“Exit” steet fir d’Sortie, eventuell fir en Noutausgang. D’Erzielkënschtlerin a plastesch Kënschtlerin Josée Bourg huet décidéiert, hier aktuell Konschtexpo an der Biekerecher Kulturmillen “Exit” ze deefen. Alles muss eraus...och potentiell Visiteuren? Nee: d’Saach ass déi, datt d’Josée Bourg wärend dem kreative Prozess alles eraus gelooss huet, also alles wat hier um Mo louch, respektiv géint de Stréch gaangen ass, fir et mat engem perséinleche Stréch kënschtleresch ze thematiséieren. Zanter dem Montage vun hirer Molereien-, Illustratiounen-, Haiku-Expo fillt si sech vill besser. Mam Resultat a schwaarz a wäiss a gro an allen Nuancë wëllt si iech eppes mat op de Wee ginn. D’Kerstin Thalau ass an der Biekerecher Kulturmillen méi doriwwer gewuer ginn.