Eng Oper, déi d’Mënscherechter vertount, gekoppelt un eng zweet, déi an engem KZ entstanen ass an 1975 nei entdeckt gouf. Dat ass dem Stéphane Ghislain Roussel, den artisteschen Touche-à-tout hannert dem pluridisziplinäre Kreatiounsbureau PROJETEN, säin neien ambitiéise Projet, deen den Zuschauer vum European Convention Center bis an de groussen Theater mathëlt. Hannert "Zu Unsern Schwestern, zu unseren Brüdern" verstoppe sech d’Kreatioun "En vertu de..." an eng Mise en scène vum Victor Ullmann sengem "Der Kaiser von Atlantis". Ee spannenden Diptychon. Fir méi gewuer ze ginn, huet de Jeff Schinker haut de Stéphane Ghislain Roussel an de Kulturmagasinn agelueden.