Invité:e vum Dag

Invité:e vum Dag

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Invité:e vum Dag episodes

  • Fernand Kartheiser
    An der Chamber waren d'lescht Woch déi lescht ëffentlech Sitzunge virun der Summervakanz. An déi sinn nawell turbulent dohiergaangen. D'Paule Rodesch kuckt mam (Oppositiouns-)Deputéierte Fernand Kartheiser vun der ADR dorop zeréck. Weider Sujete sinn d'Reforme vun der Verfassung a vum Wahlgesetz.
    20 min
  • Marc Baum
    Gëschter war déi lescht ëffentlech Chambersëtzung virun der Summerpaus. Lues a lues wäert et elo méi roueg ginn, um politesche Plang - no äusserst turbulenten Deeg, op déi de Maurice Molitor mam (Oppositiouns-)Deputéierte Marc Baum vun déi Lénk zeréckkuckt. Et geet ëm Datebanke, Chamber-Kommunikatioun a Verfassungsreform.
    16 min
  • Claude Meisch
    Haut nach. A muer. Dann ass grouss Vakanz an der Schoul. E gudde Moment fir e Gespréich mam Educatiouns-Minister iwwer all déi nei Erausfuerderungen, déi d'Schoul meeschtere muss, iwwer säi Wëllen, méi ze dialogéieren wéi ze reforméieren, an iwwer d'Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff iwwer d'Studentebourssen.
    0 min
  • Sandra Cellina
    Et gesäit esou aus, wéi wann déi afrikanesch Schwéngspescht nach ëmmer net zu Lëtzebuerg ukomm wär: de Landwirtschaftsministère huet gëschter confirméiert, datt keent vun de siwe Wëllschwäin, déi Enn der leschter Woch bei der Juegd tëschent Lénger a Grass geschoss gi sinn, infizéiert war. Dat ass eng gutt Noriicht fir de Moment, mee keng Garantie fir d'Zukunft. Wéi geet et weider? Doriwwer ënnerhält de Maurice Molitor sech elo mat der Biologin Sandra Cellina aus der Naturverwaltung.
    15 min
  • Maggy Nagel
    De Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung 2020 an 2021 zu Dubai soll alles an allem 32 Milliounen Euro kaschten.
    Dës Expo an der gréisster Stad vun de Vereenegten Arabeschen Emirater dauert knapp sechs Méint. D'Visibilitéit vun de Lëtzebuerger Entreprisë soll verbessert ginn a Lëtzebuerg soll a senger ganzer Diversitéit gewise ginn, ass geplangt.
    Wat genee huet de Grand-Duché mat senger Präsenz op der Weltausstellung wëlles a wou sinn d'Virbereedungen drun? Doriwwer schwätze mir elo mat der Lëtzebuerger Generalkommissärin fir d'Expo 2020, mat der fréierer DP-Ministerin Maggy Nagel.
    De Serge Kesseler féiert duerch d'Gespréich.
    14 min
  • Horst Willkomm (Euro-Composites)
    160 Milliounen Euro wëllt den Industrie-Betrib Euro-Composites bis 2030 hei am Land investéieren. Am Haaptsëtz vum Grupp an der Industriezone zu Iechternach gouf viru knapp engem Mount eng deementspriechend Konventioun mat der Regierung, der Stad Iechternach a mat der Société nationale de crédit et d'investissement SNCI ënnerschriwwen.
    Wat produzéiert Euro-Composites iwwerhaapt a firwat wëllt de Betrib grad hei am Land seng Produktiounsanlage vergréisseren? Dat froe mir elo den Diplom-Kaufmann Horst Willkomm: hien ass Member vun der Direktioun vun Euro-Composites. De Serge Kesseler féiert duerch d'Gespréich.
    15 min
  • Luc Marteling
    Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch gouf zimlech genee virun engem Joer mam Gesetz fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch an d'Liewe geruff ginn. Deen Zenter soll
    sech ëm d'Lëtzebuerger Sprooch an d'Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg an ëm d'Promotioun vum Lëtzebuergeschen national an international bekëmmeren;
    d'Lëtzebuerger Sprooch, hir Geschicht, d'Dialekter, mee och de villsproochege Kontext dokumentéieren;
    Ausstellungen a Konferenzen, an och all Joer en nationalen Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur organiséieren.
    Den éischten Direkter vum Zenter erkläert, wéi hien un déi Aufgaben erugoe wëllt.
    19 min
  • Viviane Reding
    No nonzéng Joer Europapolitik - fofzéng dovun an der EU-Kommissioun a véier am Europäesche Parlament - ass d'Viviane Reding zejoert zréck op Lëtzebuerg komm. A si hat sécher net domat gerechent no de Wahle vum 14. Oktober 2018 als einfach Deputéiert um Krautmaart musse Plaz ze huelen. En eventuelle Retour an Europa war net méiglech, well déi nei CSV-Spëtzt mat enger personell erneierter Lëscht an d'Europawahle goe wollt. Wéi huet d'Viviane Reding déi lescht Méint erlieft?
    17 min
  • Roger Schauls a Marc Reiter
    "Eng Klappjuegd steet am komplette Géigesaz zum Déiereschutz an ass net méi zäitgeméiss". Där Meenung ass den Auteur vun der Petitioun fir ee gesetzleche Verbuet vun der Klappjuegd. D'Petitioun ass iwwermuer d'Thema vun engem ëffentlechen Debat an der Chamber. Wéi stinn Ëmweltorganisatioun a Jeeër-Federatioun zu esou engem méigleche Verbuet? Doriwwer diskutéieren de Roger Schauls vum Mouvement Ecologique an de Marc Reiter vun der Jeeër-Federatioun. Moderatioun, Françoise Keller.
    17 min
  • Roberto Mendolia
    Zanter Juni ass de Roberto Mendolia den neie President vun der ALEBA. Hien huet d'Successioun vum Roberto Scolati un der Spëtzt vun der Gewerkschaft fir Beschäftegter am Banken- an Assurancë-Secteur iwwerholl, nodeems deen aus gesondheetleche Grënn zeréckgetrueden ass. Wat sinn dem Roberto Mendolia seng Prioritéiten? A wéi soll d'ALEBA ënner him neien Opschwong kréien? Doriwwer schwätzt d'Françoise Keller mam Gewerkschaftler.
    12 min

About Invité:e vum Dag

From the publisher's feed

Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.

More shows like Invité:e vum Dag

5 vir 12 by RTL Radio Lëtzebuerg

5 vir 12

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Kloertext by RTL Télé Lëtzebuerg

RTL - Kloertext

0 Listeners

Kultur by Radio 100,7

Kultur

0 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Gëlle Fro by Gëlle Fro

Gëlle Fro

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners