Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Filmkritik: "Primetime"
    A senger Reality TV-Emissioun lackelt en Animateur méiglech Kannervergewalteger an d'Fal. Dem Lance Oppenheim säin Debutfilm exploréiert déi ruckelzeg moralesch Ofgrënn, an déi d'Medien, am Zesummeschloss mat der Police a Selbstjustiz-Gruppen, kënnen ofstierzen. Eng Kritik vum Michel Delage.
    11 min
  • Lëtzebuerg op der Vienna Design Week
    Dëst Joer war Lëtzebuerg Gaaschtland op der Vienna Design Week – an an der Ausstellung "Two O Eight Designing Voices" huet sech alles em d’Stëmm vum Design gedréint. Och de Radio 100,7 ass an de Projet implizéiert: An enger zäitloser Radiostatioun kënnen d’Visiteuren sech eng Vinyl kropen an an enger Kabinn ee Podcast mat engem vun 30 vum Marc Clement interviewten Designer:inne lauschteren, d’Radio 100,7-Freelancerin Emma Hizette huet eng Parti Live-Interviews, an deenen Lëtzebuerger Designer:inne mat engem auslännesche Binôme diskutéiert hunn, gemaach. Am Jeff Schinker senger Reportage gi mer gewuer, wéi et zu der Invitatioun op Wien koum, wat d'konzeptuell an zeenographesch Erausfuerderunge vun der Ausstellung waren a wisou et wichteg ass, dass mat dëser Expo, déi och als Archiv funktionéiert, éischt Schrëtt a Richtung Geschichtsschreiwung vum Lëtzebuerger Design ënnerholl goufen.
    17 min
  • D'Bün fir politesch Messagen notzen?

    Zënter 30 Joer stinn d'Sportfreunde Stiller op der Bün a ware gëschter och am Atelier op Besuch. Am Gespréich mam Sänger Peter Brugger ass et ëm de Gebuertsdag gaangen, deen si als Band feieren awer och ëm déi politesch Verantwortung vu Kënschtler:innen gaangen.

    5 min
  • The Gentlemen: Vum britteschen Adel an d'Ënnerwelt
    Den Eddie ierft nom Doud vu sengem Papp net nëmmen den Titel an d'Familljenhaus, mee entdeckt och eng riseg Cannabis-Plantage op sengem Terrain. Onfräiwëlleg geréit hien esou an eng Welt vun Drogendealer a Gangsteren – an ëmmer méi déif an déi kriminell Geschäfter eran. „The Gentlemen“ verbënnt schwaarzen Humor, skurril Personnagen a Spannung am typesche Guy-Ritchie-Stil – an ass dobäi virun allem herrlech absurd.
    0 min
  • Filmkritik: "On sera heureux"
    Zwee homosexuell Flüchtlingen a Kanada, Liibesgeschichten a Loyalitéitskonflikter... Déi kanadesch Realisatrice Léa Pool weist an där Lëtzebuerger Co-Produktioun, wéi dat Intiimt an dat Politescht unenee gerode kënnen. En Kritik vum Michel Delage.
    9 min
  • Filmkritik: "The Social reckoning"
    Mat Hëllef vun enger Whistleblowerin deckt en Investigativ-Reporter op, wéi Facebook bewosst politeschen Extremismus gefërdert an domat déi amerikanesch Demokratie a Gefor bruecht huet. Dem Aaron Sorkin säi Polit-Thriller baséiert op de "Facebook-Files", de Revelatioune vun 2021 vum Wall Street Journal iwwer d'Praktike vun der Social media-Plattform.
    13 min
  • Steirischer Herbst
    Red Flags ass dëst Joer d’Thema vum steirischer Herbst, engem interdiziplinaresche Festival zu Graz. De Jeff Schinker war dohin – a bréngt eis seng Andréck mat.
    14 min
  • Raygun - Wann d'ganz Welt iwwert ee laacht
    Eng Australesch Breakdancerin hat 2024 op den Olympesche Spiller zu Paräis een Danz virgestallt, deen zum grousse virale Moment gouf. Méintlaang gouf iwwert d‘Rachael Gunn de Geck gemaach. An engem neien Dokumentarfilm erzielt si, wei si des Zäit erlieft hat. D‘Claire Barthelemy huet fir eis eragekuckt.
    5 min
  • Kämpferin fir d'Rechter vun all de Fraen
    Wéineg Perséinlechkeeten hunn am Frankräich vun der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert esou vill fir d’Rechter vun de Frae gemaach wéi déi politesch engagéiert Affekotin Gisèle Halimi. D'Journalistin Annick Cojean an d'Actrice Marie-Christine Barrault waren d'lescht Woch an der Abtei Neimënster fir en en Diskussiouns- a Liesowend iwwer déi grouss Feministin.
    D'Gisèle Halimi war och de Sujet vum leschte B-Radio.
    11 min
  • Optakt vum CinEast-Festival
    Um Mikro vum Michel Delage geet de Festival-Direkter Radek Lipka op e puer Héichpunkte vun der 19. Editioun an. Den Optakt ass dëse Freideg.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners