Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Filmkritik: "The Northman"
    Vill Gewalt a vill Blutt stinn um Programm vun der Verfilmung vun enger nordescher Saga. Nieft dem Alexander Skarsgard an der Haaptroll spillen och nach d'Nicole Kidman, de Claes Bang, d'Anya Taylor-Joy, de Willem Dafoe oder nach d'Sängerin Björk als Schamanin mat.
    De Michel Delage war sech déi Neiegkeet am Kino ukucken.
    3 min
  • D'Tina Gillen op der Biennale vu Venedeg
    Scho virun zwee Joer war d'Tina Gillen fir d'Konscht-Biennale vu Venedeg selektionéiert ginn. D'Kënschtlerin, déi 1972 zu Lëtzebuerg op d'Welt koum, déi no Konschtetüden zu Wien op Bréissel geplënnert ass, wou si och haut lieft a schafft, ass zemools fir hir Architektur- a Landschaftspeinture bekannt. Wéinst Corona waren och déi renomméiert Biennalë vu Venedeg an de Stau geroden, mee elo ass et esouwäit: den 23. Abrëll 2022 mécht d'Ausstellung, ënner anerem mat der Tina Gillen, op. D'Kerstin Thalau iwwer d'Presentatioun vun hirem Projet
    8 min
  • CNL-Liesrees
    Vum 25. Abrëll bis de 30. Juni geet den Nationale Literaturarchiv a Kooperatioun mat der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren op eng Liesrees duerch d'Land. Véierzéng Manifestatiounen a verschiddene Kulturhaiser zu Lëtzebuerg bidden eng Geleeënheet nei Lëtzebuerger Literatur ze entdecken. D'Valerija Berdi huet mat der Directrice vum CNL, der Nathalie Jacoby, iwwer dëse Projet geschwat.
    5 min
  • De Lucien Kayser zum Doud vum Hermann Nitsch
    Den éisträichesche Kënschtler Hermann Nitsch ass den 18. Abrëll, no schwéierer Krankheet, am Alter vun 83 Joer, gestuerwen. Op engem Ouschterméinden?... Ausgerechent den Hermann Nitsch?? Deen Aktionist, deem Blasphemie virgehäit gi war, dee mat senge stonnelaangen, bluddege Performancë mat Blutt, Déierekadaveren a plakege Mënsche grad esouvill Géigner wéi Bewonnerer hat; deen definitiv kee kal gelooss huet?! D'Kerstin Thalau wollt vum Konschtexpert Lucien Kayser gewuer ginn, firwat hien de Moler a Sculpteur allzäit bewonnert huet.
    9 min
  • Sam Tanson: "De CNA muss sech moderniséieren"
    Nom Echec vun der Mediatioun am CNA zu Diddeleng setzt d'Regierung eng Commission d'accompagnement an. Véier Beamten aus verschiddene Ministèrë sollen de Centre national de l'audiovisuel beroden, a kréien dofir den Abléck an all d'Dokumenter, déi de CNA betreffen. 
    Den 11. Mäerz hat de radio 100,7 iwwer intern Konflikter ëm eng geplangte Reorganisatioun vum Centre national de l'audiovisuel bericht. D'Pia Oppel huet d'Kulturministerin Sam Tanson gefrot, wat si sech vum Asaz vun där Kommissioun erwaart.
    4 min
  • Um Tournage vu Bachmann und Frisch
    Déi zwee Produzente Bady Mink an Alexander Dumreicher-Ivanceanu iwwer hiren neie Film "Bachmann und Frisch", deen d'Relatioun tëschent der éisträichescher Schrëftstellerin Ingebord Bachmann an dem Schwäizer Auteur Max Frisch beliicht.
    7 min
  • Wéi een d'Komplexitéit vum Liewe vermoosst
    An der Pièce "The Angular Distance of A Celestial Body" gëtt d'Fro opgeworf, wéi de Mënsch, deen an enger komplexer a komplizéierter Welt lieft, sech an hir orientéiere kann. Dëst imaginéiert den Alessandro Carboni, andeems hie sech op de Prozess vun der Kartographie berifft. De Romain Butti huet mam italieenesche Choreograph geschwat.
    7 min
  • Stëmmeg duerch d'Expo "Stëmme vun der Schmelz"
    Dir héiert ...? Näischt. Besser gesot: näischt méi. Wou? Ma um Site vum fréiere Walzwierk vun Diddeleng, do wou haut Kultur a Konscht dominéieren. An der Zäit hunn do schwéier Maschinne d'Geräischkuliss bestëmmt, eventuell nach deen een oder anere Viraarbechter. Wie waren déi Leit, déi um Diddelenger Laminoir geschafft hunn?
    De Kulturaarbechter Misch Feinen huet sech mat enger Rei Kënschtler an dem CNA zesummegedoen, fir an enger immersiver Expo de Stëmme vun der Schmelz eng nei Presenz ze ginn. D'Kerstin Thalau war begeeschtert.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners