effektiv: d'Kerstin Thalau wollt iech och just nach emol drun erënneren, datt se nëmmen nach bis den 28. November ze gesinn ass.
    6 min
  • Sticky Flames: eng brenzeleg Affär fir en Engel?
    Am Fréijoer war de Casino Display am Konschthaus beim Engel, um Fëschmaart, ageweit ginn: souzesoen eng Annex vum Casino an der Ënneschtgaass, mee mat Fokus op déi jonk Kreatioun aus der Groussregioun. A wien huet iwwer déi e besseren Iwwerbléck wéi eng jonk Curatrice?! D'Nadina Faljic huet tëschent 2013 an 2020 zu Saarbrécken e Bachelor a Konschtgeschicht an duerno e Master a Curating ofgeschloss. Elo bekëmmert si sech fir ee Joer ëm d'Programmatioun fir de Casino Display. D'Kerstin Thalau ass vun der Nadina Faljic méi iwwer hir aktuell Expo Sticky Flames gewuer ginn.
    9 min
  • Schere im Kopf? Schriftsteller in der Türkei
    Schriftstellerin oder Schriftsteller in der Türkei zu sein, ist nicht leicht. Das sagen die Betreffenden selbst. Es gebe keine Meinungsfreiheit. Also müsse man sich sehr genau überlegen, was man schreibe. Der Fall des Literaturnobelpreisträgers Orhan Pamuk unterstreicht das. Er sieht sich wegen seines neuen Buches "Die Nächte der Pest" erneut juristischen Ermittlungen gegen ihn ausgesetzt. Wie hat sich die Lage von Schriftstellern und Autoren in der Türkei zuletzt entwickelt? Ein Beitrag vum ARD-Studio-Istanbul-Korrespondent Uwe Lueb
    2 min
  • E Requiem fir d'Sportaart Goen?
    Och dat ass Kultur: wärend dem Lockdown hunn en etlech Lëtzebuerger d'Konscht vum Trëppelen nei fir sech entdeckt. Verschiddener hu mat der Zäit acceleréiert, waren du bei enger Zort Lafschrëtt. Den engleschen Term dofir ass double march; en designéiert en Tempo vu bis zu 200 Schrëtt d'Minutt! Handelt et sech do nach ëm eng Marche populaire, also eng Fräizäit-Kultur? Oder misst een da vu Marche sportive schwätzen, deemno vun enger Sportaart? D'Kerstin Thalau huet beim Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Liichtathletik Federatioun, de Jean-Sébastien Dauch, nogefrot.
    8 min
  • Jemp Schuster mam Lëtzebuerger Buchpräis 2021 belount
    Fir säi Roman ''Bluttsëffer'' (Ed. Imprimerie Centrale) gouf de Jemp Schuster gëschter Owend zu Walfer an der Kategorie 'Literatur' ausgezeechent. De Lëtzebuerger Buchpräis gëtt all Joer vun de Bicherediteure verginn. Weider Präisser goufen et dëst Joer an de Kategorië Sachbuch, Kannerbuch an Design, an och de Publikum konnt online säi Favorit priméieren.
    E Bäitrag vum Michel Delage
    5 min
  • Safran aus der Türkei
    Im Oktober und November leuchten die Felder um Safranbolu im Nordwesten der Türkei in zartem Lila. Die Krokusse blühen, und zwar ganz besondere. Aus ihnen wird eines der teuersten Gewürze gewonnen: Safran. 100 Gramm der roten Fäden kosten mehrere hundert Euro. Zurzeit läuft die Ernte, bei der viele aus der Stadt mithelfen. Die ARD-Korrespondentin Karin Senz hat ihnen dabei über die Schulter geschaut.
    5 min
  • Filmkritik: "De Lampertsbierg"
    An de sechs Episode vu sengem Documentaire zeechent den Joy Hoffmann e liewegen historeschen, sozialen a kulturelle Portrait vun engem Stater Quartier, deen eng quasi national Bedeitung huet, fënnt de Michel Delage. Nei am Kino
    5 min
  • Jiddwereen ass e Stéck Landschaft, esou d'Justine Blau
    "Wien Däre séit, dierf säin Zelt net buerféiss verloossen", mengen d'Beduinen. Ënner dem Titel "Ensemencement" hat d'Kënschtlerin Justine Blau am Summer 2021, um nohaltege WaterWalls-Festival zu Esch-Sauer, aacht Fändele "geséit", déi sech no an no verwandele konnten, esou och an en Zelt. Domat wollt si den Discours zum Theema "Evolutioun vum mënschleche Rapport zur Natur" weiderbréngen. Beim Tipi ass d'Justine Blau, no Recherchen, hänke bliwwen, presentéiert bis Enn der Woch d'Sound-Installatioun "Je suis un morceau de paysage" an der Annexe 22 op der Escher Brillplaz. Explikatioune Kerstin Thalau
    9 min
  • Maxime Weber - Das Gangrän
    Deen éischte Roman vum jonke Lëtzebuerger Auteur Maxime Weber: D'Welt gëtt vun engem Schwier, dee sech rasant entwéckelt, zerstéiert, an dëst déidlecht Geflecht hält och viru Lëtzebuerg net stall. Dës spekulativ Fiktioun, déi bei Editions Kremart erauskoum, huet d'Valerija Berdi gelies.
    5 min
  • D'Catherine Lorent spillt ParadiCe
    D'Organisateure vun der Luxembourg Art Week hu 15'000 Visiteuren an hirem Zelt um Glacis gezielt. An och de Kaderprogramm war nawell gutt besicht. Eng Kënschtlerin, déi e bëssen iwwerall, also esouwuel op der Konschtfoire, wéi och an Institutiounen, net just present war, ma och ausgestallt huet, war d'Catherine Lorent. Di plastesch Kënschtlerin, Musikerin an Doktorin a Konschtgeschicht hat Samschdes moies op eng Performance an de Mudam invitéiert. Duerno war d'Kerstin Thalau waakreg...
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners