Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • De Gregor Schneider an den Ego-Tunnel-Bléck
    De leschten Oktober gouf d'Escher Konschthal ageweit: mat Concerten, Performancen ... a virun allem spannender Konscht. Nieft Fotoinstallatioune vun de Lëtzebuerger Lisa Kohl an Daniel Reuter, presentéiert nämlech den däitsche Kënschtler Gregor Schneider eng Aart Retrospektiv mam Titel "Ego-Tunnel". Just nach bis den néngte Januar inclus! D'Kerstin Thalau hat mam Gregor Schneider, ënner anerem, iwwer säi Verständnes vu Selbstwäertgefill geschwat.
    8 min
  • Filmkritik: "A Hero"
    Wat huet ee vun engem medial opgebauschten Heldestatus, dee wéi Schnéi an der Sonn ka schmëlzen? Dem Iraner Ashgar Farhadi säin neie Film leeft am Kino. Eng Kritik vum Michel Delage
    4 min
  • En Neiufank bei/fir RadiOdyssee
    "All Dag bitt d'Chance fir en Neiufank, verpass en net!", heescht et. Ass et dann iwwerhaapt méiglech, komplett nei unzefänken? Sech fräi nei ze erfannen? An der traditioneller Erzielkonscht ginn et zu deem Theema déi wëllsten a mëllste Geschichten, wéi wann d'Phantasie e besonnesche Faibel fir Entsteeung an Zerstéierung hätt. A wat fir eng Roll spillt den Neiufank haut an der digitaler Konscht?
    An eiser Erzielkonschtemissioun RadiOdyssee, där éischter fir dat neit Joer 2022, dëe Sonndeg, um 11:00, gitt Dir méi zu all deem gewuer. An zwar vum Valerija Berdi, dem Kerstin Thalau an den Erzielkënschtlerinne Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer.
    26 min
  • Kënschtlech Intelligenz a Glawenssystemer
    Asien an de Westen hunn net dee selwechte Bezuch zur Kënschtlecher Intelligenz. Wärend een dës nei Technologien zum Beispill a Japan duerchaus mat oppenen Äerm ëmfänkt, reagéiere mir éischter negativ. Al Glawensmustere beaflossen déi verschidden Approchen, huet déi brittesch Fuerscherin Suzanne Livingston op enger Konferenz am Stater Konschtcasino erkläert.
    E Bäitrag vum Michel Delage
    0 min
  • "Gudden Appetit" op der Schmelz: den Digestif
    Déi zwee Industriekultur-Kollektiver FerroForum an DKollektiv hu mat hirem Kachbuch "Gudden Appetit" eng spilleresch, mee och historesch Publikatioun iwwer d'Iesskultur vun de Schmelzaarbechter, mat privaten a professionelle Fotoen, Anekdoten, an natierlech Rezepter, erausbruecht.
    An de leschten zwou Wochen hu mir Iech "Gudden Appetit" an dräi Gäng, also Entrée/ Haaptplat/ Dessert, presentéiert. Dës Reportage fannt Dir an eiser Mediathéik. Fir komplett ze sinn, Kerstin Thalau, feelt just nach den Digestif.
    5 min
  • The Museum Project am MNHA
    Fir d'Ekipp vun eisem Nationalmusée war am Summer scho Chrëschtdag. De leschte Juni sinn um Fëschmaart 60 Fotoaarbechte vun 12 amerikanesche Fotokënschtler als Schenkung ukomm. Als Merci dofir, datt den MNHA mat reegelméissege Fotoausstellungen, respektiv mat senger Bedeelegung um European Month of Photographie, dëse Konschtgenre aktiv ënnerstëtzt. 38 vun de Fotografië si bis Enn Januar am Nationalmusée ze gesinn. D'Kerstin Thalau war se op de fënnefte Stack vum MNHA kucken.
    5 min
  • "Gudden Appetit" op der Schmelz: den Dessert
    Géift Dir e Kachbuch mat Rezepter fir "Pizza Poubelle", "Poulet am Kliewsand", "Träip a Béchseravioli" erausbréngen? Déi zwee Industriekultur-Kollektiver FerroForum an DKollektiv hunn dat gemaach. Bei "Gudden Appetit" handelt et sech ëm eng spilleresch, mee och historesch Publikatioun iwwer d'Iesskultur vun de Schmelzaarbechter, mat privaten a professionelle Fotoen, Anekdoten, an natierlech Rezepter.
    Entrée an Haaptplat hu mir eis scho schmaache gelooss, beim drëtte Reportage si mir beim Dessert ukomm. Also beim Serge Molitor, deen dem Kerstin Thalau vu fréier erzielt huet.
    5 min
  • Felicitas Hoppe am Gespréich
    Déi renomméiert däitsch Schrëftstellerin war virun engem Mount am Institut Pierre Werner (IPW) fir hiren neie Roman "Die Nibelungen. Ein deutscher Stummfilm" virzestellen. De Michel Delage hat sech am Virfeld mat der Laureatin vum Büchner-Präis 2012 ënnerhalen.
    0 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners