Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Wat mécht “The 25. Birthday Edition” vun der Nuit des Musées aus?
    An eise Muséeë gëtt schonn dat ganzt Joer mat spezielle Programmatioune gefeiert: de Casino an der Ënneschtgaass ass 30 Joer al ginn, de Mudam 20; den Naturmusée ass zanter 30 Joer am Gronn. Dëse Weekend erwaart iech elo eng speziell Nuit des Musées: di 25. “Birthday-Edition”. D’Kerstin Thalau huet also fir haut d’Laura Zaccaria vun der ICOM Lëtzebuerg, Coordinatrice générale fir d’Nuit an eise Studio invitéiert.
    15 min
  • Shida Bazyar kritt den Däitsche Buchpräis

    „E Roman géint Gläichgëltegkeet“ nennt d‘Jury vum Däitsche Buchpräis de Roman „Lücken“ (Kiepenheuer und Witsch) vun der Shida Bazyar an zeechent d‘Schrëftstellerin mam renomméierte Literaturpräis aus. Valerija Berdi mat Detailer.

    Lauschtert d'Rezensioun vum Buch hei.

    5 min
  • Anne Frausing - "Le village des tentes"
    2022 ass de "Centre de primo-accueil" um Kierchbierg en neit Doheem fir vill Refugiéeën aus der Ukrain ginn. D‘Anne Frausing, déi zu deem Moment beim Roude Kräiz engagéiert war, huet si mat de Flüchtlingen an dësem Hebergement geschafft. Am Buch „le village des tentes“, dat kierzlech bei Capybarabooks eraus komm ass, schreift si unhand vun eenzele Personnagen, awer och vun der globaler Situatioun, iwwer hir Erfarungen. D‘Valerija Berdi huet „Le village des tentes“ gelies.
    12 min
  • JOYN – een narratiivt Gedicht iwwer Freed an onglécklechen Zäiten
    Der Dana Rufolo hiert Stéck JOYN, A Mariage Made in Megaheaven ass eng Hybridform tëscht Theater, Gedicht a Prosa – a wierkt eleng duerch säin optimisteschen Titel an Zäite vu politescher Onrou wéi eng Zort literareschen UFO. D’Schrëftstellerin, déi selwer och am Stéck matspillt, an de Luc Lamesch, ee vun den Acteuren, sinn haut am Interview mam Jeff Schinker beim Marc Clement am Studio.
    20 min
  • Architekturdeeg ënnert dem Motto “(Ré)imaginer nos espaces quotidiens”
    Tëscht dem éischten an dem véierten Oktober sinn zu Lëtzebuerg di zweet Journées de l’architecture. D’Initiative vum LUCA, de Luxembourg Center for architecture, soll d’Ëffentlechkeet dozou motivéieren, Architektur a bebaut Ëmwelt an all hire Formen ze entdecken an ze feieren. Et ginn iech, duerch d’ganzt Land, 66 verschidden Aktivitéite vun Atelieren, Ausstellungen, visites guidéeën, portes ouvertes gebueden. Entdeckt d’Utopië vu muer, nohalteg Initiativen, nei Modeller vu Gäschthaiser oder de Lift Holleschbierg. D’Kerstin Thalau war gëschter Moien direkt op den 1. méigleche Rendezvous: an de Stater Café Konrad op den Tour “Live Touch”.
    13 min
  • Filmkritik: "Notre Salut"
    Idealist? Opportunist? Dem Emmanuel Marre säin historeschen Drama zeechent de Portrait vun engem klenge Fonctionnaire an der kollaborationistescher Vichy-Regierung. Eng Kritik vum Michel Delage.
    9 min
  • Filmkritik: "Naza"
    An hirem Documentaire loossen d'Realisateure Yuval Avraham a Rachel Szor anonymm Membere vun der israelescher Arméi an de Geheimdéngschter ze Wuert kommen. Aus hiren Aussoe geet ervir, datt d'Arméi wärend de Bombardementer vun der Gazasträif net nëmmen Hamas-Militanten an d'Viséier geholl mee och geziilt Zivilisten ëmbruecht huet. De Michel Delage mat enger Kritik.
    13 min
  • The Westies
    Eng Krimi-Serie déi sech mat enger New Yorker Gang beschäftegt, déi et och wierklech gouf. De Simon Larosche stellt eis d'Serie fir.
    0 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners