Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Deep shit
    Aus den abstrakten Discoursen ëm déi sougenannte Kënschtlech Intelligenz' erauskommen an d'Léiermaschinnen an hire materiellen, historesche Kontext setzen: dat ass de Programm, dee sech den däitsche Medientheoretiker Paul Feigelfeld an enger rezenter Konferenz am Stater Konschtscasino ginn huet.
    E Bäitrag vum Michel Delage
    7 min
  • Wat aus dem Misch Da Leiden sengem "Summer of '69" ginn ass
    "Summer of '69" war en Hit vum Rockmuseker Bryan Adams. Enn November ass awer och eng Ausstellung ënner deem Titel an der Villa Vauban opgaangen. Do ass d'Iwwerschrëft als Point de départ geduecht: d'Kënschtler Berthe Lutgen a Misch Da Leiden hunn et am Summer 1969 zu Lëtzebuerg zum Deel richteg knuppe gelooss. Vill Konscht vun deemools huet d'Happenings net iwwerlieft. An der Expo "Summer of '69" ass Verschiddenes ze gesinn, mee et geet an der Haaptsaach ëm e Suivi vun de Karriäre Lutgen Da Leiden. D'Kerstin Thalau hat Geleeënheet, dem Misch Da Leiden e puer Froen ze stellen.
    7 min
  • Die Konferenz der Abwesenden
    Oder "La conférence des absents" - op zwee Owenter, eemol op Däitsch an eemol op Franséisch, hat de postmodernen Theaterkollektiv Rimini Protokoll op eng aussergewéinlech Theaterproduktioun an den TNL invitéiert. Ganz besonnesch war, datt keng SchauspillerInnen op der Bün ze gesi waren, mee Leit aus dem Publik hu missen an déi verschidde Rolle klappen. En Experiment, ganz am Sënn vun der Berliner Ekipp.
    D'Valerija Berdi huet mam Daniel Weitzel geschwat, deen nieft dem Helgard Haug an dem Stefan Kaegi Member vum Rimini Protokoll a fir d'Konzept, den Text an d'Regie responsabel ass.
    De Rimini Protokoll koum op Lëtzebuerg op d'Initiativ vum Institut Pierre Werner an a Zesummenaarbecht mam Goethe Institut an dem Théâtre National Luxembourg.
    8 min
  • Filmkritik: "Passing" (Netflix)
    D'Konditioun als schwaarz Fra: verstoppen oder ignoréieren? Déi brittesch Realisatrice Rebecca Hall inzeenéiert eng tragesch Geschicht an elegante schwaarz-wäisse Biller.
    Eng Kritik vum Michel Delage
    4 min
  • "In ore gloria" Versioun Bruno Oliveira
    De Bruno Oliveira ass nach keng 30 Joer al, an awer huet hie sech mat senger visueller Konscht mëttlerweil scho quasi etabléiert. Säi Kalenner fir 2022 ass gutt gefëllt: Ausstellungen zu Rotterdam an Antwerpen, e gemeinsame Projet mam CAL an der Escher Stëmm vun der Strooss am Tramsschapp, plus eng Kënschtlerresidenz mam renomméierte Fotograf Jim Goldberg zu Kaunas am Kader vun Esch 2022. Nach bis de 5. Dezember inclus kënnt dir seng Aarbecht "In ore gloria" am Casino Display beim Engel, am Kader vun enger Gruppenexpo, gesinn. D'Kerstin Thalau wollt vum Bruno Oliveira wëssen, op dann elo awer alles Gold ass, wat blénkt.
    9 min
  • De literareschen Nerd vun Tréier
    "literarischernerd" ass säin Numm op Instagram. Mat iwwer 25.000 Follower gehéiert hien zu de bedeitendste Literaturblogger am däitschsproochege Raum. Soss ass hien ausgebilte Libraire a schafft an enger Librairie zu Tréier. D'Valerija Berdi huet mam Florian Valerius iwwer säi Blog, iwwer seng Léift fir d'Bicher an d'Buch am Allgemenge geschwat.
    7 min
  • D'RadiOdyssee vum sage fou
    Bei Sujeten, wou anerer d'Schlappe verléieren, fille sech Erzielkënschtler esou richteg wuel. Zum Beispill spillen an onwahrscheinlech ville vun de Volleksmärecher, déi si zielen, di sougenannt "sages fous" oder "weise Narren" eng wichteg Roll. Gecken intrigéieren, faszinéieren, maachen nervös. Alles Grond genuch fir d'sages fous bei eis op der Antenne ze thematiséieren. D'Valerija Berdi huet di passend Musek opgeluegt, a versicht erauszefannen, op de Philippe Hansen dann elo "sage" oder "fou" ass.
    4 min
  • Di "jonk" Reuter Bausch Art Gallery
    Den 2. Dezember geet tëscht 16.00 an 21.00 Auer an der Ënneschtgaass d'Reuter Bausch Art Gallery op. Sinn an der Ënneschtgaass an der lescht net erstaunlech vill Galerien opgaangen? Et freet ee sech, wéi all di Galeristen iwwerliewe wëllen...?? Zwou Froen, déi ee méi dacks héiert, an déi d'Kerstin Thalau einfach emol un di jonk frëschgebake Galeristin Julie Reuter vun der Reuter Bausch Art Gallery weider ginn huet.
    9 min
  • Moi, je suis Rosa
    Am Kader vun der Initiativ "neistart Lëtzebuerg" huet d'Nathalie Ronvaux de Monolog "Moi, je suis Rosa" verfaasst ,deen ënnert der Regie vun der Aude-Laurence Biver ëmgesat ginn ass. D'Lady Rosa, interpretéiert vun der exzellenter Céline Camara, kann een am Mamer Kinneksbond gesinn. D'Valerija Berdi war op d'Première.
    0 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners