Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Nathalie Ronvaux - Moi, je suis Rosa
    Am Kader vun der Initiativ neistart Lëtzebuerg hat d'Nathalie Ronvaux de Monolog "Moi, je suis Rosa" verfaasst, deen ënner der Regie vun der Aude-Laurence Biver ëmgesat gouf. Elo koum de Monolog bei Capybarabooks a Buchform eraus. D'Valerija Berdi mat Impressiounen
    4 min
  • "Le monde, prison où il faut toujours trouver une autre cellule"
    De franséische Schrëftsteller Patrick Deville ass en alen Hues vun der Reesliteratur. Fir säin neit Buch "Fenua" huet hie franséisch Polynesien, dorënner Tahiti, exploréiert. Selwer mee och duerch de Brëll vu berüümte Schrëftsteller, Kënschtler an Abenteurer wéi Robert Louis Stevenson, Paul Gauguin, Pierre Loti oder Alain Gerbault.
    Um rezente Festival Etonnants voyageurs zu Saint-Malo huet de Michel Delage mam Patrick Deville geschwat.
    14 min
  • Tom Weber - Fluides Herz
    2020 gouf den Tom Weber fir säi Gedichtband "Fluides Herz" mam Nationale Literaturpräis an der Kategire "jonk Autorinnen an Auteuren"  ausgezeechent. Elo koum d'Buch bei Editions Phi eraus. Gedichter iwwer d'Welt dobaussen an d'Welt an engem bannen dran, huet d'Valerija Berdi gelies.
    3 min
  • De Kënschtler-Feedback bei den Assises des arts visuels
    Visuell Kënschtler, Vertrieder vum Kulturbetrib, vu Kultur-ASBLen, Decideuren asw. hunn d'lescht Woch ëffentlech am Mudam d'Chancen, d'Limitten, d'Doleancen ... vum Beruffsliewe vum fräischaffenden Artist zu Lëtzebuerg diskutéiert, nei Iddien zur Verbesserung vun der Situatioun op d'Tapéit bruecht.
    E Beruffsliewen als visuelle Kënschtler? Jo, esou eppes kënne sech ëmmer méi Mënsche virstellen, och wann d'Grenze vun der visueller Konscht net kloer ze zéie sinn. D'Kerstin Thalau mat engem zweete Bilan vun de sektorielle Kulturassisen vun der visueller Konscht.
    9 min
  • Dramwelt an de Rotonden
    Duerch en däischtere Gank betrëtt een déi däischter Galerie vun de Rotonden, an där fënnef international Kënschtler:inne mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz eng Dramwelt geschafen hunn.
    De Ben Kobs war do fir sech, mat de Kënschtler, e Bild vun der Ausstellung "The moon is full, but it is not the moon" ze maachen an iwwer de Prozess hanner der Kreatioun ze schwätzen.
    4 min
  • Assises sectorielles des arts visuels
    Wat sinn d'Erausfuerderungen, d'Suergen, mee och d'Opportunitéite vum Secteur vun de visuelle Konschten zu Lëtzebuerg? Wat kann ee maachen, fir déi eng ze vergréisseren an déi aner ze reduzéieren? Déi Implizéiert zesummebréngen, vill diskutéieren, streiden, festhalen. Am beschte reegelméisseg am klenge Krees, fir da méi cibléiert mat sämtlechen Acteuren aus Konscht, Kultur a Politik, all puer Joer Bilan ze zéien an en ëffentlechen Debat ze féieren. De Kulturministère invitéiert dee Moment op sektoriell Assisen. D'Kerstin Thalau war op deene vun de visuelle Konschten d'lescht Woch.
    9 min
  • Servais-Präis-Iwwerreechung un de Guy Helminger
    Gläich e puer Grënn fir ze féiere gouf et e Freiden den Owend am Mierscher Centre national de littérature: Engersäits d'Iwwerreechung vum Prix Servais un de Guy Helminger fir säi Roman "Lärm", dee bei capybarabooks erauskomm ass. Ma och de Gebuertsdag vu sengem Brudder Nico, deen deen Dag säin 69 Gebuertsdag gefeiert huet an domat ewéi de Guy Helminger a senger Ried ervirgestrach huet "steenal" ginn ass.
    D'Vesna Andonovic war fir eis op der Plaz
    5 min
  • De Countdown fir Lëtz Arles leeft
    De 4. Juli starten d'Rencontres d'Arles. Lëtzebuerg ass fir d'fënneft, duerch d'Lët'z Arles ASBL, um renomméierte Foto-Festival vertrueden. Déi Kéier duerch en Hommage, a sechs Kapitelen an 145 Fotoen, un de Romain Urhausen. De gebiertege Rëmelenger ass de leschte Summer mat 90 Joer gestuerwen. Zanter dem 27. Juni wuddere Membere vu Lët'z Arles, vun eisem CNA a vun der Festival-Trupp, do ënnen a Südfrankräich, fir de Montage vun der Expo. D'Kerstin Thalau hat, viru sengem Depart, mam Curateur, Paul Di Felice, geschwat.
    9 min
  • "En Doheem" am FerroForum
    D'Theaterstéck Doheem - fragments d'intimité vun independent little lies stellt Froen iwwert Doheem, Zougehéieregkeet an Zesummeliewen. De Ben Kobs war am FerroForum fir mat de Regisseurinnen Elsa Rauchs a Claire Wagener iwwert d'Konzept vum Stéck ze schwätzen.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners