Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Buergbrennen - eng Traditioun gëtt erfuerscht
    Eng Woch no der Fuesent gëtt a villen Dierfer zu Lëtzebuerg de Wanter verdriwwen, andeem selwer gebaute Buerge verbrannt ginn. Och Traditiounen entwéckele sech an doriwwer fuerscht d'Kënschtlerin, Konschthistorikerin a Musekerin Catherine Lorent. Si war eis Invitée an der Emissioun RadiOdyssee. A wéi hir Fuerschungsaarbecht iwwer d'Buergbrennen ausgesäit, huet d'Kerstin Thalau nogefrot.
    4 min
  • Luxfilmfest Digest 1
    De Michel Delage an d'Martine Reuter liwweren hir éischt Andréck iwwer: "The Cow Who Sang a Song Into the Future", "Reflectioun", "Wou ass d'Anne Frank?" an "Der Passfälscher".
    11 min
  • Filmkritik: "Drive My Car"
    De Michel Delage, d'Martine Reuter an den Thierry Besseling beschwätzen dësen exzellente japanesche Film iwwer den Deuil vun engem Theaterregisseur. "Drive My Car" leeft am normale Kinoprogramm.
    34 min
  • Expo: Remixing Industrial Pasts
    D'Industrie, de Mënsch an d'Landschaft sinn déi dräi zentral Theemen an der Ausstellung "Remixing Industrial Pasts" an der Massenoire um Belval. Wéi huet sech de Minett vum Ufank vum 20. Joerhonnert bis haut verännert? Fir d'Komplexitéit vun der Identitéit vum Minett ze weisen, kommen hei Film- an Audiomaterial zesummen, begleet vun ausgestallten Objeten an atmosphäreschen Ambienten. De Curateur vun der Expo ass de Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, de Sound ass vum  Max Viale an Tokonoma.  Kerstin Thalau, Valerija Berdi an de Felix Mersch hun de Bäitrag zesummegestallt.  Duerch dës virtuell Expo féiert d'Elise Bougelet, responsabel fir Arts visuels bei Esch2022.
    7 min
  • Mécht/Mëscht sech eng "instant comedy" vum selwen?
    "Remix Culture"... ass de Slogan vun der frëschgebakener Europäescher Kulturhaaptstad Esch fir d'Joer 2022. An dee passt u sech och zimmlech gutt op dem Filip Markiewicz seng Manéier fir ze kreéieren. De plastesche Kënschtler a Museker ass 1980 zu Esch gebuer, huet Konscht zu Stroossbuerg studéiert, lieft a schafft haut zu Hamburg; en huet Lëtzebuerg 2015 op der Biennale vu Venedeg vertrueden, 2020 gouf hien hei mam Prix Pierre Werner ausgezeechent. Elo laut hien an der neier Escher Konschthal d'Remix-Culture-Joer an. D'Kerstin Thalau ass méi doriwwer gewuer ginn, wéi de Filip Markiewicz funktionéiert.
    9 min
  • Eng RadiOdyssee zum Theema "Alles muss eraus"
    Dëse Sonndeg kënnt Dir tëschent 11 an 12 eng nei Editioun vun eiser Erzielkonschtemissioun RadiOdyssee lauschteren, déi Kéier ënner dem Titel "Alles muss eraus".
    D'Valerija Berdi an d'Kerstin Thalau befaasse sech, zesumme mat den Erzielkënschtlerinne Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer mam Iwwergang vu Wanter op Fréijoer, a wéi d'Erneierung vun an an der Natur an Erzielungen an Traditiounen thematiséiert gëtt. Invitée ass déi plastesch Kënschtlerin a Musekerin Catherine Lorent, déi och en Dokter-Titel an der Konschtgeschicht huet, an aktuell iwwer d'Buergbrenne fuerscht. Explikatioune Kerstin Thalau
    5 min
  • Vu spilleresche Momenter a bedeitungsvolle Pausen
    An der Mäerz-Editioun vum Trois du Trois steet e Programm mat grousse Kontraster am Mëttelpunkt. D'Choreographin an Dänzerin Jill Crovisier riicht an hirer Recherche "The Game" hir Opmierksamkeet op d'Theema vum Spill. Dobäi placéiert si dat Spillerescht direkt an eist Ënnerbewosstsinn. Déi Berliner Kënschtlerin Anna Nowicka geet iwwerdeems der Thematik vun der Paus no a freet sech, wéi mir Sënn aus dem Pauséiere kënnen zéien. De Romain Butti huet mat béide Kënschtlerinne geschwat.
    7 min
  • Diaristes du Luxembourg
    An der franséischer Literaturrevue hu véierzéng Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren den Optrag kritt, Extraiten aus Tagebicher ze publizéieren. Wéi iwwer sech schreiwen?, freet de Frank Wilhelm, dee sech an der Preface mam Sujet befaasst. D'Valerija Berdi huet "Diaristes du Luxemburg" gelies, dat bei Les moments littéraires erauskoum.
    4 min
  • D'Zäit vergeet, d'Erënnerung net
    Den Diddelenger Menn Adam war als Jugendleche vun doheem fortgaangen, well säi Beruffswonsch "Kënschtler" net akzeptéiert gouf; hien huet mat nëmme 16 Joer seng lénks Hand bei engem Aarbechtsaccident verluer a gouf nawell Moler, Graveur a Sculpteur, huet zu Zürech, bei Marseille, gelieft, reegelméisseg zu Barcelona ausgestallt. 2014 ass hien onerwaart gestuerwen. Aktuell erënneren d'Diddelenger Galerien u säin 80. Gebuertsdag.
    D'Kerstin Thalau huet mat senger Fra a sengen Zwillingsmeedercher doriwwer geschwat, wéi si dem Menn Adam säin Ierwen versuergen an héichhale wëllen.
    Lauschtert och den éischten an zweeten Deel vum Gespréich.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners