Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Bridderhaus: Vun der Klinik zur Kënschtlerresidenz
    D'Bridderhaus zu Esch war eng vun deenen éischte Klinicken am Land. Aus dem Gebai vun 1878 ass 144 Joer méi spéit elo en Espace fir Kënschtlerresidenzen, Ausstellungen a Performance Art ginn. Am Gespréich mam Architekt Hatim Chebli, dem Direkter Christian Mosar an der kënschtlerescher Leedung vum Projet Radio Art Zone, huet de Ben Kobs den Espace entdeckt.
    4 min
  • D'Saison 2022/ 2023 gëtt spilleresch
    Spaass a Spill solle vu Juli un an de Rotonden am Garer Quartier am Mëttelpunkt stoen. Kuerz virum Summerufank huet d'Rotonden-Ekipp hire Programm fir d'Saison 2022/2023 virgestallt. Vun de Congés Annulés iwwer eng Rei Theatervirstellunge fir e jonke Public: do schéngt fir jiddwereen net just eppes, mee genuch dobäi ze sinn. De Ben Kobs huet sech bei enger Ronn "Vier Gewinnt" mam Direkter Steph Meyers ënnerhalen.
    5 min
  • E Fotostudio vum Liewen am Cercle Cité
    Landschaften an de Mënsch a schwaarzwäiss: dofir stoung dem Norbert Ketter seng Fotografie. Am Abrëll 2022 wier de Kënschtler an Auteur 80 Joer al ginn; d'Asti feiert mat senger Konscht nodréiglech hir 40 Joer. An zwar am Ratskeller vum Cercle Cité op der Plëss. D'Expo "Le studio photo de la vie" weist net just beandrockend Opname vum Norbert Ketter, mee seng Fotoe stinn am Dialog mat Aarbechte vun der Kënschtlerin an Anthropologin Sophie Feyder. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Curatrice vun der Expo, der Françoise Poos.
    8 min
  • Ukrainesch Museker an hiert neit Liewen a Brasilien
    Elles ont fui la guerre pour continuer à pratiquer leur art. Deux jeunes artistes ukrainiennes, l'une chanteuse lyrique, l'autre violoniste, sont accueillies depuis début avril en résidence au Brésil par NEOJIBA. Cette ONG brésilienne considère l'apprentissage et la pratique de la musique classique comme des outils de développement et d'intégration sociale pour des enfants et des jeunes en situation de vulnérabilité. Un reportage de Jean-Claude Gerez.
    4 min
  • Claudine Muno an der wonnerbarer VaLibrairie
    De 15. Mee war eis Literatursendung Déi wonnerbar VaLibrairie live an der Galerie 39 ze Diddeleng. Den Ulass war d'Ausstellung "Ceci n'est pas un roman - ADN et ingrédients d'auteurs" vun der Kënschtlerin Sandrine Ronvaux. Si huet sech mat der literarescher Identitéit vu sechs Lëtzebuerger Autorinnen an Auteuren auseneegesat an derbäi si Pyrogravuren op Holz entstanen, wou d'Sandrine Ronvaux d'Sprooch vun de Schrëftsteller a Symboler iwwersat huet. An eiser Sendung hate mir d'Auteuren invitéiert. Zum Beispill d'Claudine Muno. A mir héieren elo den Extrait, wou si iwwer hir Literatur a Konschtwierk schwätzt.
    8 min
  • An de Kulisse vum "Little Duke"
    Déi grouss Gefiller vun deene klenge Leit: dorop bauen déi meescht vum Andy Bausch senge Filmer op. Och den neien, de "Little Duke", deen de Realisateur grad ofgedréit huet. Ënner anerem mam Änder Jung a mam Luc Feit. Si verkierperen zwee Anti-Helden, déi de Pub "Little Duke" ierwen, deen allerdéngs scho besser Zäiten erlieft huet. Bausch, Feit, Jung sinn déi Nimm, déi de Spectateur um Enn verhält. Mee et sinn nach ganz vill aner Leit am Asaz, fir datt aus engem Projet e Film gëtt. D'Vesna Andonovic war an d'Kulisse vum "Little-Duke"-Tournage virwëtzen.
    37 min
  • Expo: Imaginer Servais
    "Et war eis ganz wichteg d'Buch an de Mëttelpunkt ze stellen an doduerch natierlech och de Lieser", seet d'Nathalie Jacoby, Directrice vum Nationale Literaturarchiv iwwer d'Ausstellung an hirem Haus. Zanter 30 Joer gëtt Lëtzebuerger Literatur Joer fir Joer mam Servais-Präis ausgezeechent. Fir dëse ronne Gebuertsdag ze feieren, huet sech d'Ekipp am CNL eppes ganz Aussergewéinleches afale gelooss. Et ass net d'Buch a senger klassescher Form an och net den Auteur oder Autorin, déi hei gewise ginn, mee eng fotografesch a sonor Iwwersetzung vun de jeeweilege Gewënnerbicher ginn an 30 eenzele Kabinne presentéiert. D'Visiteure liesen also net, mee si kucken a lauschteren.
    D'Nathalie Jacoby an d'Ludivine Jehin, Chercheuse an Archivistin am CNL, hunn dës Expo konzipéiert, d'Véronique Kolber schreift sech fir d'Fotografie an Zeenografie responsabel. D'Valerija Berdi huet d'Ausstellung gesinn a mat den dräi Frae geschwat.
    7 min
  • D'Maueren duerchbriechen
    De südafrikanesche Kënschtler Kieron Jina huet am Kader vum TalentLab am Groussen Theater "Breaking Down Walls" virgestallt. Zentral sinn an dëser Aarbecht d'Theeme vun der Migratioun, der Race an der Queerness. De Romain Butti huet mam multidisziplinäre Kënschtler geschwat.
    4 min
  • Poets at Work
    An den Interviewen, déi "Poets at Work" aus der Paris Review Editioun presentéiert, begéine mir Lyrikerinnen a Lyriker, déi mat hire Wierker déi modern Lyrik weesentlech markéiert hunn. Wien dës Leit sinn, deenen hir Wierker net méi aus der Weltliteratur ewechzedenke sinn, an déi hei en Abléck an hiert privat Liewe ginn, dat verréit de Léon Rinaldetti.
    5 min
  • documenta fifteen: Eng Räisscheier zu Kassel
    Den 18. Juni fänkt ee wichtegt Event fir Konschtkenner un: d'documenta zu Kassel. Iwwer 100 Deeg réckt déi drëttgréisst Stad an Hessen an den Zentrum vun der internationaler Konschtzeen. Dëst Joer versprécht d'kënschtleresch Leedung de Visiteuren allerdéngs eppes Neies an Ongewinntes. De Ben Kobs iwwer déi nei Visioun fir d'documenta fifteen mat Aschätzunge vum Konschtexpert Lucien Kayser.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners