Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Virtual Reality mécht midd Kéi monter
    Wéi kritt een d'Kéi douzou méi Mëllech ze ginn? Dës Fro huet sech e Bauer aus Aksaray a Zentralanatolie gestallt. Méi Kraaftfudder oder vläicht Medikamenter? Vläicht war et op der Sich no enger Äntwert, datt den anatolesche Bauer am Internet op Virtual reality gestouss ass. Do kritt een duerch speziell Brëller eng wonnerbar Welt virgespillt. A wat bei de Mënsche klappt, funktionéiert vläicht och bei de Kéi. Si gi méi frou, a glécklech Kéi gi bestëmmt méi Mëllech. E Bäitrag vum ARD-Korrespondent Uwe Lueb aus Istanbul.
    4 min
  • Kënschtlech Intelligenz, Dreem an Ëmweltkris
    Méi wéi mënschlech Realitéiten an Zesummenhang mat Kolonialismus, Ëmwelt a Bewosstsinn, domat setzt sech d'Lucia Pietroiusti auserneen. Déi zu London baséiert Curatrice huet viru Kuerzem eng Videokonferenz fir de Casino - Forum d'Art contemporain gehalen. E Bäitrag vum Michel Delage
    Dës Konferenz war Deel vum Zyklus "Am I AI? Into the deep of AI".
    6 min
  • Guy Helminger: Lärm
    Wien ass de Konrad Schnittweg? Wouhin a wisou ass hie verschwonnen? Ass de Psychotherapeut just en Affer vu béisaartege Fakenews oder ass en e gewaltbereeten Attentäter? Déi Froe gi sech am neie Roman "Lärm" vum Guy Helminger gestallt. Eng Äntwert kritt een eigentlech net, dofir awer wonnerbar Liesmomenter. Déi hat mol d'Valerija Berdi.
    4 min
  • Am "Garden of Resistance"
    D'Martine Feipel an de Jean Bechameil sinn eng Kënschtlerkoppel, déi zanter 2008 zesummeschaffen. Virop als Sculpteuren, mee et kéint ee si och als onermiddlech Chercheuren an Amateur-Ingenieure bezeechnen. Hir Sujete sinn de Raum, esouwuel de reelle wéi den imaginären, d'Zäit, d'Gesellschaft. Op Demande vum Mudam hu si fir de Gaart vun de Skulpture vum Pei-Musée en neit Wierk kreéiert, e "Garden of Resistance". D'Kerstin Thalau konnt net résistéieren ...
    9 min
  • Presentatioun vum 12. Luxfilmfest
    Deen arabesch-israeelesche Realisateur Elia Suleiman presidéiert de Jury vun der 12. Editioun vum Luxemburg City Filmfestival (3.-13. Mäerz). Des Weideren ass och schonn eng Masterclass mam Terry Gilliam ageplangt. Gëschter hunn d'Organisateuren Detailer iwwer den nächste Luxfilmfest ginn.
    E Bäitrag vum Michel Delage
    4 min
  • Friederike Migneco
    D'Leederin vun der Diddelenger Stadbibliothéik ass awer och Iwwersetzerin, Essayistin an Dichterin. Iwwer hir Vue op d'Léift an iwwer hir Lyrik huet si mam Kerstin Thalau an der Emissioun RadiOdyssee geschwat.
    7 min
  • Impressioune vu Kaunas
    Den 22. Januar, also gutt ee Mount virun Esch, huet Kaunas ënner dem Motto Contemporary Capital säi Kulturhaaptstad-Programm lancéiert. Kaunas ass mat iwwer 315.000 Awunner déi zweetgréisst Stad a Litauen. Iwwer d'Grenzen eraus war se bis ewell haaptsächlech fir hir Textilkonscht bekannt. 2022 sollen de Patrimoine, d'Geschicht, d'Erënnerung, d'Inclusioun, de Multikulturalismus promouvéiert ginn. Dat mat 40 Festivallen, 60 Ausstellungen a weider 250 Manifestatiounen. Dir héiert Impressioune vun der ARD-Korrespondentin Sophie Donges.
    4 min
  • Kultur | lx - Valérie Quilez an Diane Tobes
    Den 1. Februar 2021 hunn déi zwou Coordinatricen Valérie Quilez an d'Diane Tobes hir Aarbecht beim Lëtzebuerger Arts Council Kultur | lx ugefaangen. Zäit fir e Bilan ze zéien.
    Wat ass am Laf vun dësem Joer geschitt? Wéi hu sech déi verschidden Departementer vu Kultur | lx entwéckelt? Wéi ass d'Zesummenaarbecht mat den Artisten zu Lëtzebuerg a wéi entwéckelt sech d'Promotioun am Ausland? D'Valerija Berdi huet mat der Valérie Quilez a mat der Diane Tobes geschwat.
    18 min
  • Lisa Kohl an Nora Wagener - Residenzen zu Berlin
    D'Literarisches Colloquium Berlin empfänkt dëst Joer d'Schrëftstellerin Nora Wagener fir eng Autoreresidenz. Weider gouf nach d'Kënschtlerin Lisa Kohl fir d'Residenz am Kënschtlerhaus Bethanien zu Berlin ausgewielt. D'Valerija Berdi mat Detailer iwwer dës Projeten, déi vu Kultur| lx matgedroe ginn.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners