Invité:e vum Dag

Invité:e vum Dag

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Invité:e vum Dag episodes

  • Taina Bofferding a Pierre Mellina
    Den Tornado vun e Freideg den Owend huet just e puer Minutten gedauert, mee déi betraffen Awunner vu Käerjeng a Péiteng wäerten nach Wochen oder esou guer Méint brauchen, bis si erëm ganz an d'Normalitéit kennen iwwer goen. Bis dohi kréie si vum Staat a vun hire Gemengen ënner d'Äerm gegraff. Wéi dat genee fonctionnéiert, dat erklären d'Inneministesch an de Péitenger Buergermeeschter.
    17 min
  • Winfried Heidrich
    D'Deeg vum Stadion op der Areler Strooss an der Stad si gezielt: An den nächste Jore soll hei en neie Wunnquartier entstoen. Mee e Grupp vu Bierger fäert, datt virun allem räich Immobiliepromoteuren un deem Projet wäerte verdéngen, während vill Bierger sech d'Wunnengen do net kenne leeschten. Wat wëlle si maache fir dat ze verhënneren? Dat freet de Rick Mertens ee vun de Grënner vun der Initiativ.
    11 min
  • Marie-Christine Ries
    De Lëtzebuerger Äerzbëschof seet, hie géif sech a senger Kierch méi Fraen op Entscheedungsposte wënschen. Wat ass sech vun der Annonce ze erwaarden? Dat freet de Rick Mertens d'Marie-Christine Ries. Als bëschooflech Delegéiert, ass si eng vun de wéinege Fraen, déi schonn e Responsabilitéitsposten an der Kierch huet.
    12 min
  • Peter Hengel
    E kräftegt Donnerwieder huet d'Iddi virun 110 Joer an d'Rulle bruecht: Nodeems hien am Schloree Problemer hat seng Schüler hannerwands ze bréngen, huet en dätsche Schoulmeeschter am Joer 1909 ugefaange sech dofir anzesetzen, datt bëlleg Herbergen fir Jonker geschafe ginn. Entstanen ass e weltwäit Netz vu Jugendherbergen, dat bis haut besteet - och zu Lëtzebuerg. Geet d'Konzept vun deemools och haut nach duer fir Gäscht unzelackelen? Dat freet de Rick Mertens den neien Direkter vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen.
    9 min
  • Paul Philipp
    Zanter dësem Weekend rullt de Ball nees am nationale Fussballchampionnat, mee vill Lëtzebuerger Nationalspiller sinn dovun net concernéiert - e groussen Deel vun hinne spillt nämlech mëttlerweil am Ausland. Wat seet dat iwwer dat national Championnat aus? Dat freet de Rick Mertens de President vun der Futtball-Federatioun.
    12 min
  • François Koepp
    Am Horesca Secteur zu Lëtzebuerg schaffe ronn 20.000 Leit an 2.900 Betriber - Hotellen, Restauranten a Caféen. Mee de Hotel Secteur steet an der Konkurrenz mat AirBnB. An d'Restauranten an Hoteller hunn et schwéier, Personal ze fannen. Doriwwer geet de Moie Riets mat eisem Invité vum Dag, dem François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca.
    17 min
  • Guill Kaempff
    Chantieren, ëmmer méi deier Loyeren, an d'Konkurrenz aus dem Internet maachen der Stater Geschäftswelt ze schafen. Mee handelt et sech ëm kuerzfristeg Problemer, oder mussen d'Geschäftsleit ëm hir Existenz fäerten? Dat freet de Rick Mertens de President vum Stater Geschäftsverband.
    9 min
  • Lydie Lorang
    No iwwer fënnef Joer Paus kéint de Bommeleeër-Prozess nei opgerullt ginn: De Parquet huet d'lescht Woch néng weider Männer inculpéiert. Heescht dat, datt elo Opklärung a Siicht ass? Dat freet de Rick Mertens d'Affekotin vum Jos Wilmes, dee schonn zënter iwwer zéng Joer an dëser Affär beschëllegt ass.
    12 min
  • Leo Wagener
    D'Chefetage vun der Lëtzebuerger Kierch gëtt personell verstäerkt: Den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich kritt deemnächst Ënnerstëtzung vun engem Weibëschof an engem zousätzleche Generalvikar. Firwat ass dat néideg? Dat freet de Rick Mertens den zukünftege Weibëschof.
    14 min
  • Georges Bach
    No zéng Joer am Europäesche Parlament huet de 64 Joer alen CSV-Europadeputéierten a Gewerkschaftler Georges Bach e Schlussstréch ënner seng politesch Carrière gezunn.
    Firwat huet hien dës Entscheedung geholl? Wéi eng Erfarungen huet hien tëschent 2009 an 2019 gemaach? A wéi gesäit hien d'Zukunft vun der Europäescher Unioun a wéi seng eegen Zukunft?
    Dat froe mir de Georges Bach. De Serge Kesseler féiert duerch d'Gespréich.
    14 min

About Invité:e vum Dag

From the publisher's feed

Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.

More shows like Invité:e vum Dag

5 vir 12 by RTL Radio Lëtzebuerg

5 vir 12

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Kloertext by RTL Télé Lëtzebuerg

RTL - Kloertext

0 Listeners

Kultur by Radio 100,7

Kultur

0 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Gëlle Fro by Gëlle Fro

Gëlle Fro

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners